Эпизоды
-
Obwuel mir probéieren, a Bezéiungen op Aenhéicht ze sinn, ginn et dacks Muechtënnerscheeder. Ob a Frëndschaften oder Koppelen, dacks sinn et Facteure wéi Alter, Suen oder Wëssen, déi fir Hierarchië suergen. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wéi si mat esou Hierarchien ëmginn a wat si maachen, fir se auszegläichen. Si diskutéieren net nëmmen iwwert ee finanziellen Ausgläich, mä och iwwert Fro, ob et méiglech ass, säin*seng Chef*in ze daten. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwert Chemsafe.
Wann Iech dës Episod gefall huet, deelt se mat aneren. Denkt och drun, eis op äre Podcastplattformen wéi Spotify oder Apple Podcasts ze followen an ze bewäerten. Dir kënnt eis och op Instagram, Tiktok, Facebook a Youtube followen.
-
An eisen Episoden ass munchen vun eise Nolauschter*innen bestëmmt schonn opgefall, dass mäer als Méi Wéi Sex Team d'lëtzeboier Sprooch heinsdo aanecht gebrauchen wéi se geleefeg benotzt gëtt. Mäer benotzen oft gendersensibel Sprooch, an adaptéieren d Sprooch domat zu eise Besoinen.
An dëser Episod schwätzen de Joël, den Elie an d*e Robin iwwer hire Sproochgebrauch an diskutéieren hir Usiichten. Och schwätzen si iwwer Pronomen, a wéi gendersensibel Sprooch a Pronomen am Lëtzeboieschen kënnen ëmgesat ginn.
An der Rubrik schwätzt Kelly doriwwer wéi een*t zum Orgasmus komme kann.
Robin erklärt firwat een*t den H-Slur net benotze sollt: Eng gutt Fro: Wat ass Intergeschlechtlechkeet?
-
Пропущенные эпизоды?
-
Ob an eisen Dreem, beim Masturbéieren oder einfach matzen am Dag – déi meescht vun eis hu sexuell Fantasien. Si kënne ganz harmlos sinn, si kënnen intrusiv sinn oder och esou komesch, datt mir se net wéilten ëmsetzen. An dëser Episod maachen sech d*e Robin, den Elie an de Joël op eng Rees an d'Onbewosstsinn a probéieren erauszefannen, wouhier eis Fantasien eigentlech kommen. Si schwätzen iwwert komesch Theorien, wéi gesellschaftlech Normen an eis ganz privat Fantasien andréngen an doriwwer, wéi si mat hire Fantasien ëmginn.An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Chemsex – net just fir all fir all déi, déi (nach keng) Fantasien doriwwer hunn.
-
Fir vill Mënschen ass eng Trennung, egal op vu Partner*innen oder Frën*dinnen, eng aschneidend Erfarung am Liewen - an oft eng Erfarung, mat däer net ëmmer jiddfereen*t gutt eenz gëtt. De Joël a Robin ginn an dëser Episod Tipps an Tricks wéi een*t mat enger Trennung eenz gi kann: vu schréiwen iwwer (net ze vill) schaffen, bis bei d Fro op Rebound Sex eng gutt Iddi ass. Och schwätze si driwwer, wéi een*t Frën*dinnen ënnerstëtze kann, déi grad duerch Trennungskrise ginn.
An der Rubrik gëtt Kelly en How To fir mat schwierege Gefiller eenz ze ginn.
Hei sinn aner Episoden, déi mäer schonn zum Thema Trennung opgeholl hunn:#87: Ende gut, alles gut? – Vu Schlussstrécher an aneren Enner#112: Kontaktpausen, Parkgespréicher an de leschte Sex – Wei kann een*t sech trennen?#146: De Kuerf kréien an de Kuerf ginn – Ee gudden Ëmgang mat Zréckweisung
Falls et guer net méi geet, kanns de der hei Ënnerstëtzung an Hëllef sichen:https://454545.lu/https://www.kjt.lu/de/https://www.kjt.lu/de/elterentelefon/https://www.prevention-suicide.lu/
-
Et ass ee ganz besonnesche Moment am Liewen, no deem alles aneschters ass: Déi éischte Kéier. Mä Moment emol, vu wat fir enger éischter Kéier schwätze mir iwwerhaapt? Wisou denke mir bei deene Wierder direkt u penetrativen Penis-a-Vagina-Sex? Eis Podcast*innen Joël, Robin a Lynn diskutéieren, ob hir „éischte Kéier“ iwwerhaapt hir wierklech „éischte Kéier“ wat an iwwerleeën sech, wéi d’Ausernanersetze mat der perséinlecher Geschicht dozou feiere kann, datt ee verschidde Momenter ëmdefinéiert. Ausserdeem schwätze mir iwwert deen éischte queere Sex, d’Sex-Olympiad a Jalousie op aneren hir éischte Kéieren. An der Rubrik erkläert eis den Elie, wat Sober Sex ass.Shownotes:Episod #125: Vun Zongen, Spaut an Puzzlestecker – éischt KussenEpisod #109: Wann et einfach net geet – Vaginismus
-
Fir eisen End of Season Event vun der 6ter Staffel hate mer net nëmmen zwee wonnerbar Workshops an eng Drag Show, mee mäer hunn och mat eiser wonnerbarer Community live eng Episod opgeholl!
Mir hu mat Iech driwwer geschwat, wat "queer" amfong ass, an hunn dobäi villfälteg Aspekter vun deem Thema beliicht (och mat Ärer Participatioun!). Si net-monogam a neurodivergent Mënschen inherently queer? Gëtt et amfong "d queer Community"? A wat ass eigentlech queere Sex?
An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Bindungsmusteren a Sex.
-
Et deet wéi, wa mir net gewollt ginn oder eng Persoun ënnerhalb vun enger Bezéiung eis zeréckweist. Dat Gefill ka mol méi schlëmm, mol manner grouss sinn. An dëser Episoden zielen d*e Robin an de Joël, wéi si domadder ëmginn a wat hir Tipps sinn, fir ze vermeiden, datt dat Gefill iwwerhaapt opkënnt. Mä net nëmme mir selwer kënnen ee Kuerf kréien, heiansdo si mir och an enger Situatioun, wou mir eng aner Persoun zeréckweise mussen. Och dat ass net einfach, vläicht esouguer méi schwiereg – mä och hei huet ären Liblingssexpodcast Tipps fir Iech! An an der Rubrik schwätzt den Elie doriwwer, wéi ee Business Meeting hëllefe kann, besser ze kommunizéieren. Vergiesst och net eisen Event de 6. Juli an de Rotonden, wou dir bei Workshops a bei enger Live-Opnam vun enger Episod kënnt dobäi sinn.
-
Schwangerschaft ass eng aschnéidend Zäit am Liewe vu ville Leit, déi sech fir Eltreschaft a Kanner décidéieren. Gläichzäiteg ranke sech vill Mythen ëm Schwangerschaft an ëm d Kierperen vu Mënsche mat Uterus. An dëser Episod erzielt d Paule dem Robin iwwer seng zwou Schwangerschaften, seng Gefiller rondrëm a wéi säi Kierper sech verännert huet. Och schwätzt hat un wéi seng Schwangerschaft seng Perceptioun vu sech selwer an der Welt an wéi seng Bezéiungen mat de Leit a sengem Liewen sech verännert hunn.
An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer de Mythos vum vaginalen Orgamus.
-
Fir déi meescht vun eis ass Sträit direkt mat onangeneeme Gefiller a Situatioune verbonnen: sech ublären, Beleidegungen, geklaakten Dieren a gebrachent Porzeläin. Mä dat muss net sinn, et kann een*t nämlech och konstruktiv streiden. Also esou, datt herno weder Teller nach Häerze gebrach sinn an een an enger Bezéiung weider kënnt. An dëser Episod erklären den Elie a Kelly, wéi si dobäi virginn, wourobber een*t wärend engem Sträit oppasse sollt a wat een*t duerno maache kann, fir erëm zou sengem Géigeniwwer an sech selwer ze fannen.
An der Rubrik geet et ëm een Thema, datt dir méi entspaant ugoe sollt: Den Elie erkläert eis, wéi een een Analplug benotzt.
-
Frënd*inneschaften si fir déi allermeeschte Mënschen e wichtegen Deel vun hirem (soziale) Liewen. Leider leede verschidde Faktoren an enger hetero- a mononormativer Welt dorun, fir eis Frënd*inneschaften heinsdo ze vernoléissegen. De Joël an d*e Robin schwätzen an eiser Episod doriwwer, wéi si hir Frënd*inneschafte gesinn - a firwat si queer net-monogam Frënd*inneschaften pfleegen, a wéi hir Queerness a Net-Monogamie déi Frënd*inneschaften stäerkt.
An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Spectatoring.
Shownotes:
Episod 57 iwwer Attraktioun
-
Et gi Momenter am Liewen, do huet een*t kee Sex. An dat net ëmmer ganz fräiwëlleg an och net ëmmer ganz glécklech. Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod doriwwer wat dat mat eis mécht a wat fir Grënn et ginn, kee Sex ze hunn. Si erzielen, wéi eng wichteg Erkenntnis dobäi hëllefe kann, eng Zäit ouni Sex ze akzeptéieren a wat fir Méiglechkeeten et gëtt, vir erëm méi Sex ze hunn – oder awer, wéi een*t Alternative fanne kann. An an der Rubrik erkläert den Elie eis, wat Intimpiercingen sinn a wat fir verschiddenen Zorten et ginn.
Interessant Links:MwS Episod #75 iwwert Dauer vu SexMwS Episod #69 iwwert AsexualitéitMwS Episod #126 iwwert DemisexualitéitCome As You Are vum Emily Nagoski
-
D*e Robin huet Angscht viru Kofferdéiwer - wéi dat?! Ganz einfach: d*e Robin benotzt e Koffer IUD zur Empfängnisverhütung, an dat säit 5 Joer. Während d'Thema Kofferspiral vun Zäit zu Zäit opkënnt, wësse vill Mënschen zimmlech wéineg iwwer dat awer scho relativ aalt Verhütungsmëttel - an oft nach manner iwwer seng néi Re-erfindungen! An dëser Episod freet de Joël d*e Robin aus: iwwer déi verschidde Formen vun der Verhütung mat Koffer, wéi sou e klenge Metalldrot amfong eng Schwangerschaft verhënnere soll an iwwer dem Robin seng Erfarungen mat dëser Verhütungsmethod.Dës Episod ass dann och Deel vun enger neier Serie iwwer Erfarungsberichter mat verschiddene Verhütungsmëttelen. Wann s du deng Erfarungen mat eis op der Antenn deele wëlls, da schréif eis op [email protected] oder kontaktéier eis iwwer social media. :)
An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Selbstkritik a kulturelle Kontext.
Shownotes:Infos iwwer d'KofferspiralKofferspiral fir jonk MënschenInfos iwwer d'KofferkettenInfos iwwer de KofferballDem Kelly seng Rubrik iwwer thermesch Verhütung
-
De mëttleren Alter ass berühmt-berüchtegt - a vill Leit kucken deem Ofschnëtt vum Liewen mat enger gewësser Angscht entgéint. Angscht, dass "déi gutt Zäiten" dann eriwwer sinn, Angscht virun kierperleche Verännerungen, virun engem Verloscht u Sexualitéit. An dëser Episod schwätzt Kelly mat engem ganz besonnesche Gaascht iwwer dëse Liewensofschnëtt: d'Sandra erzielt vu Bestietnisser, Kanner, Brëscht a Sex moies fréih.
An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer MDMA Koppel Therapie.
Shownotes:Podcast „I Weigh“ with Jameela JamilTED Talk: „The secret to mastering life's biggest transitions“ with Bruce FeilerEmily Nagoski „Come as you are“
-
Influencer*innen, Partien, esouguer Produiten: Et schéngt, wéi wa jiddereen*t a säi Cousin hautdesdaags sexpositiv wéilte sinn. A wärend déi eng vun de wonnerbaren Orgien erzielen, op deenen si waren, kréien déi aner FOMO, d'Fear of Missing Out. Mä wien decidéiert eigentlech, wat mir net „verpassen“ dierfen? An dëser Episod schwätzen de Joël an d*e Robin iwwert déi toxesch Säit vu Sex Positivity, iwwert déi esoteeresch an essentialistesch Weltbiller, déi sech dacks hannert engem sexpositiven Image verstoppen – an doriwwer, wéi mir selwer entscheede kënnen, wat mir net verpasse wëllen a wat schonn. A wann dir duerno nach net genuch entspaant sidd, schwätzt Kelly an der Rubrik iwwer Stress.
-
Et ass den 8. Mäerz, de feministesche Kampfdag! Passend zu dëser Occasioun schwätze mäer an dëser Episod iwwer d Geschicht a Géigewaart vum feministesche Kampf zu Lëtzebuerg. An d*e Robin ass dobäi net alleng, mee huet Ada vum Kënschtler*inne Kollektiv Richtung22 am Studio. Ada gëtt dann och e klengen Abléck an d Zukunft vun der lutte féministe am Land.
Shownotes:Megaphone.lu (Website an op Instagram)Fraendag.luBuch: Mit den Haien Streiten
-
Haut gëtt et politesch! De Joël an d*e Robin diskutéieren, firwat a wéi Sex a Sexualitéit politesch si kënnen, an och ob Sex ëmmer politesch ass. Wann s du heiere wëlls, wat Politik mat HIV, Kondomer an Hoer ze dinn huet a firwat dass eist Méi Wéi Sex Team kee Sex mat Nazis huet, da lauschter an dës Episod eran.
An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer ADHS a Bezéiungen.
Shownotes:Kontroversen ëm Fuck For Forest: Congress a Public Sex ControversyKriminaiséierung vu queere MënschenBeispiller vun ACT UPGran FuryInterview Iwwer Gran FuryGrujeleg Reklammen iwwer AIDS aus UK: hei an hei
-
Et ass gläichzäiteg een Tabuthema an ee vun deene meeschtgesichten Termen op Pornositen. Et kann een*t et mat Toys, mat Fanger, mat der Zong, mat engem Penis oder esouguer der ganzer Fauscht maachen. Riets ass vun Analsex. De Joël, den Elie an d*e Robin schwätzen ënnert anerem doriwwer, ob si léiwer Analsex oder Butt Stuff soen, wat een*t drun hënnere, kann et auszeprobéieren, wat fir wichteg Methoden et fir safer sex bei Analsex ginn an doriwwer, wéi gesond et ass, heiansdo am Aasch ze sinn.
An der Rubrik erkläert den Elie eis, wat Blue Balls sinn.
-
Firwat fënnt een Hënneren interessant oder attraktiv? Wéi gëtt de Pupes popkulturell präsentéiert? Wéi oft denkt een un den eegene Kickes? Wat formt eis Bezéiung zu eisem Dokes? A wat kann een alles mat Äersch maachen? Doriwwer schwätzen de Joël a Robin an dëser Episode. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer „How to: Complete Your Stress Cycle“.Links:- Guardian Artikel- 1001 Fesses Project
-
D'Joer 2024 huet ugefaangen, an dat kënnt fir vill Leit mat Neijoersvirsäz anhir! Vu dass Self Care momentan zimmlech e thing ass, ass dëst Konzept eise Podcaster*innen och als Virsaz duerch de Kapp gaang. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wat Self Care amfong ass, wéi se ausgesi kann a firwat si et net op hir Lëscht vun de Neijoersvirsäz gepackt huet.
-
Wien kennt et net? Et trëfft een*t sech mat enger Persoun, et ënnerhält een*t sech gutt an um Enn freet een*t sech: War dat elo een Date? De Joël, den Elie an Kelly probéieren an dëser Episod, dem Geheimnis op d'Spuer ze goen an ze klären, wat een Date ass. An well mir net bei de Basics ophalen, erziele mir dann och, wat ee gudden oder esouguer de perfekten Date wier. E puer Tipps fir gutt Locations an Aktivitéite fir äre nächsten Date gi mir iech och!
An der Rubrik schwätzt Kelly iwwert de Mythos vum Sexdrive.
- Показать больше