Эпизоды
-
An eisem Podcast “Drëtt Hallschent – De Sport Talk” ass dës Woch den Tom Habscheid Invité.
Am Podcast beim Rich Simon, erzielt den Tom Habscheid ënnert anerem, firwat hien Decisioun geholl huet fir ee Comeback ze maachen. Thema Inclusioun läit dem Bommstousser um Häerz an hie setzt sech vill dofir an, datt déi an den nächste Joren nach besser gëtt. Een zweete Comeback, huet hien an der Drëtter Hallschent kategoresch ausgeschloss. An d'Zukunft konzentréiert hie sech verstäerkt op de Kraaftsport. A Schottland hieft hien zum Beispill Steng an d'Luucht. -
Пропущенные эпизоды?
-
Dës Woch ass d'Christine Majerus eis Invitée am Podcast Drëtt Hallschent.
Mat 37 Joer, huet d'Christine Majerus de Vëlo un den Nol gehaangen. An der "Drëtter Hallschent", kuckt de Rich Simon zesumme mat der Grande-Dame aus dem Lëtzebuerger Cyclissem zeréck op eng eenzegaarteg Karriär. Wéi huet alles ugefaangen a wéi huet den Damme-Cyclissem sech an de leschte Jore verännert? Dat si Froen, déi beäntwert ginn. Am Podcast kuckt d'Christine Majerus awer och zeréck op déi manner schéi Momenter, déi et am Laf vun der Karriär goufen. Virun allem d'Accident vum Amy Pieters deet dem Christine Majerus nach ëmmer wéi. D'Ausnameathletin erzielt awer och, wat fir eng Bedeitung déi siwefach Auszeechnung zur Sportlerin vum Joer fir si huet. -
Dës Woch geet et am Podcast Drëtt Hallschent ënnert anerem ëm d'Karriär vum Cyclist Alex Kirsch.
Den Alex Kirsch ass dës Woch den Invité an der "Drëtter Hallschent". Am Gespréich mam Rich Simon, kuckt den 32 Joer ale Coureur zeréck op déi leschte Joren a wéi de Cyclissem sech verännert huet. Hie schwätzt iwwer seng Roll an der Ekipp a wéi hie sech mam Mads Pedersen versteet. An och d'Sécherheet am Peloton ass een Thema. - Показать больше