Bölümler
-
Manner Paperassen a manner Zäitverloscht bei administrativen Demarchen: Et klengt no enger villverspriechender Zukunftsvisioun. Mee kann dee Once only-Prinzip a senger Ëmsetzung den Erwaardungen och gerecht ginn? Dorëms geet am Interview vum Christiane Kleer mat der Ministesch fir Digitalisatioun.
-
Mir froen den Inneminister, wéi hien d'Gemenge wëllt fit maache fir déi geplangte Prozedurevereinfachung am Bausecteur ëmzesetzen, wéi et mat de Policekontrollen op der Grenz mat Däitschland weidergeet, an ob hie mengt, datt déi vill Kriticken an de leschte Méint him geschuet hunn. Duerch d'Gespréich féiert d'Christiane Kleer.
-
Eksik bölüm mü var?
-
Do wou si untrëtt kann ee mat engem Succès rechnen: esou liesen sech jiddefalls d’Walresultater vun der Liz Braz. Déi jonk Politikerin vun Esch huet d’lescht Joer aus dem Stand fir d’LSAP ee Mandat bei de Gemengewale kritt an e puer Méint méi spéit och eent an der Chamber. Bei den Europawale virun zwou Woche gouf si Zweet op der LSAP-Lëscht virun engem Mars di Bartolomeo, zum Beispill. Wéi mécht si dat, a wat mécht si domat? Dat freet d'Christiane Kleer d'Liz Braz.
-
Ëmmer méi Leit bekloe sech beim Ombudsman, well si vun enger staatlecher Verwaltung, enger Gemeng oder och engem Etablissement public net adäquat behandelt goufen. D’Claudia Monti an hir Ekipp waren d’lescht Joer mat enger Rekordzuel u Reklamatioune befaasst. Gëtt den Déngscht um Bierger ëmmer méi schlecht oder ass d’Ombudsman souzesoen Affer vun hirem Succès? Dat freet d'Christiane Kleer d'Claudia Monti.
-
Am Gespréich mam Maurice Molitor reagéiert de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP op dem Premier seng Ukënnegungen am Etat de la Nation.
-
De Maurice Molitor schwätzt mam Politolog vun der uni.lu iwwer d’Neiwalen a Frankräich an d’Resultater vun 2024er (Lëtzebuerger) POLINDEX-Étude.
-
Déi gréng Reaktioun op den Etat de la Nation. D'Deputéiert Sam Tanson äntwert op Froe vum Maurice Molitor.
-
Debriefing vun den Europawalen an Explikatiounen zum État de la Nation: Froe vum Maurice Molitor un den CSV-Staatsminister
-
Wéi geet et virun no den Europawalen? Froe vum Maurice Molitor un de fréieren Ausseminister
-
Am Studio sinn de Marc Angel (LSAP), de Charel Goerens (DP), de Christophe Hansen (CSV), de Fernand Kartheiser (ADR) an d'Tilly Metz (déi gréng). Moderatioun: Christiane Kleer
-
Iwwerschwemmungen, Bëschbränn, ze héich Mierestemperaturen - d’Konsequenze vun der Äerderwiermung maache sech iwwerall an Europa bemierkbar. Wéi soll d'EU de Klimawandel nach an de Grëff kréien?
Dat freet d'Christiane Kleer d'Martine Kemp vun der CSV, den André Marques vun déi Lénk, d'Nadine Do Carmo vun der Piratepartei an d'Tilly Metz vun déi gréng. -
An Zukunft brauch een 1.000 Ënnerschrëften méi, fir datt an der Chamber iwwer eng Petitioun diskutéiert gëtt. Mee firwat? Dat freet de Rick Mertens d’Presidentin vun der zoustänneger Kommissioun.
-
Wéi eng Roll huet d’Klimapolitik an der Campagne fir d’Europawale gespillt? A wéi eng Klimapolitik bräicht et an der EU? De Rick Mertens freet de Generalsekretär vum Europäeschen Ëmweltverband EEB.
-
An Däitschland ass déi europäesch Spëtzekandidatin vun de Liberalen eng vun de bekannste Politikerinnen. Wat wëllt si elo am Europaparlament areechen? Déi Fro stellt de Rick Mertens der FDP-Politikerin.
-
An den éischte Woche vum Europawalkampf gouf de sozialistesche Spëtzekandidat als ze zam kritiséiert. De Rick Mertens freet hien, wéi zefridden hie selwer mat senger Campagne ass.
-
Diskussiounsronn zum Theema Migratioun am Virfeld vun den Europawalen, mat Vertrieder vun LSAP, ADR, d’Bréck an déi Konservativ. Moderatioun: Maurice Molitor
-
De Maurice Molitor schwätzt mam CEO vun der ABBL iwwer d’Clôture vu Konte bei der ING an iwwer déi nei SPV-Initiativ vum Bankesecteur fir dem Wunnengsbau nees op d’Been ze hëllefen.
-
D’Ëmfroe soen de Gréngen a ville Länner grouss Verloschter bei den Europawale viraus. Ass den Negativtrend nach ze stoppen? De Rick Mertens freet déi europawäit Spëtzekandidatin.
-
Mam neie Generaldirekter vun der Police schwätzt de Maurice Molitor ë. a. iwwer lokal Police-Unitéiten a massiv Rekrutementer, iwwer Equipementer an Digitalisatioun.
-
Am Virfeld vun den Europawalen: eng Ronn mat Vertrieder vun dräi klenge Parteien, déi keng Aussiicht op e Sëtz hunn: VOLT, déi Konservativ a KPL. Moderatioun: Maurice Molitor
- Daha fazla göster