Bölümler
-
Influencer aus Lëtzebuerg? Kléngt fir d'Éischt emol verréckt, gëtt et awer. Den Beweis dofir ass eisen Gaascht vun dëser Folge, den Patrick Marques, deen eis ënnert anerem och nach all eenzelen Knachen am Kierper problemlos zum Baschten bréngen kéint. Hien ass nämlech Karateka an der Nationalekipp an huet virun der Pandemie fir Olympia trainéiert.
-
Wann een vum "T the Boss" schwätzt, verbënnt een domadder oft eng Lëtzebuerger Rap-Legend, déi schonn säit Joerzéngten net méi aus der nationaler Hip-Hop Zeen ewech ze denken ass. Mir hunn mat him an engem labberen Gespréich iwwert Gaming, seng Passioun fir den Fussballclub aus Barcelona, awer natierlech och iwwert Musek geschwat. Ech hoffen iech gefält dat sympathescht Gespréich genau esou gutt ewéi eis.
-
Eksik bölüm mü var?
-
Wat ass déi beschte Schlofpositioun? Déi erfollegräichsten Mënschen schlofen um Réck, den Daniel net. Ausserdeem sinn Tëntefësch an Tentakelen an der Diskussiounsronn vertrueden (nee keen Fetisch-Talk) an ongewéinlech Fakten iwwert Déieren. Mir kéinten engem T-Rex warscheinlech labber fort lafen, wat den Film Jurassic Park vill manner spektakulär wierken léisst. An zum Schluss ginn et erëm Film-Tipps, stay tuned.
-
Den Daniel setzt ouni säin Mikro am iwwerraschend vereenten Portugal, an huet sech 1Slip méi agepaakt, am Fall wou eppes an d'Box geet, wien kennt dat net? Alt wéinstens reesen mir net mat enger Läich am Gepäck... Dout sinn ënnert anerem och definitiv d'Fraerechter an der Tierkei, spéitstens nom rezenten Tëschefall mam Ursula von der Leyen.
-
Den CR7 war zu Lëtzebuerg op Besuch an huet just Verwüüstung hannerlooss, dat zumindest am Stade Josy Barthel. Wéi den Folgentitel et vläicht vermudden léisst, gëtt och an dëser Episod erëm mächteg op eisen Bildungssystem geknëppelt. Mir stellen eis och Legitimitéit vum Genderen a Fro, an baséieren eis op en Interview vum Prof. Dr. Richard David Precht géigeniwwer der "Welt".
-
GERSON RODRIGUES, DU DÄIWELSKÄREL!!! Wat hunn eis rout Léiwen een staarken Quali-Optakt an déi dach ganz ëmstridden WM am Katar dohin geluecht. Do kann een als Lëtzebuerger nëmmen houfreg sinn. Net sou houfreg ass dann wuel den Kapitän vun der "Ever Given", deen den hallwen Welt-Marché mat senger grandioser Aktioun lahm geluecht huet. Lahm geluecht ginn och elo Schnorrer-Accounts bei Netflix an schonn säit mëttlerweil 1 Joer den Kontakt ënnereneen, an dat stéiert virun allem eng Altersgrupp: déi Jugendlech. Déi versammelen sech trotzdeem, maachen Knascht an verbreeden den Virus. Mee wat vir een Choix hunn se ? Wat d'Episod méi laang gëtt, wat se méi asi gëtt, wéi dem Donald Trump seng Amtszäit.
-
De Mike zielt eis iwwert seng Erfarungen am Uespelter Schlass an doriwwer eraus gëtt iwwert dat ongeschriwwent Gesetz beim (Männer-)Pissoir geschwat; Männer, dir kennt dat all. An Holland ginn déi éischt Metadaten gesammelt wann Testpersounen sech an Concerts-Säll treffen, wien weess, villäicht kenne mir rëm gläich op een Otto Waalkes Optrëtt?! Des Weideren diskutéieren d'Lompekréimer hëtzeg iwwert d'Hierkonft vum Begrëff "Pappa" an wéini deen sech etabléiert huet. Eng reegelrecht Debatt gouf duerch dem Daniel seng Fro ausgeléist, op den Schoulsystem vun Grond op misst geännert ginn.
-
Mask vergiess? Mat bëssen Kreativitéit ass dat allerdéngs guer keen Probleem. Mir schwätzen och weider iwwert den geplangten Space-Hotel, deen 2027 an Betrib goen soll. Prokrastinatioun ass an dëser Folge och mat vun... oh komm, mir schreiwen de Recht en aner Dag.
-
Den Daniel ass zeréck aus der Schwäiz an ass begeeschtert iwwert déi erbaarmungslos Disziplin wat Corona-Mesuren ugeet. Den Mike wollt och goen mee dat kann en sech wuel elo ofschminken, well Lëtzebuerg ab dem 8. März erem als Risikogebitt gellt. Et huet eis déi traureg Noriicht erreecht, dass den Fausti gestuerwen ass. Zudeem gëtt iwwert en riiiiiiiisegen Skandal geschwat. Elektro Mobilitéit, an nohalteg Mobilitéit ass och en Thema. D'Impfcampagne ass an vollen Zich, leider schéngt et een vun der CFL ze sinn, well et leeft alles anescht ewéi ronn.
-
Den Super Bowl war mat dat langweilegst Event am Joer. Mir beusprochen mam "Mister Universe" an "Miss Universe" en geféierlechen Titel géigeniwwer dem onerfuerschten Kosmos an sengen eventuellen Bewunner. War et net en Dram vun eis all, eemol als Kand an engem Kafhaus agespaart oder vergiess ze ginn, an déi ganz Surface vir sech eleng ze hunn ? Alles dat an nach vill méi Wäisheeten ginn an dëser lëschteger Ronn diskutéiert.
-
D'Monica Semedo schéngt net méi grad esou frou, awer nach frou genuch vir ouni Partei am Europa Parlament setzen ze bleiwen. Den Mike fënnt eraus, dass den Daniel deen selwechten Musek Goût huet wéi hien an ginn sech géigesäiteg Film- an Serien-Tipps. An England gëtt et eng "Sportaart", bei där e puer Mënschen engem ganzen Kéis en extrem géien Hang erof nolafe. De Mike stellt Gretchenfrage : "Bal oder Disko". An dësen Zäiten wuel éischter Saufen Doheem. Mat Sex-Chats vun Fake Profiller loossen sech den Daniel an den Mike allerdéngs net lompen. Déi nächst Episod kennt op Grond vum Superbowl eréischt en Dënschden raus.
Wat ginn mir eis iwwerhaapt Méi ? Dat hei liest jo dach keen Schwäin. -
Den Joe Biden ass den 46sten amerikanesche President, mee op senger Vereedegung krut eng Persoun méi Opmierksamkeet vun/an den Medien wéi hien; den Bernie Sanders. D'DP Europa Deputéiert Monica Semedo iwwerrascht (net) alt nees mat Mobbing Virwërf vun der Extra-Klasse an entschëllegt sech, enfin...et erkläert. Elteren vun den Millennials droen eng Matschold un der iwwersensibeler Gesellschaft vun haut an dem grousszügegen Mëssbrauch vun der political correctness. Eis Virfaren haten wuel eng aner Virstellung vun der Zukunft, eist "Haut".
-
D'Gespréich leeft schonn fréi séier aus dem Rudder; et gëtt prinzipiell vill ze vill iwwert Eeër geschwat. Eis Fräizäit Komiker diskutéieren iwwert déi intellektuell Relevanz vun TikTok an déi domadder verbonnen Masseverblödung vun den Millennials. Den Jean "National" Asselborn huet sech et ferm mam Nach-Ausseminister vun den USA verspillt. Speaking of Masseverblödung: All selwer ernannten, onverstane Genie vun Corona Skeptiker huet mëttlerweil d'Recht eng Demo ze organiséieren an benotzen ouni Skrupel Kanner zu Werbezwecker. Vun komeschen Mënschen iwwert komesch Sportaarten gëtt an dëser Episod Quer durch den Garten gepléckt. Do dierf een Gespréich iwwert Pokemon natierlech net feelen.
-
An der éischter Episod vum Joer 2021 schwätzen mir iwwert den Elefant am Raum; déi nei (al) Corona-Mesuren, déi - wéi mir fannen, zu Recht op vill Kritik stoussen. An Amerika ass den Zenit vun der Dommheet duerch den vum Nach-President Trump via Twitter ugestëppelten Stuerm vum Kapitol definitiv erreecht ginn. Deen krut säin Twitter Account doropshin gespaart. Zum Schluss gëtt sech nach bësschen iwwert den Kleedungsstil an den Jargon vun eisem Nowuess opgereegt, déi Lompekréimer...
-
Dëst ass een spontanen an onpreparéierten Dialog tëscht eisen Alpha-Lompekréimer. Et war keen Chrëschtdag ewéi soss, an trotzdeem huet een dat Bescht draus gemaach. Do ronderëm zielen sech den Daniel an den Mike Geschichten an pralen mat Hallefwëssen.
-
D'Feierdeeg stinn virun der Dier an et gesäit esou aus, wéi wann d'Mesuren net wäerten gelackert ginn, au contraire. Chrëschtdag eleng, Silvester eleng, an keen Freedefeier. Den Tom Cruise dréint um Film-Set vum neien Mission Impossible duerch an scheit keng Käschten an Méi vir säin nächsten Film tatsächlech am All ze dréinen. Den Fazit vun enger schaarfer Analyse vun der aktueller Pandemie-Situation léisst sech duerch eng zäit ugepassten Floskel zesummefaassen : No der Kris ass net virun der Kris. Ah.. An Lëtzebuerger vum Joer gëtt wuel den Paul Philipp an héchstwarscheinlech net den Eric Rolgen.
-
Dem Daniel säin Hond huet Grouss an d'Trapenhaus vun der Residenz gemaach, soudass den Daniel een reegelrechten Shitstorm huet missen iwwert sech ergoen loossen. Am gläichen Kader stellen d'Podcaster fest, dass Trapen erop lafen guer net esou einfach ass an kennen net verstoen, dass Leit esou eppes fräiwëlleg als Sport bezeechnen. Ënnert anerem huet sech erausgestallt, dass et näischt gëtt, wat den Mike net kann an den Daniel warscheinlech am spéiden Alter un Alzheimer erkranken wäert, well en seng Gedanken net strukturéiert kritt. Een, deen definitiv keng hallef Saachen mecht ass den Jenke, deen säin Gesicht vir e puer Stonnen Fernsee Ënnerhalung geopfert huet. Natieleche däerf eng Revue vun den neien, scharf kritiséierten Corona-Mesuren vun der Regierung och net feelen. Den Sportcheck geet vun Fussball iwwert Boxen, NFL an Formel 1. Loosst iech näischt anescht zielen.