Bölümler
-
Et huet sech nawell vill Material an de leschte Wochen ugesammelt; sou ass dësen Episod Am Takt nawell schéin dekoréiert mat neier Musek, ënner anerem vun Tuys, vum Corbi a Sun Smash Palace. Eng gutt Portioun Jazz ass awer och programméiert; de Mateus Wojda ass de Projet Linq virstelle komm.
-
Folk, Rock an Hip Hop waren haut um Menü, gemëscht mat enger Portioun neie Lidder.
-
Eksik bölüm mü var?
-
Melancholeschen Alternative Rock vun Deep Dive Culture an eng Band déi einfach net vreckt ze kréien ass, Moof.
-
Mir hunn eis rëm duerch déi nei Releasen an der Lëtzebuerger Musekszeen geschafft a kruten och direkt dräi Live Performancen am Studio. Wat wëll ee méi?
-
Et war erëm en Owend voll mat neier Musek. Neits vum Pleasing, Esancy, Magnus & John a Misoley. Op Besuch waren den Damien Guidice an den Nik Benoit vu Boy From Home
-
No der Ouschtervakanz ass et um Méinden Owend erëm bësse méi haart gi bei eis um Radio.
-
Et sollt eng méi speziell Am Takt-Sendung ginn. Am Mëttelpunkt vun dësem Episod stoung d'Fra, nëmmen e puer Deeg nom internationale Weltfraendag. Dowéinst dann och eng KënschtlerIN am Interview, d'Barkissa.
-
No enger kuerzer Fuesvakanz si mir erëm do, dat och direkt mat zwee Invitéeën.
-
Zu New Orleans, do wou seng musikalesch Virléiften doheem sinn, huet de Steph Colling sech fir säin 2. Album inspiréiert. An deen ass elo endlech fäerdeg a kënnt dëse Freiden eraus.
-
Haut stoung d'Sendung ganz ënnert dem Pop-Stär, ënner anerem wéinst eiser Invitée vum Owend.
-
Et war eng Grëtz méi rau dës Kéier Am Takt.
-
Fir déi éischt Sendung vum Joer hu mir eng schéin Mëschung aus Pop-Folk a Reggae-Hip Hop um Menü.
-
Fir de lescht Sendung vum Joer hu sech The Tame and The Wild ugemellt. D'Grupp schléisst 2023 mam Titel Save Our Daughters iwwert deen dann och diskutéiert ginn a selbstverständlech hat de Flëpp d'Gittar, an d'Seja seng Stëmm jo souwisou, dobäi.
-
Eng instrumental Band, eng nei Sängerin an een internationale Grupp: dat steet um Menü op dëser éischter Episod am Dezember.
-
Leschten Episod fir de Mount November. 2 Artisten hate sech dës Kéier ugemellt; de Sacha Hanlet, bekannt duerch Mutiny On The Bounty an Them Lights, an de Francisco Fernandez vun The Ferocious Few.
-
Eng nei Single, eng nei EP an een neien Album - dat alles gouf den Owend "Am Takt" thematiséiert, gläich mat 3 Invitéeën.
-
2 Gäscht am Episod vum 13. November; eng Kéier mat engem Buch, déi aner Kéier mat enger Gei.
-
Falls den Titel nach keen Indiz war: et ass eng gutt gepaakten an diversifiéiert Sendung dës Kéier.
-
Nieft e puer Lidder déi an d'Course geschéckt goufe fir Lëtzebuerg d'nächst Joer zu Malmö beim ESC ze vertrieden, waren dës Kéier och Alfalfa an The Horse Blinders bis op de Kierchbierg komm.
-
Dës Kéier si mir e klenge Rock-Mix um Start, plus zwou Album-Releasen.
- Daha fazla göster