Bölümler
-
Dräi historesch Geschichten aus dem Minett:
De Rick Mertens geet op d'Sich no Spuere vun engem Opstand zu Esch, iwwer dee kee wollt schwätzen. Dir héiert awer och, wat d'Fraen an de 50er Joren um Radio ze soen haten, a wéi et wierklech war, an de Minnen ze schaffen. -
De Fuerschungsprojet Dancing Esch, deen am Centre for Contemporary and Digital History (C2DH) vun der Uni Lëtzebuerg gemaach gëtt, probéiert tëschent Archivfuerschung an Histoire orale de ganze Räichtum an d'Komplexitéit vun dëse populäre Festlechkeeten ze dokumentéeiren. Et geet drëm d'Geschicht vun der Sozialitéit an der Fräizäit, vun de Gebräich an der Intimitéit, an och déi vum Kierper an de Sënner ze entdecken, an enger Grenzstad, déi geschafe gouf duerch d'Stolindustrie an d'Migratioun.
Vun der Zäithisorikerin Laura Steil -
Eksik bölüm mü var?
-
Viru genee 80 Joer huet eng Zeremonie zu Éiere vun de Lëtzebuerger Fräiwëlleger an der Däitscher Arméi stattfonnt. 1.500 vun hinnen hate sech gemellt, esouvill wéi néierens an den annektéierte Westgebitter. An trotzdeem war de Gauleiter Simon frustréiert. Zu deem Zäitpunkt wousst hien nämlech, datt de Militärdéngscht ganz geschwë géif ageféiert ginn. Eng Chronik vum Vincent Artuso
-
D'Regierung huet d'Institut fir Zäitgeschicht vun der Universitéit Lëtzebuerg (C2DH) mat engem Fuerschungsprojet zur Kolonialgeschicht vum Land beoptraagt. Déi kolonial Verflechtunge vu Lëtzebuerg si bei Wäitem net komplett opgeschafft. D'Brisanz, ee feelend Problembewosstsinn, mee och d'Noutwennegkeet vun der Thematik weist sech an der aktueller Diskussioun. E globalhistoresche Bléck, deen iwwer een nationalgeschichtleche Paradigma erausgeet, kann ee wichtege Beitrag fir eis haut leeschten.
Dozou dës Chronik vum Kevin Goergen, Doktorand am Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C2DH), deen zur Kolonialgeschicht vu Lëtzebuerg fuerscht.
-
Die virtuelle Ausstellung erzählt auf spannende Weise 22 Geschichten über die Industrieregion im Süden Luxemburgs: mit Hörspielen, Comics, Dokumentarfilmen, Videoessays, interaktiven Karten und historischen Essays. Hierzu eine Zeithistoriker-Chronik von Stefan Krebs von der Uni Luxemburg
-
Viru bal 100 Joer huet dee bekannten däitschen Urbanist Josef Stübben e Staderweiderungsplang fir Esch-Uelzecht entwéckelt an den Challenge opgeholl aus dëser Industriestad eng gréng Stad ze maachen. Säi Plang huet net nëmmen d'Urbaniséierung vun Esch zanterhier geprägt, mee ass an Zäite vu Klimakris nees brandaktuell.
Eng Expo am frësch ageweite Bridderhaus invitéiert dozou de Stübben-Plang vun 1925 unhand vum Original nei ze entdecken. Dozou déi haiteg Chronik vum Zäithistoriker Denis Scuto -
D'Erënnerung un eng fantasméiert Resistenz verdeckt d'Komplexitéit vun der tatsächlecher, historescher Befreiungsbeweegung. Déi war politesch extreem divers an huet och Stréimungen ëmfaasst, déi haut populistesch géife genannt ginn. Eng Chronik vum Vincent Artuso
-
Zwee amerikanesch Intellektueller hunn dat fäerdegbruecht wat déi meescht Leit vun Historiker erwaarden; duerch hir Kenntnisser vun der Vergaangenheet hunn si et fäerdegbruecht d'russesch Invasioun vun der Ukrain virauszegesinn. Mee fir de Rescht sinn se sech nët eens. Deen ee mengt d'Nato géif d'Haaptschold droen, deen aneren d'Russen.
-
Et kënnt net dacks vir, datt e Sportssite op den Inventaire vun den nationale Monumenter gesat gëtt. Dat ass, ganz verdéngter, mam Stade du Thillenberg vun de Fussballspiller vun der Red Boys zu Déifferdeng geschitt. Den 100. Anniversaire vum Terrain ass gëschter (21.5.22) op enger Séance académique am Hall O, net wäit ewech vum Thillebierg, gefeiert ginn.
Dozou den Zäithistoriker Denis Scuto -
Am Mee 1945 sinn d'diplomatesch Bezéiungen tëschent Lëtzebuerg an Italien erëm opgeholl ginn. Domadder goung eng Period zu Enn, wäerend déi d'Italiener zu Lëtzebuerg kollektiv wéi Feinde betracht gi waren.
-
Den André Folmer war en Drecksak, ee vun de gréissten, déi jee am Land op d'Welt koumen - an dat an enger Zäit, wou d'Drecksäck um Fliissband produzéiert goufen. Dëse Lëtzebuerger war ee vun den Top-Spioune vun Nazi-Däitschland am besate Frankräich. Hien huet Honnerte vu Leit verroden, ass dobäi och nach steeräich ginn an ass zum Schluss vu sengem Liewen friddlech a Bayern gestuerwen. De Vincent Artuso mat Hannergrënn
-
Die Multimedia-Ausstellung "Remixing Industrial Pasts: Constructing the Identity of the Minett" in der Massenoire auf Esch-Belval beschäftigt sich u. a. mit der Unsichtbarkeit und Stereotypen zur Geschichte der Frauen im Minett im 20. Jahrhundert. Hierzu eine Zeithistorikerchronik von Julia Harnoncourt und Denis Scuto von der Uni Luxemburg
-
Am Fréijoer 1942 huet den Dante V. Paräis verlooss - diskreditéiert, mee steeräich. Deen italo-lëtzebuergeschen Geschäftsmann war zwee Joer virdrun an der franséischer Haaptstad ukomm. En hat do eng Firma gegrënnt, déi den Optrag hat d'Produkter opzedreiwen déi d'Krichsindustrie vum Drëtte Räich onbedéngt gebraucht huet. Am besate Paräis huet en Geschäftsleit, Gangsteren, a Collaborauteuren frequentéiert. Hien selwer war e bëssche vun all deem. Dat gouf em zum Verhängnis.
-
Zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain ass d'Suerg och grouss ëm déi ganz akademesch Welt, ëm Fuerscher a Fuerscher-innen, Studentinnen a Studenten an der Ukrain. Vill vun hinne fäerten ëm hiert Liewen oder sinn op der Flucht. Déi russesch Invasioun zerstéiert Mënscheliewen, mee och Fuerschungszenteren, Bibliothéiken, Archiven, Monumenter. Si ass och eng Attack op d'wëssenschaftlech Kooperatioun tëschent europäesche Länner. Dozou den Denis Scuto
-
D'" Russesch Grippe " war déi éischt eigentlech Pandemie. An den 1890er Joeren huet se, Well no Well, all Kontinent getraff. Nodeems se laang Zäit aus der Erënnerung verschwonne war, gouf se, wéinst hire Gemeinsamkeeten mat der haiteger Corona-Pandemie, erëmentdeckt. Rezenten Etüde no, gouf se nämlech vläit och vun engem Corona-Virus ausgeléist.
-
In Europa ist ein Angriffskrieg ausgebrochen. Der Angriff auf einen souveränen und demokratischen Staat stellt einen Verstoß gegen das Völkerrecht dar. In einer Rede vom 24. Februar 2022 nimmt Wladimir Putin, Präsident der Russischen Föderation, die Vergangenheit zum Anlass, den souveränen Staat Ukraine anzugreifen. Neben machtpolitischen Argumenten wie der Bedrohung durch die NATO wird die historische Vergangenheit der Ukraine und Russlands instrumentalisiert, um Putins politisches Handeln zu rechtfertigen. Die Historikerinnen der Universität Luxemburg, Johanna Jaschik und Nina Janz, verurteilen diese Falschaussagen und Putins freie Geschichtsinterpretation aufs Schärfste.
-
An Europa ass erëm Krich, an op all Säit gëtt erëm de Geescht vum Zweete Weltkrich invoquéiert. D'Fro stellt sech, ob eis Erënnerung d'Konflikter net éischter undreift, wéi verhënnert. Fir seng Aggressioun op d'Ukrain ze rechtfertegen, erkläert de Wladimir Putin, zum Beispill, datt en e Genozid an eng Resurgenz vum Nazismus wëllt verhënneren. Dat geféierlechst dobäi ass, datt hien dat warscheinlech och zum Deel gleeft. Eng Chronik vum Vincent Artuso
-
Am zweeten Ulaf hat et geklappt. Esch an d'Südregioun kruten am November 2017 den Titel Europäesch Kulturhaaptstad 2022. Mat enger neier Thematik, "Remix culture". De radio 100,7 rediffuséiert eng Chronik dozou vum Zäithistoriker Denis Scuto vum 16. November 2017, déi ëmmer nach aktuell bleift, mat e puer méi perséinlechen Iwwerleeungen zum historesche Wandel vum Bassin minier, fréier, haut an den Erausfuerderungen vun Esch2022, d'Kulturjoer, dat an enger Woch offiziell start.
-
Eis Erënnerungskultur huet sech an de leschte Jore staark verännert. Wat bliwwen ass, ass déi magesch Wierkung, déi mir Zäitzeieberichter zouschreiwen. Vun hinnen erwaarde mir, datt se eis Gesellschaft géint d'Geschicht immuniséieren. Mee dat kann net goen, well d'Geschicht sech ni zweemol identesch widderhëlt a well Zäitzeieberichter selwer just vergänglech Konstrukter sinn. Eng Chronik vum Vincent Artuso
-
Et gëtt wéineg historesch Evenementer an der Lëtzebuerger Geschicht, déi esou gutt wëssenschaftlech opgeschafft sinn, wéi de sougenannte Klëppelkrich, virun allem duerch d'Aarbechte vum Gilbert Trausch. Trotzdeem erlaabt sech eng populistesch Partei grad dëst Evenement fir nationalistesch Propagandazwecker ze detournéieren. Dozou den Zäithistoriker Denis Scuto
- Daha fazla göster