Episoder
-
De Lukas Grevis gĂ«tt Vollgas. DĂ©i meescht schwĂ€tze vill an tĂ©inen dĂ©ck â wĂ€rend de Lukas einfach mĂ©cht. Mat 25 Joer huet hie schonn seng Ă©ischt 2 Feature Filmer an der KĂ«scht! Dat muss ee mol fĂ€erdeg brĂ©ngen.
Den éischte Film, "D'Land am Schiet" (am Optraach vu Respect.lu) ass eng Etude iwwert eng Gesellschaft déi sech radikaliséiert. Fir sÀin zweete Film, e Roadmovie, huet de Lukas mat quasi null Budget seng jonk an hyper-motivéiert Crew queesch duerch ganz Europa geleet.
Wat no baussen immens inspiréierend wierkt, huet awer sÀi PrÀis. De Lukas huet geléiert heiansdo e Gang erof ze schalten, an sech net fir seng Passioun selwer ze zerstéieren.
"D'Land am Schiet" Trailer:
https://youtu.be/gLEJ1YbuKhQ
Lukas Grevis Vimeo Channel:
https://vimeo.com/user37476509
Hosts: Ămile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der ĂnnerstĂ«tzung vum MinistĂšre de la Culture -
HOLLYWOOD SERIES
An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschloen huet.
De Jerry Franck ass ee vun deene wéinege Lëtzebuerger, déi et bis bei d'Oscars gepackt huet! 2016 war hie bei den Academy Awards mat sengem "Chau Beyond the Lines" fir beschten DokumentÀr Kuerzfilm nominéiert. Ugefaang huet beim Jerry awer alles als Steadycam-Operator.
De Jerry erzielt eis wéi et war iwwert de rouden Tapis gejot ze ginn; wéi hien seng Léift zu belschem Béier an en erfollegrÀiche Film verwandelt huet; a wéi et war mam James Franco a Will Ferrell FÀnkches ze spillen!
Hosts: Ămile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der ĂnnerstĂ«tzung vum MinistĂšre de la Culture -
Manglende episoder?
-
HOLLYWOOD SERIES
An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschlo huet.
D'Standup Comedian & Schauspillerin Anne Klein huet seng siwe Saache gepak an ass op Los Angeles geplĂ«nnert fir sengem Dram nozegoen. D'Anne fĂ€ert nĂ€ischt. Obwuel hatt vun sech selwer behaapt schei an onsĂ©cher ze sinn, klĂ«mmt hatt Owend fir Owend op d'BĂŒn fir seng Ăngscht ze iwwerwannen. Well Standup a Live Improvisatioun, si warscheinlech dĂ©i zwou "schlĂ«mmsten" Disziplinnen dĂ©i sech eng schei an onsĂ©cher Persoun ka raussichen.
D'Anne huet dĂ©i bewonnerenswĂ€ert FĂ€egkeet, sech Ă«mmer nees raus aus senger Comfort Zone ze katapultĂ©ieren . Wou hatt dee Courage hierhĂ«llt â a wĂ©i schwĂ©ier et ass op LĂ«tzebuergersch witzeg ze sinn â dat verrĂ©it eis d'Anne an dĂ«sem GesprĂ©ich. A mir hu gutt gelaacht... wĂ©i een sech ka virstellen!
Hosts: Ămile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der ĂnnerstĂ«tzung vum MinistĂšre de la Culture -
HOLLYWOOD SERIES
An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschloen huet.
Als Regisseur an VFX (visual effects) Kënschtler, ass de Jeff Desom e reegelrechten Zauberer, mat engem Talent fir Biller, déi engem am GedÀchtnis bleiwen. Zënter méi wéi 10 Joer ass LA dem Jeff sÀin Doheem, wou hie mat groussen Nimm zesummeschafft.
De Jeff erzielt wéi alles ugefaangen huet, wéi hien als Teenager mam Vicky Krieps éischt Erfarungen als Schauspiller gesammelt huet; wéi hie mat e puer Kolleegen d'visuell Effekter fir den Oscar-Gewënner "Everything Everywhere All At Once" gebastelt huet; a wéi de Medium Film sech an Zukunft wÀert verÀnneren.
Hosts: Ămile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der ĂnnerstĂ«tzung vum MinistĂšre de la Culture -
HOLLYWOOD SERIES
An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschloen huet.
Eisen éischte Gaascht ënnert dem Hollywood Zeechen ass den Illusionist David Goldrake, en Entertainer par excellence. Mat enormer Selbstdisziplin a Fokus huet hie sÀi ganzt Liewe kompromësslos senger Konscht verschriwwen.
Mir schwĂ€tzen iwwert seng EntwĂ©cklung als KĂ«nschtler, wĂ©i sĂ€in Dram vun enger eegener Show zu Las Vegas sech verwierklecht huet, a wĂ©i seng "SynĂ€sthesie" hien zu neien Tricker inspirĂ©iert. Den David scheit net zrĂ©ck fir och iwwer onconfortabel Themen ze schwĂ€tzen, wĂ©i Alteren an Doud â an dat Accident, dat hien dĂ©if geprĂ€gt huet.
Hosts: Ămile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der ĂnnerstĂ«tzung vum MinistĂšre de la Culture -
D'Eileen ass mat vill Leidenschaft op senge Filmsets derbÀi, wou hatt och kee Problem huet heiansdo mol Emotiounen ze weisen. Wat anerer als eng SchwÀcht ugesinn, emfënnt hatt als eng StÀerkt. Et soll een sech net hannert enger Fassad vu Keelt a falscher HÀert verstoppen.
D'Eileen kennt frĂ«sch vum Set vu sengem Ă©ischte Feature Film, der Verfilmung vum dĂ€itschen Erfolgsroman "Marianengraben". Hatt verrĂ©it eis wat hatt an dĂ«ser stresseger mee wonnerschĂ©iner ZĂ€it gelĂ©iert huet â wat ee Schauspiller op kee Fall soll soen â an wisou trotz Studenten-Oscar Ă«mmer nach eng Imposter-StĂ«mm heiansdo dertĂ«schent pĂ«spert.
An DÀitschland huet d'Eileen eng Beweegung gegrënnt, déi sech fir eng besser Ennerstetzung vu jonke Filmemaacher a couragéierte Produktiounen asetzt. Et wier eng traureg Welt, wann des Filmer net géifen entstoen. Dofir Merci, Eileen!
Hosts: Ămile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der ĂnnerstĂ«tzung vum MinistĂšre de la Culture -
D'Magaly Teixeira ass eng spannend KĂ«nschtlerin mat ville Facetten. Ugefaang huet alles mam Danz. An zwar net den ĂŒbleche Ballet- oder Hiphop-Unterrecht. Nee, beim Magaly war dat op engem ganz aneren Niveau! Mee och Gesang spillt a sengem Liewen eng wichteg Roll. Wann hatt mat senger Fado-Band optrĂ«tt, fillt hatt sech senge portugisesche Wuerzele ganz no.
Och wann een d'Magaly als EnergiebĂŒndel bezeechne kann, deem seng positiv Ausstralung ustĂ©cht, wĂ«ll dat net heeschen, dass hatt net och dĂ©i schwiereg Phase kennt, wann den Applaus bis verklongen ass. Dann dauchen â grad wĂ©i bei all KĂ«nschtler â och bei him DĂ€monen op.
D'Magaly schwĂ€tzt mat vill Passioun iwwert de Beruff vum Schauspiller, mee erzielt grad sou offen iwwert dĂ©i negativ Gefiller, Zweifel an Ăngscht, dĂ©i mat dĂ«sem Liewensstil verbonne sinn. En Thema, wat oft Tabu ass.
Hosts: Ămile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der ĂnnerstĂ«tzung vum MinistĂšre de la Culture -
WĂ©i d'Amdandine Klee als Teenager dĂ©i Ă©ischte KĂ©ier eng Kamera op der SchĂ«ller hat, stoung fir hatt seng Beruffung fest. Als Frontfra vun enger Rockband war eigentlech Musik seng Ă©ischt Passioun â wat haut e groussen Afloss huet op seng ManĂ©ier Biller ze komponĂ©ieren.
Als eng vu wéinege Kamerafraen an dësem mÀnnlech-dominéierte Beruff, huet d'Amandine fréi geléiert sech duerchzebÀissen, a setzt sech haut als erfollegrÀich DP an, GlÀichheet an Akzeptanz um Filmset eng Normalitéit ze maachen.
An dĂ«sem inspirĂ©ierende GesprĂ©ich potere mer mam Amandine iwwer d'QualitĂ©iten dĂ©i en DP muss matbrĂ©ngen â wĂ©i een trotz klenge MĂ«ttele grousse Kino maache kann â a wisou et nach Ă«mmer bĂ€i WĂ€item net genuch Fraen hannert der Kamera gĂ«tt.
Hosts: Ămile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der ĂnnerstĂ«tzung vum MinistĂšre de la Culture -
De Félix Koch ass deene meeschte Lëtzebuerger als d'Regietalent hannert dem SuccÚs vum "Superjhemp Retörns" bekannt. SÀi Kachkéis-gedriwwene Superhelden Epos huet 2018 fir vill gutt Stëmmung an de Lëtzebuerger Kino's SÀll gesuergt.
Als Regieassistent vum Michael "Bully" Herbig ugefaangen, ass de FĂ©lix zĂ«nter 2007 an der Film & TV Branche aktiv. Nom Superjhemp, huet hie Regie fir d'ARD Serie "GroĂstadtrevier", an d'RTL Actionfilmer "Balko-Teneriffa" gefouert. Hie weess also wĂ©i dat leeft, wann op engem Filmset geballert gĂ«tt!
WĂ©i een effizient schafft, seng Visioun trotz Stress an ZĂ€itdrock duerchsetzt â a wat ee mĂ©cht wann den Haaptschauspiller sech e Messer duerch d'Hand stĂ©cht â dat verrĂ©it eis de FĂ©lix eis an dĂ«ser Episod!
Hosts: Ămile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der ĂnnerstĂ«tzung vum MinistĂšre de la Culture -
Et ginn net all ze vill Leit zu Lëtzebuerg déi nach nÀischt vum Tommy Schlesser héieren hunn. Zënter sengem Debut als professionelle Schauspiller an der Sitcom "Comeback" (2012) huet sÀi Wee hien an international Produktioune queesch duerch d'Welt gefouert.
Mee wĂ©i huet alles beim Tommy ugefaang? Als Kand huet hie schonn mat sengem Brudder (eisen Host, Ămile V. Schlesser) Ă©ischt Filmer gemaach. DĂ©i si schliisslech Ă«mmer mĂ©i grouss an Ă©iergĂ€izeg ginn, bis de Wonsch sĂ€i Liewen dĂ«ser Passioun ze widmen, net mĂ©i ze ennerdrĂ©cke war.
Den Tommy erzielt eis wéi schwéier et heiansdo ass als Schauspiller d'Familljeliewen an de Beruff ënnert een Hutt ze bréngen; wéi hie virun engem Dréi zum "Rodeo-Stéier" gëtt; a wat mengt den Tommy eigentlech, wann hie seet hie wier "am Tunnel"?
Hosts: Ămile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der ĂnnerstĂ«tzung vum MinistĂšre de la Culture -
(SPOILER!)
Ugefaangen huet alles mam Sport. De Schauspiller Timo Wagner hat eigentlech schonn de Wee vum Leeschtungssport ageschloe, wĂ©i et hien et op d'BĂŒn a virun d'Kamera gezunn huet. WĂ©i sech rausstellt hunn dĂ©i zwou Welten awer vill mĂ©i gemeinsam wĂ©i ee mengt.
Zur ZÀit ass den Timo um groussen Ecran am spektakulÀre "LÀif a Séil" ze bewonneren. Eng mysteriéis Roll, déi hie bis an de klengsten Detail virbereet huet. Wéi enge kierperleche Strapazen huet hie sech frÀiwëlleg ausgesat fir dës Roll? A wat ass en absolutten No-Go an der Kommunikatioun mam Regisseur?
Dat, a villes méi, verréit eis den Timo Wagner an dësem intime Gespréich.
Hosts: Ămile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der ĂnnerstĂ«tzung vum MinistĂšre de la Culture -
(SPOILER!)
De Jacques Molitor huet net nëmmen e grousst Filmwëssen, mee mat zwee Feature Filmer och genuch Erfarung fir iwwer d'Handwierk vum Regieféieren an seng Schwieregkeeten ze schwÀtzen. Mat sengem neie Film "Kommunioun" (Wolfkin) liwwert de Jacques e spannende Genre-Mix: Horror, Coming-of-Age an Social Drama. Eppes, dat ee bis haut nach net am Lëtzebuergesche Kino ze gesi krut.
De Jacques erzielt eis wĂ©i hien d'Erausfuerderung gemeeschtert huet, mat enger komplizĂ©ierter Diva ze schaffen â engem richtege Wollef.
Merci un Les Films Fauves fir d'Clips.
Hosts: Ămile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der ĂnnerstĂ«tzung vum MinistĂšre de la Culture -
(SPOILER!)
Mat engem LĂ«tzebuerger Western, dem spektakulĂ€re LĂ€if a SĂ©il, liwwert de Regisseur Loic Tanson sĂ€in Ă©ischte Feature Film. Poetesch, brutal an eng immersiv Rees an eng vergaangen Epoch.No jorelaanger Erfahrung als Filmkritiker huet de Loic de Sprong op dĂ©i aner SĂ€it gewoot. DrĂ€i Kuerzfilmer an e puer Dokumentairen hunn hien op dĂ«se grousse Projet virbereed â dĂ©i opwĂ€nnegst an deierste LĂ«tzebuerger Produktioun bis dato.
De Loic verrĂ©it eis wĂ©i hie mat senge Schauspiller "schafft", wat ee mĂ©cht fir sĂ€in Team zesummenzeschweessen â a wĂ©i ee bluddeg Szenen realistesch an effektiv Ă«msetzt!
Merci u Samsa Film fir d'Clips.
Hosts: Ămile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der ĂnnerstĂ«tzung vum MinistĂšre de la Culture -
Als éischt Episod féiere mer mol e SelbstgesprÀch. An zwar mat eisem eegenen Host, dem Fabien Colas.
De Fabien ass zu Lëtzebuerg gebuer, an huet sech iwwert déi lescht 10 Joer zu Hollywood eng KarriÀr opgebaut. Als Produzent vu Music Videos huet hie scho mat Artiste wéi dem Miley Cyrus, Christina Aguilera, Lil Wayne oder dem ASAP Rocky zesumme geschafft. Obwuel hien sech zu Los Angeles niddergelooss huet, zitt et hien ëmmer nees zréck heem op Lëtzebuerg.
An dësem éischten Talk verréit hie wéi de verréckten Alldag op esou grousse Produktiounen ausgesÀit. Wat huet hie schonn alles mat exzentresche Stars erlieft? A wiem géif hie gÀr mol eng Kéier am Lift begéinen?
Hosts: Ămile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der ĂnnerstĂ«tzung vum MinistĂšre de la Culture -
35M Elevator Pitch ass e Podcast iwwer d'Léift zum Film, an alles wat mat der Magie vum Kino ze dinn huet. Och wa mir eis op d'Filmindustrie zu Lëtzebuerg fokusséieren, wëlle mir eis awer net just op eis Heemecht begrenzen.
All Episod invitéiere mir eng Perséinlechkeet aus Film & TV, fir am Detail iwwert hier Konscht an de Beruff vum Filmemaachen ze poteren. Mir wëllen e Bléck hannert d'Kulisse frÀiginn, Anekdote vum Set erhaschen, an aus Erfarunge léieren. Wat fléisst alles an d'Entstehung vun engem Film? Wéi baut een eng KarriÀr an dëser Industrie op? Wéi gëtt ee mat deene verschiddenen Challengen eens?
A wie wëllen eis GÀscht emol am Lift treffen?
De Fabien Colas & Ămile V. Schlesser hunn zesummen d'Produktiounsfirma 35M Films gegrĂ«nnt a schaffen zĂ«nter 2012 als Produzentenâ a Regisseuren Duo. Als passionĂ©iert Filmemaacher hunn den Ămile & Fabien decidĂ©iert e Podcast iwwer hier Leidenschaft ze kreĂ©ieren. Eng Idee, dĂ©i scho laang an hire KĂ€pp gebrodelt huet.
Hosts: Ămile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der ĂnnerstĂ«tzung vum MinistĂšre de la Culture