Bölümler
-
HOLLYWOOD SERIES
An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschloen huet.
De Jerry Franck ass ee vun deene wéinege Lëtzebuerger, déi et bis bei d'Oscars gepackt huet! 2016 war hie bei den Academy Awards mat sengem "Chau Beyond the Lines" fir beschten Dokumentär Kuerzfilm nominéiert. Ugefaang huet beim Jerry awer alles als Steadycam-Operator.
De Jerry erzielt eis wéi et war iwwert de rouden Tapis gejot ze ginn; wéi hien seng Léift zu belschem Béier an en erfollegräiche Film verwandelt huet; a wéi et war mam James Franco a Will Ferrell Fänkches ze spillen!
Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture -
HOLLYWOOD SERIES
An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschlo huet.
D'Standup Comedian & Schauspillerin Anne Klein huet seng siwe Saache gepak an ass op Los Angeles geplënnert fir sengem Dram nozegoen. D'Anne fäert näischt. Obwuel hatt vun sech selwer behaapt schei an onsécher ze sinn, klëmmt hatt Owend fir Owend op d'Bün fir seng Ängscht ze iwwerwannen. Well Standup a Live Improvisatioun, si warscheinlech déi zwou "schlëmmsten" Disziplinnen déi sech eng schei an onsécher Persoun ka raussichen.
D'Anne huet déi bewonnerenswäert Fäegkeet, sech ëmmer nees raus aus senger Comfort Zone ze katapultéieren . Wou hatt dee Courage hierhëllt – a wéi schwéier et ass op Lëtzebuergersch witzeg ze sinn – dat verréit eis d'Anne an dësem Gespréich. A mir hu gutt gelaacht... wéi een sech ka virstellen!
Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture -
Eksik bölüm mü var?
-
HOLLYWOOD SERIES
An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschloen huet.
Als Regisseur an VFX (visual effects) Kënschtler, ass de Jeff Desom e reegelrechten Zauberer, mat engem Talent fir Biller, déi engem am Gedächtnis bleiwen. Zënter méi wéi 10 Joer ass LA dem Jeff säin Doheem, wou hie mat groussen Nimm zesummeschafft.
De Jeff erzielt wéi alles ugefaangen huet, wéi hien als Teenager mam Vicky Krieps éischt Erfarungen als Schauspiller gesammelt huet; wéi hie mat e puer Kolleegen d'visuell Effekter fir den Oscar-Gewënner "Everything Everywhere All At Once" gebastelt huet; a wéi de Medium Film sech an Zukunft wäert veränneren.
Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture -
HOLLYWOOD SERIES
An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschloen huet.
Eisen éischte Gaascht ënnert dem Hollywood Zeechen ass den Illusionist David Goldrake, en Entertainer par excellence. Mat enormer Selbstdisziplin a Fokus huet hie säi ganzt Liewe kompromësslos senger Konscht verschriwwen.
Mir schwätzen iwwert seng Entwécklung als Kënschtler, wéi säin Dram vun enger eegener Show zu Las Vegas sech verwierklecht huet, a wéi seng "Synästhesie" hien zu neien Tricker inspiréiert. Den David scheit net zréck fir och iwwer onconfortabel Themen ze schwätzen, wéi Alteren an Doud – an dat Accident, dat hien déif geprägt huet.
Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture -
D'Eileen ass mat vill Leidenschaft op senge Filmsets derbäi, wou hatt och kee Problem huet heiansdo mol Emotiounen ze weisen. Wat anerer als eng Schwächt ugesinn, emfënnt hatt als eng Stäerkt. Et soll een sech net hannert enger Fassad vu Keelt a falscher Häert verstoppen.
D'Eileen kennt frësch vum Set vu sengem éischte Feature Film, der Verfilmung vum däitschen Erfolgsroman "Marianengraben". Hatt verréit eis wat hatt an dëser stresseger mee wonnerschéiner Zäit geléiert huet – wat ee Schauspiller op kee Fall soll soen – an wisou trotz Studenten-Oscar ëmmer nach eng Imposter-Stëmm heiansdo dertëschent pëspert.
An Däitschland huet d'Eileen eng Beweegung gegrënnt, déi sech fir eng besser Ennerstetzung vu jonke Filmemaacher a couragéierte Produktiounen asetzt. Et wier eng traureg Welt, wann des Filmer net géifen entstoen. Dofir Merci, Eileen!
Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture -
D'Magaly Teixeira ass eng spannend Kënschtlerin mat ville Facetten. Ugefaang huet alles mam Danz. An zwar net den übleche Ballet- oder Hiphop-Unterrecht. Nee, beim Magaly war dat op engem ganz aneren Niveau! Mee och Gesang spillt a sengem Liewen eng wichteg Roll. Wann hatt mat senger Fado-Band optrëtt, fillt hatt sech senge portugisesche Wuerzele ganz no.
Och wann een d'Magaly als Energiebündel bezeechne kann, deem seng positiv Ausstralung ustécht, wëll dat net heeschen, dass hatt net och déi schwiereg Phase kennt, wann den Applaus bis verklongen ass. Dann dauchen – grad wéi bei all Kënschtler – och bei him Dämonen op.
D'Magaly schwätzt mat vill Passioun iwwert de Beruff vum Schauspiller, mee erzielt grad sou offen iwwert déi negativ Gefiller, Zweifel an Ängscht, déi mat dësem Liewensstil verbonne sinn. En Thema, wat oft Tabu ass.
Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture -
Wéi d'Amdandine Klee als Teenager déi éischte Kéier eng Kamera op der Schëller hat, stoung fir hatt seng Beruffung fest. Als Frontfra vun enger Rockband war eigentlech Musik seng éischt Passioun – wat haut e groussen Afloss huet op seng Manéier Biller ze komponéieren.
Als eng vu wéinege Kamerafraen an dësem männlech-dominéierte Beruff, huet d'Amandine fréi geléiert sech duerchzebäissen, a setzt sech haut als erfollegräich DP an, Gläichheet an Akzeptanz um Filmset eng Normalitéit ze maachen.
An dësem inspiréierende Gespréich potere mer mam Amandine iwwer d'Qualitéiten déi en DP muss matbréngen – wéi een trotz klenge Mëttele grousse Kino maache kann – a wisou et nach ëmmer bäi Wäitem net genuch Fraen hannert der Kamera gëtt.
Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture -
De Félix Koch ass deene meeschte Lëtzebuerger als d'Regietalent hannert dem Succès vum "Superjhemp Retörns" bekannt. Säi Kachkéis-gedriwwene Superhelden Epos huet 2018 fir vill gutt Stëmmung an de Lëtzebuerger Kino's Säll gesuergt.
Als Regieassistent vum Michael "Bully" Herbig ugefaangen, ass de Félix zënter 2007 an der Film & TV Branche aktiv. Nom Superjhemp, huet hie Regie fir d'ARD Serie "Großstadtrevier", an d'RTL Actionfilmer "Balko-Teneriffa" gefouert. Hie weess also wéi dat leeft, wann op engem Filmset geballert gëtt!
Wéi een effizient schafft, seng Visioun trotz Stress an Zäitdrock duerchsetzt – a wat ee mécht wann den Haaptschauspiller sech e Messer duerch d'Hand stécht – dat verréit eis de Félix eis an dëser Episod!
Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture -
Et ginn net all ze vill Leit zu Lëtzebuerg déi nach näischt vum Tommy Schlesser héieren hunn. Zënter sengem Debut als professionelle Schauspiller an der Sitcom "Comeback" (2012) huet säi Wee hien an international Produktioune queesch duerch d'Welt gefouert.
Mee wéi huet alles beim Tommy ugefaang? Als Kand huet hie schonn mat sengem Brudder (eisen Host, Émile V. Schlesser) éischt Filmer gemaach. Déi si schliisslech ëmmer méi grouss an éiergäizeg ginn, bis de Wonsch säi Liewen dëser Passioun ze widmen, net méi ze ennerdrécke war.
Den Tommy erzielt eis wéi schwéier et heiansdo ass als Schauspiller d'Familljeliewen an de Beruff ënnert een Hutt ze bréngen; wéi hie virun engem Dréi zum "Rodeo-Stéier" gëtt; a wat mengt den Tommy eigentlech, wann hie seet hie wier "am Tunnel"?
Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture -
(SPOILER!)
Ugefaangen huet alles mam Sport. De Schauspiller Timo Wagner hat eigentlech schonn de Wee vum Leeschtungssport ageschloe, wéi et hien et op d'Bün a virun d'Kamera gezunn huet. Wéi sech rausstellt hunn déi zwou Welten awer vill méi gemeinsam wéi ee mengt.
Zur Zäit ass den Timo um groussen Ecran am spektakuläre "Läif a Séil" ze bewonneren. Eng mysteriéis Roll, déi hie bis an de klengsten Detail virbereet huet. Wéi enge kierperleche Strapazen huet hie sech fräiwëlleg ausgesat fir dës Roll? A wat ass en absolutten No-Go an der Kommunikatioun mam Regisseur?
Dat, a villes méi, verréit eis den Timo Wagner an dësem intime Gespréich.
Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture -
(SPOILER!)
De Jacques Molitor huet net nëmmen e grousst Filmwëssen, mee mat zwee Feature Filmer och genuch Erfarung fir iwwer d'Handwierk vum Regieféieren an seng Schwieregkeeten ze schwätzen. Mat sengem neie Film "Kommunioun" (Wolfkin) liwwert de Jacques e spannende Genre-Mix: Horror, Coming-of-Age an Social Drama. Eppes, dat ee bis haut nach net am Lëtzebuergesche Kino ze gesi krut.
De Jacques erzielt eis wéi hien d'Erausfuerderung gemeeschtert huet, mat enger komplizéierter Diva ze schaffen – engem richtege Wollef.
Merci un Les Films Fauves fir d'Clips.
Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture -
(SPOILER!)
Mat engem Lëtzebuerger Western, dem spektakuläre Läif a Séil, liwwert de Regisseur Loic Tanson säin éischte Feature Film. Poetesch, brutal an eng immersiv Rees an eng vergaangen Epoch.No jorelaanger Erfahrung als Filmkritiker huet de Loic de Sprong op déi aner Säit gewoot. Dräi Kuerzfilmer an e puer Dokumentairen hunn hien op dëse grousse Projet virbereed – déi opwännegst an deierste Lëtzebuerger Produktioun bis dato.
De Loic verréit eis wéi hie mat senge Schauspiller "schafft", wat ee mécht fir säin Team zesummenzeschweessen – a wéi ee bluddeg Szenen realistesch an effektiv ëmsetzt!
Merci u Samsa Film fir d'Clips.
Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture -
Als éischt Episod féiere mer mol e Selbstgespräch. An zwar mat eisem eegenen Host, dem Fabien Colas.
De Fabien ass zu Lëtzebuerg gebuer, an huet sech iwwert déi lescht 10 Joer zu Hollywood eng Karriär opgebaut. Als Produzent vu Music Videos huet hie scho mat Artiste wéi dem Miley Cyrus, Christina Aguilera, Lil Wayne oder dem ASAP Rocky zesumme geschafft. Obwuel hien sech zu Los Angeles niddergelooss huet, zitt et hien ëmmer nees zréck heem op Lëtzebuerg.
An dësem éischten Talk verréit hie wéi de verréckten Alldag op esou grousse Produktiounen ausgesäit. Wat huet hie schonn alles mat exzentresche Stars erlieft? A wiem géif hie gär mol eng Kéier am Lift begéinen?
Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture -
35M Elevator Pitch ass e Podcast iwwer d'Léift zum Film, an alles wat mat der Magie vum Kino ze dinn huet. Och wa mir eis op d'Filmindustrie zu Lëtzebuerg fokusséieren, wëlle mir eis awer net just op eis Heemecht begrenzen.
All Episod invitéiere mir eng Perséinlechkeet aus Film & TV, fir am Detail iwwert hier Konscht an de Beruff vum Filmemaachen ze poteren. Mir wëllen e Bléck hannert d'Kulisse fräiginn, Anekdote vum Set erhaschen, an aus Erfarunge léieren. Wat fléisst alles an d'Entstehung vun engem Film? Wéi baut een eng Karriär an dëser Industrie op? Wéi gëtt ee mat deene verschiddenen Challengen eens?
A wie wëllen eis Gäscht emol am Lift treffen?
De Fabien Colas & Émile V. Schlesser hunn zesummen d'Produktiounsfirma 35M Films gegrënnt a schaffen zënter 2012 als Produzenten– a Regisseuren Duo. Als passionéiert Filmemaacher hunn den Émile & Fabien decidéiert e Podcast iwwer hier Leidenschaft ze kreéieren. Eng Idee, déi scho laang an hire Käpp gebrodelt huet.
Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture