Episodit
-
"Vergissmeinnicht - Eng Geschicht aus der Rundstedt-Offensiv a 25 Joer duerno" vum Guy Koenig
Stiefesdag 1969. De Commissaire Bertemes huet BereetschaftsdĂ©ngscht, an eigentlech erwaart hie sech e rouegen Dag. MĂ€ et kĂ«nnt anescht. De Juge d'instruction vun Dikrech rifft un, et ass e Mord geschitt, an de Bertemes muss sech direkt op de Wee an d'Ăislek maachen. D'Affer ass den Egon Schmit, en dĂ€itschen Hauptmann a frĂ©iere Wehrmachtszaldot dee fir eng CommĂ©moratiounsfeier zu Dierbelt war.
Dat ass d'Ausgangssituatioun vum Guy Koenig sengem neie Roman "Vergissmeinnicht" . Am Interview erzielt hien wéi déif d'Wonnen aus der ZÀit vu der Rundstedt-Offensiv och 25 Joer méi spéit nach waren, an dat zu engem Moment wou et esou ausgesinn huet, wéi wann sech grad alles an der Welt géif verÀnneren.
"Vergissmeinnicht" vum Guy Koenig ass bei Op der Lay erauskomm. -
"Nightscapes" 3 onheemlech Geschichten vum Percy Lallemang
Alpdreem gi wouer am Percy Lallemang sengen Nightscapes. E Mann ouni Schiet, eng kriminell Band déi am Edinburgh vun den 1830er Joren LÀiche klaut, eng Serie vu misteriéise MordfÀll am London vum Joer 2055. "May cause nightmares and visions. Contains traces of horror" sou heescht et schonn am Klappentext. Dir sidd also gewarnt! Am Interview erzielt de Percy Lallemang vu senger Faszinatioun mam Horror-Genre, awer och mat der Stad Edinburgh an hirer rÀicher Geschicht. Lauschtert eran...wann Dir Iech traut!
"Nightscapes" vum Percy Lallemang ass bei Black Fountain Press erauskomm. -
Puuttuva jakso?
-
"Hirngespinste und Silberstreife" vum Luc François
Am Luc François sengem éischten Erzielband ass all Geschicht eng Virwëtztut!
De Luc François, Joergang 1993, schreift zënter iwwer 10 Joer Fantasy-Romaner. SÀi lescht Buch "Wasserstand" hat et op d'Shortlist vum Lëtzebuerger BuchprÀis gepackt. Mat "Hirngespinste und Silberstreife" leet en elo sÀin éischte Kuerzgeschichte-Band vir. Natierlech ass och nees Fantasy mat am Spill, awer net nëmmen. An deenen 12 Geschichten triede verkannte Superhelden op, fiktiv Rockstaren, an Eisebunn-Nostalgiker. De Lieser gëtt matgeholl op eng verwurrelt ZÀitrees a kann engem Personnage hannert d'Stir kucken...wuertwiertlech. Wéi en op all déi droleg Iddien kënnt? Dat erzielt de Luc François am Interview.
"Hirngespinste und Silberstreife" vum Luc François ass bei Hydre éditions erauskomm. -
"Lieferdienst" vum Tom Hillenbrand
An dëser rasant erzielter Dystopie ass Konsum eng Fro vu Liewen an Doud. An dee jonken Arkadi geréit tëscht d'Fronten.
Den Arkadi Schneider ass e "Bringer". Hie liwwert op sengem Hoverboard Wueren aus déi vun de Clienten bestallt a banne Minutten op engem 3D-Printer ausgedréckt ginn. Vitesse ass alles wat zielt, well nëmmen dee Liwwerdéngscht deen d'Wuer als éischte prett huet an se bei de Client liwwere kann, mécht e GeschÀft. DobÀi gëtt och gÀren emol mat onfaire Mëttele geschafft...
Dem Tom Hillenbrand sÀi Roman spillt an enger Zukunft déi engem beonrouegend kënneg virkënnt. Konsum ass zum Selbstzweck ginn, an d'Bringer si glÀichzÀiteg d'Helden an d'Sklaven vun dësem System.
MĂ©i doriwwer am Interview mam Tom Hillenbrand!
"Lieferdienst" vum Tom Hillenbrand ass bei Kiepenheuer und Witsch erauskomm. -
D'USA an 10 Bicher
Wat hu literaresch Wierker aus 3 Jorhonnerten mat der AktualitĂ©it an den USA am Joer 2024 ze dinn? Ganz vill, mengen dâBea Kneip an dâAnglistin Diane Neises. Si hunn sech zesummegesat fir an engem Podcast doriwwer ze diskutĂ©ieren.
DâResultat ass e Podcast an deem ganz verschidde Bicher beschwat ginn vum Washington Irving senge Kuerzgeschichten iwwer esou bekannt Wierker wĂ©i âThe Great Gatsbyâ bis bei mĂ©i rezent Romaner wĂ©i zum Beispill âMan in the Darkâ vum Paul Auster oder âAmerican Dirtâ vun der Jeanine Cummins.
Fir d'Walen an den USA mécht de Podcast "Lecture vun heiheem" sech ausnamsweis op de Wee iwwer de grousse Pull. -
Enseignante, Editrice a Schrëftstellerin: d'Anne-Marie Reuter schwÀtzt an dëser Episode vun der Lecture vun heiheem iwwer hiren éischte Roman
D'Anne-Marie Reuter ass dem literaresche Public am beschten als Editrice bekannt. Mat hirem Verlag "Black Fountain Press" huet si der engleschsproocheger Literatur zu Lëtzebuerg eng Stëmm ginn. Hannert de Kulissen huet si awer jorelaang och un engem eegene Roman geschafft. "M for Amnesia" ass den Titel vun hirem Débutroman, enger Dystopie an der sech alles ëm d'Mémoire dréint. Erënnerungen gi verluer an erëmfonnt, mÀ sinn dës Erënnerungen och echt oder just Illusioun? Kënnen Erënnerunge manipuléiert ginn, a, wa jo, wat mécht dat mat de Mënschen? Iwwer dës, a weider spannend Themen geet et am Interview mat der Anne-Marie Reuter.
"M for Amnesia" vun der Anne-Marie Reuter ass bei Black Fountain Press erauskomm. -
Déi legendÀr Weltraum-Missioun Rosetta vun der European Space Agency, verstÀndlech noerzielt fir Kanner
Op engem klenge Fiels ze landen dee mat héijer Vitess duerch de Weltall jauft, dat war den Défi deen d'European Space Agency (ESA) mat der Missioun Rosetta ugeholl hat. 2004, no méi wéi 10 Joer Preparatioun, goung et lass, mÀ et sollt nach eng Kéier 10 Joer daueren bis de Space-Lander Philae um Koméit opsetze konnt. An hirem neie Buch "To Meet a Comet" erzielt d'Isabelle Marinov wéi vill Schwieregkeeten hu misste gemeeschtert ginn bis et souwÀit war.
Am Interview verréit si awer och wéi et mam Hugo, dem Alex an dem Julie, den Helden aus hirem beléifte Kannerbuch "Boy Underground" weidergeet. Mir tauchen am Mëttelmier no engem Schëffswrack aus der RéimerzÀit, mir léiere Chinesesch a mir ginn an de Kino! -
A sengem Roman "Yeshuah - une vie de JĂ©sus aprĂšs sa Crucifixion" erzielt de Claude Schmit eng alternativ Geschicht vum Jesus.
De Jesus ass um KrÀiz gestuerwen, gouf begruewen, ass operstaanen, an an den Himmel opgefuer. Dat ass den Narrativ vun der Bibel, sou wéi mir e kennen. MÀ wat wier, wann hien iwwerlieft a sech vu senge Blessuren erholl hÀtt? Wann de Prophet vun Nazareth villÀicht souguer en neit Liewen ugefaangen hÀtt? Genee dat ass den Ausgangspunkt vum Claude Schmit sengem Roman "Yeshuah - une vie de Jésus aprÚs sa Crucifixion". Am Interview erzielt den Auteur wat hien un dem Thema gereizt huet a wéi en sech d' Figur vum Jesus als Mënsch virgestallt huet.
"Yeshuah - une vie de JĂ©sus aprĂšs sa Crucifixion"
Claude Schmit
erauskomm bei den Ă©ditions Phi
ISBN 978-2-919818-18-1
20⏠-
"Camille Sutor - Lion de la résistance - Löwe des Widerstandes" vum André Grosbusch
Den 19te Mee 1944 ass de Camille Sutor mat nëmmen 23 Joer a sengem Elterenhaus zu Iermsdref vun der Gestapo erschoss ginn.
"Net ee vu villen", dat ass den Ănnertitel vun dĂ«sem Wierk mat dem den Historiker AndrĂ© Grosbusch un deen eminente Resistenzler erĂ«nnert.
Wéi ee Courage de Camille Sutor hat war fir sech géint d'Nazien ze stellen, awer och wéivill Geschéck a Schlauheet néideg waren fir den Alliéierte wichteg Informatiounen zouzespillen ouni sech erwëschen ze loossen, doriwwer hunn ech mech mam Auteur André Grosbusch a mat der Nathalie Brachmond-Sutor, der Enkelin vum Camille Sutor sengem Brudder Richard, ënnerhalen. -
An dëser Episode vum Podcast schwÀtzt déi jonk Lëtzebuerger Autorin iwwer den éischten Deel vun hirer Serie, de Roman:"A Searing Faith"
Dat jonkt Rena geet an de BĂ«sch fir Kraider ze sammelen, a wĂ©i hat zerĂ©ckkĂ«nnt ass sĂ€in Doheem zerstĂ©iert. Dat ganzt Duerf ass bis op d'Grondmaueren ofgebrannt, keng Spuer vun Iwwerliewenden. Vun engem Moment op den aneren ass dat jonkt Meedchen alleng op sech gestallt, ouni Famill an ouni eng Ăntwert op dĂ©i Froen dĂ©i hat net mĂ©i lassloossen. Wat ass geschitt? War d'Feier wierklech en Accident oder ass et ganz bewosst geluecht ginn? A gĂ«tt et Hoffnung fir op d'mannst seng SchwĂ«ster lieweg erĂ«mzefannen? Dem Maya sĂ€i Rank ass deen eenzegen Indiz deen d'Rena huet, mĂ€ hat wĂ€ert net opginn bis hat d'Wouerecht erausfonnt huet. A ganz onerwaart fĂ«nnt hat nei FrĂ«nn dĂ©i hat bei senger Sich Ă«nnerstĂ«tzen.
"A Searing Faith" ass den éischte Roman vum Audrey Martin an den Ufank vun enger Serie bei der d'Lieser ofstëmme kënnen a wéi eng Richtung d'Geschicht sech weider entwéckele soll. Am Interview verréit déi jonk Autorin méi iwwert den Univers vun "The Heart Pyre" a wéi een als Lieser un der Geschicht deelhuele kann. -
Eescht, witzeg oder heiansdo souguer carrément skurril: Am neitsten Episod vum Podcast Lecture vun heiheem erzielt de Robbie Martzen vu senge Reesen.
Lëtzebuerger reese gÀren, dat ass gewosst, an de Robbie Martzen, 1969 zu Lëtzebuerg gebuer, ass do keng Ausnam. A sengem éischte Buch, dat ënnert dem Titel "A Pint of Fish Fingers" bei Black Fountain Press erauskomm ass, erzielt hie vu senge Reesen, déi e gréisstendeels an engleschsproocheg LÀnner gefouert hunn. Am Interview verréit hien wat een alles erliewe kann wann een ouni e Su an der TÀsch zu London festsëtzt, wat d'Leit op der anerer SÀit vum grousse Pull iwwer Lëtzebuerg wëssen, (oder och net) an dass déi spannendst Reesen een heiansdo op ganz onerwaarten Destinatioune féiere kënnen... -
Iergendwéi hÀnkt alles schif, am Liewe vun de Personnagen aus dem Guy Helminger senge Kuerzgeschichten
Biller déi vun der Mauer verschwannen, Bicher déi aus Regaler erausfalen, e kollektiven Dram an e Schrëftsteller dee bei engem Openthalt am Spidol an eng aner Dimensioun ze gerode schéngt. Fir d'Personnagen an dem Guy Helminger senge Stories ass op eemol nÀischt méi esou wéi et emol war. Hir Welt geréit an d'Rutschen, wéi e Stillleben dat alles anescht wéi stëll ass. An dëser Episode vum Podcast "Lecture vun heiheem" erzielt de Guy Helminger awer net nëmmen vun de Verbindungen tëscht senge Figuren déi sech tëscht de Geschichten hin an hier bewegen an dobÀi ëmmer nei Facetten vu sech prÀisginn. De Schrëftsteller a Globetrotter léisst eis och u senge Reesen deelhuelen. Viru kuerzem war hien an Indien an am Nepal, hien erënnert sech awer och u sÀi Besuch a Brasilien. A wien de Guy Helminger kennt, dee weess, dass hien sech op senge Reesen och op Plazen traut, déi den duerchschnëttlechen Tourist éischter net um Radar huet...
"Das GerÀusch der Stillleben" vum Guy Helminger ass bei Capybarabooks erauskomm -
Wouerecht oder Liggen? Realitéit oder Illusioun?
E Mann erwÀcht aus dem Koma a ka sech un nÀischt méi erënneren. No an no probéiert hien d'Puzzlestécker vu sengem Liewen nees zesummenzesetzen a mécht dobÀi onerwaarten Entdeckungen. Seng Kandheet an engem verruffene Quartier, seng Fra mat der iergend eppes net stëmmt, seng Aarbecht an enger Zeitungsredaktioun a kromm GeschÀfter déi e besser gehat hÀtt einfach ze ignoréieren...an d'Fro wéi en eigentlech an déi Situatioun komm ass an der en sech elo erëmfënnt. Ass en einfach esou an de Koma gefall...oder iere gestouss ginn?
A sengem Erzielwierk "Kappgras" féiert den Nico Helminger sÀi Protagonist (an domat och de Lieser) an e Labyrinth aus Wouerechten an Hallefwouerechten, aus Fakten an Illusiounen. Et kritt een e Feeling vu "Film noir", dat duerch déi vill cinematografesch Referenzen nach verstÀerkt gëtt. Am Interview verréit den Nico Helminger awer och, wat sÀin Alter Ego Tomas BjÞrnstad als nÀchst geplangt huet.
"Kappgras" vum Nico Helminger ass bei den Ă©ditions Guy Binsfeld erauskomm -
Déi dÀitsch-ungaresch Schrëftstellern huet scho vill PrÀisser gewonnen. Mat hirem Roman "Muna" stoung si op der Shortlist vum dÀitsche BuchprÀis 2023.
Georg-BĂŒchner-Preis, Ingeborg-Bachmann-Preis, Deutscher Buchpreis 2013: d'TerĂ©zia Mora ass eng wichteg StĂ«mm an der aktueller dĂ€itscher Literatur.
Op Invitatioun vum Institut Pierre Werner war déi dÀitsch-ungaresch Schrëftstellerin de 5te MÀerz op Besuch zu Lëtzebuerg. Nodeems si schon 2013 den dÀitsche BuchprÀis fir "Das Ungeheuer" kritt hat, huet si et mat dem neitste Roman "Muna oder Die HÀlfte des Lebens" och 2023 nees op d'Shortlist gepakt. D'Muna huet 18 Joer a lieft 1989 an OstdÀitschland, kuerz ier d'Mauer fÀllt. Déi jonk Fra begéint dem Magnus, verléift sech an hien a verbréngt eng Nuecht mat him. Da verschwënnt hien, an et wÀert 7 Joer daueren ier si sech erëmbegéinen. Et entwéckelt sech eng Bezéiung, déi allerdengs vun emotionaler Keelt a souguer Gewalt geprÀgt ass. Trotzdem bréngt d'Muna et net fÀerdeg sech vun him ze trennen. Aus senger Léift zum Magnus gëtt eng Obsessioun.
Firwat léisst d'Muna, dat jo eigentlech eng intelligent an talentéiert jonk Fra ass, sech dat iwwerhaapt gefalen? Wéi ass et méiglech, dass hat als eenzegt net wouerhëllt, dass seng Bezéiung zum Magnus rengt Gëft ass? Déi Froen si mir beim Liesen net aus dem Kapp gaangen, an ech hu mech mat der Terézia Mora doriwwer ënnerhalen.
"Muna oder Die HÀlfte des Lebens" vun der Terézia Mora ass am Luchterhand Verlag erauskomm -
Bulimie ass dacks nach ëmmer en Tabuthema. DobÀi ass déi Iessstéierung, déi meeschtens Meedercher a jonk Frae betrëfft, alles anescht wéi harmlos.
An hirem Buch mat dem bewosst provokativen Titel "Zum Kotzen schön" erzielt d'Renée Reding vum Lisa, engem Meedchen vu 14 Joer, dat mat de VerÀnnerungen déi sÀi Kierper an der Pubertéit duerchleeft, net eens gëtt. Hat fënnt sech ze déck a beschléisst ofzehuelen. MÀ sÀi Plang geréit ausser Kontroll a vun do un bestëmmt d'Wo sÀin Alldag. Kalorien zielen gëtt zu enger Obsessioun, an de Sport, dee bis elo e schéinen Hobby war, gëtt zu engem Mëttel fir déi verhaasste Kalorien ze verbrennen. D'Lisa belitt seng Frënn, seng Famill a virun allem sech selwer. Sou laang bis et seng Ligen net méi oprecht erhale kann.
Am Interview erzielt d'Renée Reding wat si dozou bewegt huet, dëst Thema opzegrÀifen a firwat et esou wichteg ass doriwwer ze schwÀtzen.
"Zum Kotzen schön - Eine Geschichte ĂŒber Bulimie und Freundschaft" vun der RenĂ©e Reding ass am Selbstverlag erauskomm. D'Autorin ka fir Liesungen iwwer d'Mailadress [email protected] kontaktĂ©iert ginn. -
Liewen an d'Liewe genéissen, trotz schwéierer Krankheet, dorëms geet et am Dréibuch "Dead Woman Waltzing" mat deem si den éischte PrÀis gewonnen huet.
Als Actrice war d'Janine Horsburgh bis elo éischter a klenge Rollen ze gesinn, an internationale Produktiounen awer och a Lëtzebuerger Filmer wéi zum Beispill "Heemwéi". Dernieft huet si bis 2018 an der Waldorfschoul d'Fach Theater enseignéiert a bei Theaterprojeten Regie gefouert. Hiert Dréibuch "Dead Woman Waltzing" mat dem si den nationale Literaturconcours gewonnen huet, war fir si en HÀerzensprojet. Am Interview erzielt si wéi en Dréibuch iwwerhaapt geschriwwe gëtt, si schwÀtzt vun deene Filmer un deenen si matgeschafft huet, a vun hiren Hoffnungen fir aus dem prÀisgekréinten Dréibuch e richtege Film ze maachen. An si verréit, wéi een Hollywood-Star hir heemlech Favoritin fir d'Haaptroll wier... -
«Histoire de mon grand-pĂšre, rĂ©fugiĂ© allemandâŠJuifâŠet rĂ©sistant français » oder wĂ©i en Nazi-Krichsverbriecher duerch en Zoufall konnt verhaft ginn
A sengem Buch « Jâai arrĂȘtĂ© Otto Abetz»erzielt den Didier Eisack dâGeschicht vu sengem Grousspapp Joachim. Den Ănnertitel «Histoire de mon grand-pĂšre, rĂ©fugiĂ© allemandâŠJuifâŠet rĂ©sistant français » resumĂ©iert net nĂ«mmen dat ganz mouvementĂ©iert Liewen vum Joachim Eisack selwer. Seng ganz Famill gĂ«tt zum Spillball vun deenen dĂ€ischtere KrĂ€ften dĂ©i Europa an der Ă©ischter Halschent vum 20ste Jorhonnert dominĂ©ieren. DâFamill gĂ«tt auserneegerappt, vill vun hinnen deportĂ©iert an de Ghettoen oder an de Lageren Ă«mbruecht. Den Enkel Didier Eisack, Joergang 1954, huet jorelaang recherchĂ©iert fir dat ze rekonstruĂ©ieren wat sĂ€i Grousspapp him net selwer erziele konnt. Eng Familjegeschicht dĂ©i duerch ganz Europa fĂ©iert an och Verbindungen zu LĂ«tzebuerg huet.
MĂ€ zerĂ©ck bei den Titel: wie war deen Otto Abetz vun dem hei rieds geet? Den Otto Abetz war an de Joren 1940 bis 1944 den Ambassadeur vun Nazi-DĂ€itschland a FrankrĂ€ich a war responsabel fir dâDeportatioun vun ZĂ©ngdausende vu fransĂ©ische Judden op Auschwitz. Dernieft war hien um DĂ©ifstall vu jiddeschem BesĂ«tz a Konschtwierker aus dem besatenen Deel vu FrankrĂ€ich bedeelegt. Nom Krich ass den Abetz Ă«nnergetaucht. An hei kĂ«nnt de Joachim Eisack (deen och als Richard Eisack bekannt war) an dâSpill. Duerch e pueren Zoufall, mĂ©i genee eng Etikett an engem KleedungsstĂ©ck, kĂ«nnt hien dem Krichsverbriecher op dâSpur a kann den Otto Abetz am Oktober 1945 verhaften. Endlech Gerechtegkeet, kĂ©int ee mengen. An tatsĂ€chlech gĂ«tt den Abetz 1949 zu 20 Joer Zwangsaarbecht verurdeelt. MĂ€ hie gĂ«tt begnoodegt a kĂ«nnt schon 1954 nees op frĂ€ie Fouss.
De Joachim Eisack dogéint kritt ni eng Unerkennung fir sÀin Exploit. Hie stierft de 24sten Oktober 1954 un engem HÀerzinfarkt. Eréischt elo, bal 80 Joer méi spéit, ass seng Geschicht erzielt ginn, vu sengem Enkel Dider Eisack, mat deem ech mech op de Walfer Bicherdeeg 2023 ënnerhale konnt.
"J'ai arrĂȘtĂ© Otto Abetz" vum Didier Eisack ass bei den Ă©ditons AmalthĂ©e erauskomm. -
Den éischte Gedichtband vun der jonker Lëtzebuergerin krut vill Luef vun engem prominenten dÀitsche Literaturkritiker.
"Ein GlĂŒcksfall der deutschsprachigen Lyrik" mat deene Wierder huet de Björn Hayer der Chris Lauer hiert Wierk op Deutschlandfunk Kultur rezensĂ©iert. SĂ©cher keng alldeeglech Erfahrung fir eng Autorin aus LĂ«tzebuerg, an dofir Ă«msou mĂ©i remarkabel. Hiren Ă©ischte Gedichtband mam Titel "Gut verrĂ€umte Sternschnuppen" ass sĂ©cher kee liichte Kascht. Der Chris Lauer hir Sproochwelt ass komplex a vielschichteg, a kann an hirer Offenheet och emol schockĂ©ieren. Ob et Ă«m persĂ©inlech Relatiounen oder Ă«m dĂ©i grouss gesellschaftlech Theme geet, d'Chris Lauer, Joergang 1995, hĂ«llt kee Blat virun de Mond. Am Gedicht "zu spĂ€t" schreift si:
"Wie Brandopfer aus Wolkenkratzern, wie der Falling Man (ich war damals sechs und verstand das Bild nicht, ich drehte und drehte es, Ich verstand nicht was das sollte , Die Menschennaht auf einem ĂŒbergrossen Streifenanzug)"
Eng ganz perséinlech Erfarung, déi awer universell nozevollzéien ass. Dass dat Gedicht aus dem dës Zeile staamen sech eigentlech guer net ëm 9/11 dréint, mÀ villméi ëm de Klimawandel, mécht nach eng Kéier méi dÀitlech dass mir an enger ZÀit liewen déi vu ganz ënnerschiddlechen Traumaen geprÀgt ass, Traumaen déi alleguer an der Chris Lauer hierer Lyrik erëmzefanne sinn.
Ech sinn der jonker Dichterin begéint an hu mech mat hir iwwer hir "Gut verrÀumte Sternschnuppen" ënnerhalen.
"Gut verrÀumte Sternschnuppen" vun der Chris Lauer ass bei Limbus Lyrik erauskomm. -
E Band mat Kuerzgeschichten ronderëm en aussergewéinleche Personnage
Journalist, Poet, Iwwersetzer, Auteur vun engem Roman an elo engem Buch mat Kuerzgeschichten: de Florent Toniello, 1972 zu Lyon gebuer, huet d'Schreiwen an all senge Formen zum Beruff gemaach. Zënter 10 Joer lieft a schafft hien zu Lëtzebuerg. 2015 krut hie fir sÀi Gedichtband Flot(s) den éischte PrÀis am Nationale Literaturconcours an ass zënter 2018 directeur artistique vum Festival Printemps des PoÚtes Luxembourg. Nieft senger Léift fir d'Poesie huet hien awer och e Faible fir Science Fiction a Fantasy den hien a sengem Roman Ganaha (2020 erauskomm) an elo a senger Kuerzgeschichtesammlung mam Titel Honorable Brasius auslieft.
Am Interview erzielt hien wien den aussergewéinleche Personnage ass, deen dem Buch sÀin Titel gëtt an deen an 3 vun deene 5 Kuerzgeschichte virkënnt.
"Honorable Brasius" vum Florent Toniello ass bei Hydre Ă©ditions erauskomm
N.B.: D'Autoreresidenz am Literaresche Colloquium Berlin (LCB) gĂ«tt am Kader vun enger Ausschreiwung vu Kultur | lx â Arts Council Luxembourg zesumme mat de LĂ«tzebuerger BicherfrĂ«nn â Les Amis du Livre a.s.b.l. souwĂ©i dem Centre national de littĂ©rature verginn. -
Eng bësseg Sylvester-Satir
Dass Feierdeeg net onbedĂ©ngt Ă«mmer dĂ©i reng Harmonie mat sech brĂ©ngen, ass gewosst. Dem Guy Rewenig seng nei Erzielung «la coupe est pleine» spillt op Sylvester, ze feieren gĂ«tt awer nĂ€ischt! Ganz am GĂ©igendeel, et ass eng bĂ«sseg Satir op eng verlugge Gesellschaft, dĂ©i sech esou gĂ€ren dâPhilanthropie op de FĂ€ndel schreift an a Wierklechkeet ganz aner Ziler virun Aen huet.
"La coupe est pleine" vum Guy Rewenig ass bei den Ă©ditions Guy Binsfeld erauskomm. - Näytä enemmän