Episoder

  • Wie schreift dĂ©i beschte Kuerzgeschicht op Englesch?

    Du hues Spaass um Schreiwen an dreems schonn ëmmer dovun, dass eng vun denge Geschichten an engem Buch verëffentlecht gëtt? Dann ass dat hei fir dech! D'Alannah Meyrath vun RTL Today erklÀert am Interview mam Bea Kneip wat et mam Kids and Teens Writing Contest op sech huet.

  • DĂ©i erotesch Opzeechnungen vum Gaspar W. sinn am portugieseschen Original Ă«nnert dem Titel "Os Cadernos do Gaspar" erauskomm

    Vun Ana bis Zélia, iwwer Nadia, Sandrine a Valérie: De Gaspar huet e gutt gefëlltent Adressbuch an en ass ëmmer op der Sich no neien Eruewerungen. DobÀi investéiert hie keng Gefiller, Fraebekanntschafte si fir hien just en ZÀitverdreif. Dee jonke Portugies mat dem hollÀnnesche Familljennumm léisst keng Geléeënheet aus, scho guer net wann en se um sëlwerne Plateau zervéiert kritt. Zum Beispill wéi en aus der Vakanz erëmkënnt a gewuer gëtt, dass seng SekretÀrin duerch e méi jonke Modell ersat ginn ass.
    Och wann een op den Ă©ischte SĂ€iten en aneren Androck krĂ©ie kann, "Les carnets de Gaspar" ass mĂ©i wĂ©i just eng Reiefolleg vun eroteschen AventĂŒren vun engem a sech selwer verlĂ©ifte Fraenheld. No an no gĂ«tt et dem Gaspar kloer, dass hien sech hannerfroe muss. An dass dat Spillchen dat hie spillt, net ongefĂ©ierlech ass.
    De José Luís Correia huet de Personnage vum Gaspar Weytjens ugangs an engem Blog optriede gelooss. 2020 koum e Buch op Portugiesesch eraus, elo, 5 Joer méi spéit, déi franséisch Iwwersetzung. Am Interview erzielt den Auteur wéi et dozou koum. D'Gespréich kënnt awer och op sÀi grousst Virbild, den US-Schrëftsteller Henry Miller, an op déi schwiereg Balance wann een sech zu Lëtzebuerg an a Portugal glÀichermoossen doheem fillt.
    [attachment id="106981533" __caption="Cover les carnets de Gaspar"]
    "Les carnets de Gaspar - Journal érotique d'Alexandre Gaspar W."
    vum José Luís Correia
    Aus dem Portugieseschen iwwersat vum Carlos de Jesus
    erauskomm bei: D'Bréck
    392 SĂ€iten
    ISBN 9 789998 799554
    25€

  • Manglende episoder?

    Klik her for at forny feed.

  • "Le Sud n'aime pas les anges" vun der Isabelle Costantini

    An hirem autofiktionale Roman "Le Sud n'aime pas les anges" erzielt d'Isabelle Costantini wéi aus hirem Liewesdram en Alpdram gouf.
    2013 ass d'Isabelle Costantini zesumme mat hierer Duechter vun 10 Joer a SĂŒdfrankrĂ€ich geplĂ«nnert. DĂ©i erfollegrĂ€ich Actrice, Regisseurin a Reitsportlerin wollt do mat hire PĂ€erd trainĂ©ieren a sech Ă«m DĂ©iere bekĂ«mmeren. Si hat och sĂ©ier hiert Dramhaus fonnt, e bĂ«ssen ofgeleeĂ«n, op engem groussen Terrain. Do konnt eigentlech nĂ€ischt mĂ©i schifgoen...oder dach? Am Interview erzielt d'Isabelle Costantini wĂ©i vill Steng si an de Wee geluecht krut...ausgerechent vun hiren Noperen.
    "Le Sud n'aime pas les anges" vun der Isabelle Costantini ass am Verlag "Les trois colonnes" erauskomm.
    Eng offiziell Buchvirstellung ass den 19te Juni am Restaurant Mesa Verde an der Stad

  • "Das "Wie bitte?"-Leben einer Schwerhörigen" sou den Ënnertitel vun dĂ«sem Buch an dem eng jonk LĂ«tzebuergerin iwwer hir Erfarunge schreift

    An dëser Episod vum Podcast "Lecture vun heiheem" geet et ëm "net héieren" an "net verstoen". An dat ass net dat selwecht! Dass d'Jillian Petry net gutt héiert, dat gouf duerch en Zoufall entdeckt, wéi si 4 Joer hat. Am Interview erzielt si, wéi et sech ufillt, mat enger onsiichtbarer Behënnerung ze liewen, déi bei hire Matmënschen net ëmmer op Versteesdemech stéisst. Dovun huet si sech awer net dovun ofbrénge gelooss, hiert Liewen esou ze gestalten wéi si et fir gutt fënnt, sief et als Enseignante oder als Autorin vu Romantasy-Bicher. "Tomaten auf den Ohren" ass hiren Témoignage.

  • Mam Gedichtband "Salztage + zurĂŒck" steet d'Carla Lucarelli op der ShortlĂ«scht vum Prix Servais 2025

    Ugangs sollt de Gedichtband "Alltage + zurĂŒck" heeschen, "Salztage" trĂ«fft et awer besser.
    Vill Mier a vill TrĂ©inen stiechen dodran, sou d'Carla Lucarelli iwwer hire Gedichtband "Salztage + zurĂŒck". Fir d'SchrĂ«ftstellerin dĂ©i (no 2022 mat hirem Kuerzgeschichteband "Chantiers du dĂ©sir") eng zweete KĂ©ier op der ShortlĂ«scht vum Prix Servais steet, ass dĂ«st Wierk keng Feel-good-Lecture. Et ass awer och net onbedĂ©ngt en Ausdrock vu Pessimismus. VillmĂ©i drĂ©ckt et eng gewĂ«ss MaturitĂ©it aus, dĂ©i mat der NaivitĂ©it an den Illusioune vun der Jugend opgeraumt huet. Wat bleift, ass e geschĂ€erfte BlĂ©ck deen och SchĂ©inheet an deene klengsten Detailer erkenne kann.
    "Salztage + zurĂŒck" vum Carla Lucarelli ass bei den Ă©ditions Phi erauskomm.

  • Am Kader vun der Ausstellung "Luxembourg on the Rocks" am NaturmusĂ©e hu bekannte LĂ«tzebuerger Auteuren sech mam Thema Steen beschĂ€ftegt.

    De Robert Weis ass PalÀontolog am Naturmusée, Schrëftsteller a Matgrënner vum Verlag Michikusa Publishing. Zesumme mam Davide Sapienza huet hien d'Buch "Rocklines. Un voyage géopoétique à travers la Minett UNESCO Biosphere" (éditions Phi, 2022) erausbruecht. A sengem aktuelle Buch "Yamabushi - La sagesse des montagnes" (Transboréal, 2025) erzielt hien vun enger vu senge Reesen a Japan.
    D'Ulrike Bail schreift GedichtbÀnn déi sech all Kéiers mat spezifeschen Themen beschÀftegen. Fir hire Lyrikband "wie viele faden tief" den ronderëm d'Thema "bitzen" opgebaut ass, krut si 2021 de Prix Servais. Dëse Band ass elo ganz rezent och op Franséisch iwwersat ginn, mam Titel "point invisible" (Les éditions Blancs Volants, 2025) Hiren neitste Gedichtband dréit den Titel "im halblichten geÀst deines atems" (Conte Verlag, 2023)
    De Bernd Marcel Gonner ass e LĂ«tzebuerger SchrĂ«ftsteller deen an DĂ€itschland lieft a schafft. Fir sĂ€i Kannerbuch "Pirat oder SeerĂ€uber sterben nie" krut hien 2017 deen Ă©ischte PrĂ€is am nationale Literaturconcours. 2021 gouf hie mam "Deutscher Preis fĂŒr Nature Writing" ausgezeechent. SĂ€in neitst Wierk ass d'Lauschterbuch fir Kanner "Allerhand! Frosch und Fant". (cclive 4 Kids)
    D'Elise Schmit krut fir hiren Erzielband "StĂŒrze aus unterschiedlichen Fallhöhen" 2019 de Prix Servais. Si ass och Iwwersetzerin, Literaturkritikerin a schreift fir den Theater. Bei eisem GesprĂ©ich konnt si leider net dobĂ€isinn, si huet awer um Event "Stein schreiben" dat de 4te MĂ€erz vum NaturmusĂ©e an Zesummenaarbecht mam CNL organisĂ©iert gouf, deelgeholl an huet eng Auswiel vun onverĂ«ffentlechte Gedichter ronderĂ«m d'Thema "Steen" virgedroen.
    Wien sech d'Ausstellung "Luxembourg on the Rocks" am Naturmusée ukucke wëll, dee muss sech allerdéngs begannen, si ass just nach bis de 16te MÀerz ze gesinn!

  • "Die Knuedler-Verschwörung" vun der Claude Dominicy

    "Gelegenheit macht Mörder" sou kĂ©int een dĂ©i Ă©ischt SĂ€ite vun dĂ«sem Krimi iwwerschreiwen. E puren Zoufall verleet eng TĂ€ter-Persoun dozou, e Mord ze begoen. A vun do un huet dĂ«s Persoun - wuertwiertlech - Blutt geleckt. Kuerz drop geschitt e misteriĂ©isen Duebelmord - an dobĂ€i wĂ€ert et net bleiwen. D'Kommissarin Dany Kerner enquĂȘtĂ©iert a pickt dobĂ€i an en Harespelsnascht aus Mobbing, MuechtmĂ«ssbrauch a Mord. D'Polizistin lĂ©isst sech dovun awer net dĂ©couragĂ©ieren. Hire VirwĂ«tz ass gestĂ«ppelt a si huet net wĂ«lles kleng bĂ€izeginn. Do dernieft muss si sech och mat private VerĂ€nnerunge beschĂ€ftegen, dĂ©i hiert Familjeliewen op d'Kopp geheien.
    Der Claude Dominicy ass e spannende an dÀischtere Krimi gelongen. Wie kann hir et do verdenken, dass si selwer och e bëssen am Schiet bleiwe wëll?
    Am Interview erzielt d'Claude Dominicy wéi si un d'Schreiwe komm ass, wéi eng Krimi-Auteuren si selwer gÀere liest a wéi eng ZukunftsplÀng si fir hir Kommissarin Dany Kerner huet.

    "Die Knuedler-Verschwörung" vun der Claude Dominicy ass am dÀitsche Gmeiner Verlag erauskomm.

  • "LĂ©a ou la thĂ©orie des systĂšmes complexes" vum Ian de Toffoli

    2023 ass et als Theaterstéck am Kapuzinertheater gewise ginn, elo ass d'Buch beim renomméierte franséische Verlag "Actes Sud" erauskomm.
    Dokumentatioun a Fiktioun: dem Ian de Toffoli sĂ€in Text ass bĂ©ides. Deen dokumentareschen Deel zeechent d'Geschicht vun enger mĂ€chteger US-amerikanescher Petrolsdynastie no an erfuerscht d'Zesummespill tĂ«scht Industrie a Politik an deen nefasten Afloss deen dĂ«se komplexe System op eis Ëmwelt huet.
    D'Figur vum Léa dogéint ass reng fiktiv. An enger Welt déi duerch den ongebremste Klimawandel riicht an d'Mauer fiert, gesÀit hat keng Zukunftsperspektiv méi a radikaliséiert sech. GlÀichzÀiteg muss hat erkennen, dass hat selwer en Deel vun dësem komplexe System ass.
    Am Interview erzielt den Auteur Ian de Toffoli vu senge Recherchen zu engem brisanten Thema dat duerch d'Aktualitéit ëmmer méi an de Fokus réckelt.

  • "Vergissmeinnicht - Eng Geschicht aus der Rundstedt-Offensiv a 25 Joer duerno" vum Guy Koenig

    Stiefesdag 1969. De Commissaire Bertemes huet BereetschaftsdĂ©ngscht, an eigentlech erwaart hie sech e rouegen Dag. MĂ€ et kĂ«nnt anescht. De Juge d'instruction vun Dikrech rifft un, et ass e Mord geschitt, an de Bertemes muss sech direkt op de Wee an d'Éislek maachen. D'Affer ass den Egon Schmit, en dĂ€itschen Hauptmann a frĂ©iere Wehrmachtszaldot dee fir eng CommĂ©moratiounsfeier zu Dierbelt war.
    Dat ass d'Ausgangssituatioun vum Guy Koenig sengem neie Roman "Vergissmeinnicht" . Am Interview erzielt hien wéi déif d'Wonnen aus der ZÀit vu der Rundstedt-Offensiv och 25 Joer méi spéit nach waren, an dat zu engem Moment wou et esou ausgesinn huet, wéi wann sech grad alles an der Welt géif verÀnneren.
    "Vergissmeinnicht" vum Guy Koenig ass bei Op der Lay erauskomm.

  • "Nightscapes" 3 onheemlech Geschichten vum Percy Lallemang

    Alpdreem gi wouer am Percy Lallemang sengen Nightscapes. E Mann ouni Schiet, eng kriminell Band déi am Edinburgh vun den 1830er Joren LÀiche klaut, eng Serie vu misteriéise MordfÀll am London vum Joer 2055. "May cause nightmares and visions. Contains traces of horror" sou heescht et schonn am Klappentext. Dir sidd also gewarnt! Am Interview erzielt de Percy Lallemang vu senger Faszinatioun mam Horror-Genre, awer och mat der Stad Edinburgh an hirer rÀicher Geschicht. Lauschtert eran...wann Dir Iech traut!
    "Nightscapes" vum Percy Lallemang ass bei Black Fountain Press erauskomm.

  • "Hirngespinste und Silberstreife" vum Luc François

    Am Luc François sengem éischten Erzielband ass all Geschicht eng Virwëtztut!
    De Luc François, Joergang 1993, schreift zënter iwwer 10 Joer Fantasy-Romaner. SÀi lescht Buch "Wasserstand" hat et op d'Shortlist vum Lëtzebuerger BuchprÀis gepackt. Mat "Hirngespinste und Silberstreife" leet en elo sÀin éischte Kuerzgeschichte-Band vir. Natierlech ass och nees Fantasy mat am Spill, awer net nëmmen. An deenen 12 Geschichten triede verkannte Superhelden op, fiktiv Rockstaren, an Eisebunn-Nostalgiker. De Lieser gëtt matgeholl op eng verwurrelt ZÀitrees a kann engem Personnage hannert d'Stir kucken...wuertwiertlech. Wéi en op all déi droleg Iddien kënnt? Dat erzielt de Luc François am Interview.
    "Hirngespinste und Silberstreife" vum Luc François ass bei Hydre éditions erauskomm.

  • "Lieferdienst" vum Tom Hillenbrand

    An dëser rasant erzielter Dystopie ass Konsum eng Fro vu Liewen an Doud. An dee jonken Arkadi geréit tëscht d'Fronten.
    Den Arkadi Schneider ass e "Bringer". Hie liwwert op sengem Hoverboard Wueren aus déi vun de Clienten bestallt a banne Minutten op engem 3D-Printer ausgedréckt ginn. Vitesse ass alles wat zielt, well nëmmen dee Liwwerdéngscht deen d'Wuer als éischte prett huet an se bei de Client liwwere kann, mécht e GeschÀft. DobÀi gëtt och gÀren emol mat onfaire Mëttele geschafft...
    Dem Tom Hillenbrand sÀi Roman spillt an enger Zukunft déi engem beonrouegend kënneg virkënnt. Konsum ass zum Selbstzweck ginn, an d'Bringer si glÀichzÀiteg d'Helden an d'Sklaven vun dësem System.
    Méi doriwwer am Interview mam Tom Hillenbrand!
    "Lieferdienst" vum Tom Hillenbrand ass bei Kiepenheuer und Witsch erauskomm.

  • D'USA an 10 Bicher

    Wat hu literaresch Wierker aus 3 Jorhonnerten mat der AktualitĂ©it an den USA am Joer 2024 ze dinn? Ganz vill, mengen d’Bea Kneip an d’Anglistin Diane Neises. Si hunn sech zesummegesat fir an engem Podcast doriwwer ze diskutĂ©ieren.
    D’Resultat ass e Podcast an deem ganz verschidde Bicher beschwat ginn vum Washington Irving senge Kuerzgeschichten iwwer esou bekannt Wierker wĂ©i “The Great Gatsby” bis bei mĂ©i rezent Romaner wĂ©i zum Beispill “Man in the Dark” vum Paul Auster oder “American Dirt” vun der Jeanine Cummins.
    Fir d'Walen an den USA mécht de Podcast "Lecture vun heiheem" sech ausnamsweis op de Wee iwwer de grousse Pull.

  • Enseignante, Editrice a SchrĂ«ftstellerin: d'Anne-Marie Reuter schwĂ€tzt an dĂ«ser Episode vun der Lecture vun heiheem iwwer hiren Ă©ischte Roman

    D'Anne-Marie Reuter ass dem literaresche Public am beschten als Editrice bekannt. Mat hirem Verlag "Black Fountain Press" huet si der engleschsproocheger Literatur zu Lëtzebuerg eng Stëmm ginn. Hannert de Kulissen huet si awer jorelaang och un engem eegene Roman geschafft. "M for Amnesia" ass den Titel vun hirem Débutroman, enger Dystopie an der sech alles ëm d'Mémoire dréint. Erënnerungen gi verluer an erëmfonnt, mÀ sinn dës Erënnerungen och echt oder just Illusioun? Kënnen Erënnerunge manipuléiert ginn, a, wa jo, wat mécht dat mat de Mënschen? Iwwer dës, a weider spannend Themen geet et am Interview mat der Anne-Marie Reuter.
    "M for Amnesia" vun der Anne-Marie Reuter ass bei Black Fountain Press erauskomm.

  • DĂ©i legendĂ€r Weltraum-Missioun Rosetta vun der European Space Agency, verstĂ€ndlech noerzielt fir Kanner

    Op engem klenge Fiels ze landen dee mat héijer Vitess duerch de Weltall jauft, dat war den Défi deen d'European Space Agency (ESA) mat der Missioun Rosetta ugeholl hat. 2004, no méi wéi 10 Joer Preparatioun, goung et lass, mÀ et sollt nach eng Kéier 10 Joer daueren bis de Space-Lander Philae um Koméit opsetze konnt. An hirem neie Buch "To Meet a Comet" erzielt d'Isabelle Marinov wéi vill Schwieregkeeten hu misste gemeeschtert ginn bis et souwÀit war.
    Am Interview verréit si awer och wéi et mam Hugo, dem Alex an dem Julie, den Helden aus hirem beléifte Kannerbuch "Boy Underground" weidergeet. Mir tauchen am Mëttelmier no engem Schëffswrack aus der RéimerzÀit, mir léiere Chinesesch a mir ginn an de Kino!

  • A sengem Roman "Yeshuah - une vie de JĂ©sus aprĂšs sa Crucifixion" erzielt de Claude Schmit eng alternativ Geschicht vum Jesus.

    De Jesus ass um KrÀiz gestuerwen, gouf begruewen, ass operstaanen, an an den Himmel opgefuer. Dat ass den Narrativ vun der Bibel, sou wéi mir e kennen. MÀ wat wier, wann hien iwwerlieft a sech vu senge Blessuren erholl hÀtt? Wann de Prophet vun Nazareth villÀicht souguer en neit Liewen ugefaangen hÀtt? Genee dat ass den Ausgangspunkt vum Claude Schmit sengem Roman "Yeshuah - une vie de Jésus aprÚs sa Crucifixion". Am Interview erzielt den Auteur wat hien un dem Thema gereizt huet a wéi en sech d' Figur vum Jesus als Mënsch virgestallt huet.

    "Yeshuah - une vie de Jésus aprÚs sa Crucifixion"
    Claude Schmit
    erauskomm bei den éditions Phi
    ISBN 978-2-919818-18-1
    20€

  • "Camille Sutor - Lion de la rĂ©sistance - Löwe des Widerstandes" vum AndrĂ© Grosbusch

    Den 19te Mee 1944 ass de Camille Sutor mat nëmmen 23 Joer a sengem Elterenhaus zu Iermsdref vun der Gestapo erschoss ginn.
    "Net ee vu villen", dat ass den Ënnertitel vun dĂ«sem Wierk mat dem den Historiker AndrĂ© Grosbusch un deen eminente Resistenzler erĂ«nnert.
    Wéi ee Courage de Camille Sutor hat war fir sech géint d'Nazien ze stellen, awer och wéivill Geschéck a Schlauheet néideg waren fir den Alliéierte wichteg Informatiounen zouzespillen ouni sech erwëschen ze loossen, doriwwer hunn ech mech mam Auteur André Grosbusch a mat der Nathalie Brachmond-Sutor, der Enkelin vum Camille Sutor sengem Brudder Richard, ënnerhalen.

  • An dĂ«ser Episode vum Podcast schwĂ€tzt dĂ©i jonk LĂ«tzebuerger Autorin iwwer den Ă©ischten Deel vun hirer Serie, de Roman:"A Searing Faith"

    Dat jonkt Rena geet an de BĂ«sch fir Kraider ze sammelen, a wĂ©i hat zerĂ©ckkĂ«nnt ass sĂ€in Doheem zerstĂ©iert. Dat ganzt Duerf ass bis op d'Grondmaueren ofgebrannt, keng Spuer vun Iwwerliewenden. Vun engem Moment op den aneren ass dat jonkt Meedchen alleng op sech gestallt, ouni Famill an ouni eng Äntwert op dĂ©i Froen dĂ©i hat net mĂ©i lassloossen. Wat ass geschitt? War d'Feier wierklech en Accident oder ass et ganz bewosst geluecht ginn? A gĂ«tt et Hoffnung fir op d'mannst seng SchwĂ«ster lieweg erĂ«mzefannen? Dem Maya sĂ€i Rank ass deen eenzegen Indiz deen d'Rena huet, mĂ€ hat wĂ€ert net opginn bis hat d'Wouerecht erausfonnt huet. A ganz onerwaart fĂ«nnt hat nei FrĂ«nn dĂ©i hat bei senger Sich Ă«nnerstĂ«tzen.
    "A Searing Faith" ass den éischte Roman vum Audrey Martin an den Ufank vun enger Serie bei der d'Lieser ofstëmme kënnen a wéi eng Richtung d'Geschicht sech weider entwéckele soll. Am Interview verréit déi jonk Autorin méi iwwert den Univers vun "The Heart Pyre" a wéi een als Lieser un der Geschicht deelhuele kann.

  • Eescht, witzeg oder heiansdo souguer carrĂ©ment skurril: Am neitsten Episod vum Podcast Lecture vun heiheem erzielt de Robbie Martzen vu senge Reesen.

    Lëtzebuerger reese gÀren, dat ass gewosst, an de Robbie Martzen, 1969 zu Lëtzebuerg gebuer, ass do keng Ausnam. A sengem éischte Buch, dat ënnert dem Titel "A Pint of Fish Fingers" bei Black Fountain Press erauskomm ass, erzielt hie vu senge Reesen, déi e gréisstendeels an engleschsproocheg LÀnner gefouert hunn. Am Interview verréit hien wat een alles erliewe kann wann een ouni e Su an der TÀsch zu London festsëtzt, wat d'Leit op der anerer SÀit vum grousse Pull iwwer Lëtzebuerg wëssen, (oder och net) an dass déi spannendst Reesen een heiansdo op ganz onerwaarten Destinatioune féiere kënnen...

  • IergendwĂ©i hĂ€nkt alles schif, am Liewe vun de Personnagen aus dem Guy Helminger senge Kuerzgeschichten

    Biller déi vun der Mauer verschwannen, Bicher déi aus Regaler erausfalen, e kollektiven Dram an e Schrëftsteller dee bei engem Openthalt am Spidol an eng aner Dimensioun ze gerode schéngt. Fir d'Personnagen an dem Guy Helminger senge Stories ass op eemol nÀischt méi esou wéi et emol war. Hir Welt geréit an d'Rutschen, wéi e Stillleben dat alles anescht wéi stëll ass. An dëser Episode vum Podcast "Lecture vun heiheem" erzielt de Guy Helminger awer net nëmmen vun de Verbindungen tëscht senge Figuren déi sech tëscht de Geschichten hin an hier bewegen an dobÀi ëmmer nei Facetten vu sech prÀisginn. De Schrëftsteller a Globetrotter léisst eis och u senge Reesen deelhuelen. Viru kuerzem war hien an Indien an am Nepal, hien erënnert sech awer och u sÀi Besuch a Brasilien. A wien de Guy Helminger kennt, dee weess, dass hien sech op senge Reesen och op Plazen traut, déi den duerchschnëttlechen Tourist éischter net um Radar huet...
    "Das GerÀusch der Stillleben" vum Guy Helminger ass bei Capybarabooks erauskomm