Episodes
-
Eng ganz Partie Europadeputéiert - genee geholl ee vu véier - verdénge Suen niewent hirem Mandat am Europaparlament. Bei verschiddene läit déi Paie esou guer iwwert de ronn 10.000 Euro, déi een Deputéiert brutto de Mount verdéngt. Net ëmmer ass kloer, ob déi parlamentaresch Aarbecht eventuell duerch déi Nieweverdéngschter kéint beaflosst ginn. Transparency International huet déi neiste Chifferen zesummegedroen a fuerdert méi streng Reegelen.
-
Net nëmmen an den USA mee och am Frankräich gëtt op den Unie géint de Krich an der Gazasträif protestéiert. Zu Paräis hunn an de leschte Wochen d’Aktioune vun de Studenten zougeholl. Verschidden Universitéiten ewéi d’Sorbonne oder d’Sciences Po zu Paräis goufe kuerzzäiteg vun deenen, déi protestéiere, besat. D’Unisdirektiounen an d’Regierung verurteelen d’Aart a Weis, wéi protestéiert gëtt. D’Aktivisten awer wëllen net noginn.
-
Episodes manquant?
-
Polen huet wëlles, déi stäerksten Arméi an Europa opzebauen - dee Plang gëtt virun allem zanter dem Ufank vum krich an der Ukrain mat vill Asaz verfollegt. Dat geet iwwer gréisser Investissementer an d'Arméi bis bei d'Promotioun vun neie Militärdéngschter, mam But d'Zuel vun den Zaldoten an Zaldotinnen ze verduebelen. Eise Pole-Korrespondent Adrien Sarlat war an der Géigend vu Warschau op den Terrain kucken, wou Rekrutten eng speziell Formatioun matmaachen, ier se op mannst ee Weekend am Mount ee weideren Training absolvéieren.
-
Polen huet wëlles, déi stäerksten Arméi an Europa opzebauen - dee Plang gëtt virun allem zanter dem Ufank vum krich an der Ukrain mat vill Asaz verfollegt. Dat geet iwwer gréisser Investissementer an d'Arméi bis bei d'Promotioun vun neie Militärdéngschter, mam But d'Zuel vun den Zaldoten an Zaldotinnen ze verduebelen. Eise Pole-Korrespondent Adrien Sarlat war an der Géigend vu Warschau op den Terrain kucken, wou Rekrutten eng speziell Formatioun matmaachen, ier se op mannst ee Weekend am Mount ee weideren Training absolvéieren.
-
Haut sinn zu London déi 6,2 Milliounen Awunner an Awunnerinnen opgeruff, een neie Buergermeeschter oder Buergermeeschterin ze wielen. De Sadiq Khan regéiert zanter 2016 an der "Townhall". Hien ass de Favorit, fir eng drëtte Kéier op dee Posten ze kommen. Zwee Deeg virun de Wale gouf ee Jonke vu 16 Joer ëmbruecht no enger Attack mat engem Schwäert am Norde vun der brittescher Haaptstad, véier Leit goufe blesséiert. An effektiv war d'Sécherheet zu London den Haaptthema an der Wal-Campagne.
-
Aacht EU-Politiker:innen - fënnef Männer an dräi Fraen - stounge sech gëschter Owend an enger éischter ëffentlecher Debatt tëschent Spëtzekandidate fir d’Europawahlen géintiwwert. Annerhallef Stonn laang hu si op Invitatioun vum Magazine Politco zu Maastricht méi oder manner engagéiert iwwert Klima, Sécherheet an Demokratie diskutéiert.
Esou ee richtege Gewënner gouf et um Enn net - wann och d’Chrëschtdemokratin an aktuell Cheffin vun der Europäescher Kommissioun, d’Ursula von der Leyen an de Gréngen Spëtzekandidate an Europadeputéierten Bas Eickhout am meeschten erausgestach hunn. -
“Eis Europa ass stierflech, et ka stierwen” - dat ass dee Saz aus dem President Emmanuel Macron senger grousser Ried déi lescht Woch op der Sorbonne zu Paréis, deen am meeschten hänke bleiwen. Siwe Joer no sengem leschten Europadiscours a gutt 6 Woche virun den Europawalen huet de franséische President e Bilan gezunn an ambitiéis Ziler a punkto Wirtschaft a Verdeedegung gesat. Wéi realistesch sinn déi Ziler?
-
D'Europadeputéiert hunn hir Saache gepak a Stroossbuerg no der leschter Sëtzungswoch vun dëser Mandatsperiod Äddi gesot. Net jidderee vun hinne wäert no de Wale vum 9. Juni an därselwechter Fonctioun kënnen zréckkommen. Den Olivier Hanrion vun der RTBF kuckt mat sengem gewinnten ironeschen Toun - an enger musikalescher Einlag - ob déi emotional Momenter vun der leschter Woch zréck.
-
Zu Stroossbuerg haten déi ronn 700 Europadeputéiert Äddi gesot bei hirer leschter Plenière an dëser Legislaturperiod. Déi aktuell Lëtzebuerger Europadeputéiert trieden all nach eng Kéier un, dat ass awer nach laang net fir all d’Parlamentarier:innen de Fall . Dowéinst an och well sech jo kee ganz sécher ka sinn, op en erëmgewielt gëtt, war et een Äddi mat deels villen Emotiounen.
-
Bréissel lauschtert op déi, déi mat hiren Tracteuren iwwer d’Strooss gefuer sinn, an hëlt hir Suergen eescht - dat ass de Message, dee gëschter vun enger Majoritéit vun den Europadeputéierten un d’Bauere geschéckt gouf.
D’Europaparlament huet d’Mesuren, déi d’Europäesch Kommissioun virun engem Mount proposéiert hat, adoptéiert. Et handelt sech an éischter Linn ëm Labberunge vun Ëmwelt-Oplooen, wouduerch déi administrativ Laascht fir d’Betriber méi kléng gemaach gi soll. -
D’Europaparlament gëtt gréng Luucht fir d'Reform vum Stabilitéitspakt, dee mat de Memberlänner ausgehandelt gi war. Si ass net onëmstridden. Dobäi geroden déi al Argumenter uneneen: Méi streng Budgetsregele fir méi Stabilitéit soen déi eng, méi labber Reegelen, wëll soss ausser Spueren näischt méiglech ass, soen déi aner.
-
A Portugal gëtt dës Woch gefeiert: Iwwermuer sinn et 50 Joer hir, datt d’Diktatur vum Antonio de Oliveira Salazar duerch ee Militär-Coup gestierzt gouf. De 25. Abrëll ass Nationale Feierdag a gëtt als Dag vun der Fräiheet all Joers gefeiert. Dëst Joer, um ronne Gebuertsdag vun der sougenannter "Revolutioun vun den Oeillete" si besonneg vill Evenementer virgesinn. Eng Korrespondenz vum Marie-Line Darcy.
-
Erausgoen an keen Alkohol drénken – dat ass en neien Trend a Groussbritannien. D‘Vente vun de Gedrénks ouni Alkohol huet zougeholl – d‘Offer huet sech an de leschte Joren staark diversifizéiert - dat läit virun allem och drun, datt d‘Demande no Drinks ouni Alkohol do ass – bei Jonken, déi manner Wäert op Alkohol leeën awer och bei eelere Leit, déi op hir Gesondheet oppasse wëllen.
-
D’Biller vun der brennender Kathedral goungen deemools ëm d’Welt. E Schock fir d’ganzt Land, een Dag nom Feier hat de President Emmanuel Macron versprach Notre-Dame innerhalb vu fënnef Joer nees opzebauen. Ufank Dezember soll et souwäit sinn an Notre-Dame nees hier Dieren opmaachen a Visiteuren aus der ganzer Welt empfänken. Bis dohi ginn et awer nach sëlleg Aarbechten ofzeschléissen. Eise Korrespondent Max Tholl iwwert dësen eenzegaartege Chantier.
-
D’Biller vun der brennender Kathedral goungen deemools ëm d’Welt. E Schock fir d’ganzt Land, een Dag nom Feier hat de President Emmanuel Macron versprach d'Notre-Dame innerhalb vu fënnef Joer nees opzebauen. Ufank Dezember soll et souwäit sinn an d'Notre-Dame nees hir Dieren opmaachen a Visiteuren aus der ganzer Welt empfänken. Bis dohi ginn et awer nach sëlleg Aarbechten ofzeschléissen. Eise Korrespondent Max Tholl iwwert dësen eenzegaartege Chantier.
-
Wéi kann d’Europäesch Unioun et fäerdeg bréngen, ekonomesch mat China oder den USA matzehalen?
Um EU-Sommet haut gëtt doriwwer diskutéiert. Als Diskussiounsvirlag déngt ee Rapport vum fréieren italieenesche Premier Enrico Letta - deen op 150 Säite beschreift, wat d’Europäesch Unioun senger Meenung maache muss, fir méi kompetitiv ze ginn. Dora gëtt och eng méi staark Integratioun vum Finanzmarché an dee Bannemaart proposéiert. Lëtzebuerg ass do net dergéint - huet awer Problemer domat, ze vill Kontroll u Bréissel ofzeginn. -
Deen däitschen CDU-Politiker Pieper verzicht op een héijen EU-Posten, nodeems sech d‘Kommissiounscheffin de Reproche vu “Vetternwirtschaft“ huet misse gefale loossen. Eng Affär, déi d‘Ursula vun der Leyen méiglecherweis net esou séier lass gi wäert.
-
Viru gutt zwou Wochen huet déi tschechesch Regierung annoncéiert, si hätt e pro-russescht Propaganda-Netzwierk opgedeckt. Eng sëllegen EU-Politiker hätten deemno vun der Internetplattform Voice of Europe Suen dofir krut, pro-russesch Aussoen ze maachen. Mat am Fokus vun de Virwërf: den däitsche Politiker Petr Bystron, Nummer 2 op der AfD-Lescht fir d’Europawalen.
-
Wéi positionéiert oder esouguer engagéiert sech Lëtzebuerg an Zukunft zu Bréissel, wann iwwer d‘Zukunft vun der Atomenergie diskutéiert gëtt? Hält ee sech do éischter méi zeréck, wéi de Premier dat viru Kuerzem ugedeit huet, oder trëtt ee weider als fervente Géigner vum Nucléaire op? Déi Fro stelle sech zu Bréissel d‘Lobbyiste vu béide Säiten - deenen, déi fir an deenen déi géint Atomkraaft sinn.
-
E Mëttwoch huet déi franséisch Gesondheetsministerin Catherine Vautrin dem Conseil des ministres de Gesetzesprojet “fin de vie” virgeluecht. Dës Reform ass en zentrale Projet vum President Emmanuel Macron senger zweeter Amtszäit an huet zwee Voleten: d’Aféierung vun enger Stierfhëllef an den Ausbau vun der Palliativmedezin. Grad bei der leschter huet Frankräich nach vill nozehuelen.
- Montre plus