Episódios
-
Déi betraffe Konzerner gi verdächtegt, déi europäesch Konkurrenzreegelen net respektéiert ze hunn. Déi sinn zanter Kuerzem a Kraaft, a sinn deem engen oder aneren Internetuser sécher och schonn opgefall. De Sandro Calderon vun der belscher RTBF erkläert.
-
An der Europäescher Unioun ginn ëmmer nees fäerdeg Gesetzestexter, iwwer déi sech d’Memberlänner mam Europaparlament no laange Verhandlungen eens goufen, a Fro gestallt.
Dat lescht Beispill ass dat vill diskutéiert Naturschutzgesetz, dat elo riskéiert am Tirang ze bleiwen.
Wat ass ee politeschen Accord tëschent den EU-Institutiounen an där legaler Prozedur iwwerhaapt nach wäert, froe sech ëmmer méi Observateuren zu Bréissel. -
Estão a faltar episódios?
-
Déi Europäesch Kommissioun wëllt een europäeschen Unis-Diplom op de Wee bréngen. Fir dat ze realiséieren, mussen iwwerall déi néideg Instrumenter fir zesummenzeschaffen unerkannt ginn - seet d’Associatioun vun den europäeschen Unien.
-
Op EU-Niveau solle verschidden Ëmwelt-Reegele fir d’Bauere gelockert ginn. Lëtzebuerg begréisst déi proposéiert Ännerungen - dat sot gëschter d’Agrarministerin Martine Hansen zu Bréissel. Si gesäit keng Gefor, datt den Agrarsecteur doduerch elo sengen Obligatiounen a Saachen Ëmwelt- oder Klimaschutz net méi nokéim.
-
Déi Europäesch Kommissioun geet géint Apple, Alphabet an de Facebook-Konzern Meta vir. Déi dräi Entreprisë stinn am Verdacht, géint nei EU-Reegelen iwwer den Dateschutz vun hire User verstouss ze hunn.
-
D’Regierung an d’Stad Paräis versichen ze vermëttelen, datt si optimistesch op dat risegt Sportsevenement kucken. Mee et ginn nach grouss Erausfuerderungen. Ugefaang mat der Ouverture vun de Spiller, wou ronn zéng Dausend Sportler mat Booter iwwer d'Seine solle fueren. Och verschidde Competitioune sollen an der Seine sinn, mee et gi grouss Bedenken. Dozou eise Paräisser Korrespondent Max Tholl.
-
Depuis l’invasion de la guerre en Ukraine, la Pologne et les pays baltes sont considérés comme les prochaines cibles de Poutine. Dans ce contexte de menace croissante pour le pays, les dirigeants polonais ont affiché depuis deux ans leur volonté de créer “l’armée la plus puissante d’Europe”. Depuis, les centres de recrutement ne désemplissent pas. Adrien Sarlat a visité celui du quartier de Praga, à Varsovie.
-
D’Europäesch Unioun muss sech militäresch besser opstellen, doriwwer si sech déi 27 EU-Staats- a Regierungscheffen eens. Wéi een déi néideg Suen dofir zesummekritt, ass awer nach ëmstridden.
-
Déi Europäesch Kommissioun proposéiert, der Ukrain Profitter aus konfiszéiertem russesche Verméigen zur Verfügung ze stellen. An zwar sollt där Propos no dee gréissten Deel dovun an dat ukrainescht Militär gestach ginn.
Dee Virschlag gouf gëschter (20.3.) op den Dësch geluecht, an en ass net onëmstridden ënner de Memberlänner - Lëtzebuerg gehéiert zu deenen, déi net direkt jo gesot hunn. -
De President an Onofhängegkeetskämpfer Pere Aragones wollt seng Amtszäit eigentlech bis zu Enn duerchzéien, mee säin neie Budget koum am katalanesche Parlament net duerch. Dofir huet hien onerwaart d’Parlament direkt opgeléist.
Fir de spuenesche Regierungschef Pedro Sanchez ass et wéi en éiwegen Neiufank. Nodeems hien am November no véier Méint Verhandlunge mat de lénke Parteie gewielt gouf, befënnt hie sech elo erëm am Walkampf. Dës Kéier ass d’Zil Kandidate vun der sozialistescher Partei un d’Spëtzt vu Katalounien ze wielen. -
Depuis l’invasion de la guerre en Ukraine, la Pologne et les pays baltes sont considérés comme les prochaines cibles de Poutine. Dans ce contexte de menace croissante pour le pays, les dirigeants polonais ont affiché depuis deux ans leur volonté de créer “l’armée la plus puissante d’Europe”. Depuis, les centres de recrutement ne désemplissent pas. Adrien Sarlat a visité celui du quartier de Praga, à Varsovie.
-
2024 sinn a Groussbritannie Walen an de Keir Starmer vu der Labour Partei dominéiert an den aktuellen Ëmfroen. Wie gemengt huet, datt no Brexit, Boris Johnson a Liz Truss als Regierungscheffen déi populistesch Ära a Groussbritannien eriwwer wier, huet sech getäuscht.
-
D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet kee Problem domat, fir zesumme mat der ëmstriddener italieenescher Ministerpresidentin Giorgia Meloni an d'Kameraen ze laachen. An och d'Walen a Portugal, wou d'Partei Chega vill Stëmme bäikritt huet, weisen, datt Rietspopulismus - an Extremismus - ëmmer méi salonsfäeg ginn, esou d'Analys vum Olivier Hanrion vun der belscher RTBF.
-
Den däitsche Bundestag huet sech gëschter (14.3.) dogéint ausgeschwat, der Ukrain Rakéite vum Typ Taurus ze liwweren. D’Uniounsparteien CDU an CSU haten eng deementspriechend Motioun agereecht, déi awer keng Erfollegschancen hat. Dës gouf och vu vereenzelte Membere vun de Regierungsparteien FDP a Bündnis90/Die Grünen ënnerstëtzt. Der Stëmmung an der Bundesregierung, déi a Saachen Ukrain-Hëllef souwisou gereizt ass, dierft den Taurus-Vote net hëllefen.
-
An der franséischer Assemblée Nationale gëtt haut (14.3.) e Gesetzesprojet presentéiert, deen der sougenannter Ultra Fast Fashion, also Moud, déi ganz bëlleg an an immens héijer Quantitéit produzéiert gëtt, de Kampf useet. Dës Moudemarken, déi mat hirer Offer d’Klima an d’Ëmwelt schiedegen, sollen an Zukunft e spezielle Malus bezuelen. Och dierfe si keng Reklamm méi maachen an hir Clienten iwwer den ekologeschen Impakt vun de Kleeder informéieren. D’Regierung an och d’Oppositioun wëllen den Text ënnerstëtzen. Vu Paräis, eise Korrespondent Max Tholl
-
Dës Woch gouf en Deel vun der Costa Brava (Küst tëschent Barcelona a Frankräich) an d'Phas 2 vum Noutfallplang gesat. D'Aschränkunge ginn ëmmer méi streng an d'Bewunner rechnen elo scho mam Schlëmmste fir de Summer. Eng Korrespondenz aus Spuenien vum Aurélie Chamerois
-
Après les législatives de dimanche 10 mars au Portugal, et sur fond de montée en puissance de l’extrême droite, on s’interroge sur la gouvernabilité du pays. L’alliance démocratique de Luis Montenegro disposant d’une majorité relative à l’Assemblée doit trouver des alliés. Une position difficile, alors que Montenegro sera probablement invité à former le gouvernement. Dans un Portugal politiquement fragmenté les principaux partis ont rappelé leur position.
-
Wann ee géif schwätze wéi déi italieenesch Ministerpresidentin Giorgia Meloni, an denke wéi déi franséisch Deputéiert Marine le Pen, da géif een de Risiko lafen, datt méi lénk Kräften engem net méi hëllefe fir un d'Spëtzt vun der Kommissioun ze kommen, mengt den RTBF-Journalist Olivier Hanrion.
-
Kritt déi éischter liberal Ursula Von der Leyen een neien Image duerch de konservativen EVP-Manifest? Doriwwer huet d’Sophie Schroeder mam CSV-Generalsekretär an EU-Kandidat Christophe Hansen geschwat.
-
Der brittescher Regierung no ass d'Zäit vun der Austeritéit vläicht eriwwer, mee déi lokal Autoritéiten an England gesinn dat net esou. Dës Woch hunn der zwou vun hinne fir drastesch Budgetreduktioune gestëmmt, notamment zu Birmingham, där zweetgréisster Stad an England.
- Mostrar mais