Episodes
-
Episodes manquant?
-
An eisem Podcast "DrĂ«tt Hallschent â De Sport Talk" ass dĂ«s Woch den Dressurreider Nicolas Wagner InvitĂ©.
De Nicolas Wagner, ass dĂ«s Woch den InvitĂ© an der âDrĂ«tter Hallschentâ. No Tokio 2021, war den Dressurreider och dat leschte Joer nees bei den Olympesche Spiller, mat dobĂ€i. Zu ParĂ€is koum hien op dĂ©i ganz gutt 24. Platz. Am Podcast beim Rich Simon erzielt hien Ă«nnert anerem, wĂ©i hie bei den Dressursport komm ass. Et geet een awer och gewuer, firwat hie sech virun 10 Joer entscheet huet, fir de Quater Back Junior, mat deem hien op den Olympesche Spiller war, ze kafen. Den Nicolas Wagner verrĂ©it eis awer och, wĂ©i gutt de Grand-Duc Henri ka reiden. -
An eisem Podcast âDrĂ«tt Hallschent â De Sport Talkâ ass dĂ«s Woch den Tom Habscheid InvitĂ©.
Am Podcast beim Rich Simon, erzielt den Tom Habscheid ënnert anerem, firwat hien Decisioun geholl huet fir ee Comeback ze maachen. Thema Inclusioun lÀit dem Bommstousser um HÀerz an hie setzt sech vill dofir an, datt déi an den nÀchste Joren nach besser gëtt. Een zweete Comeback, huet hien an der Drëtter Hallschent kategoresch ausgeschloss. An d'Zukunft konzentréiert hie sech verstÀerkt op de Kraaftsport. A Schottland hieft hien zum Beispill Steng an d'Luucht. -
Dës Woch ass d'Christine Majerus eis Invitée am Podcast Drëtt Hallschent.
Mat 37 Joer, huet d'Christine Majerus de Vëlo un den Nol gehaangen. An der "Drëtter Hallschent", kuckt de Rich Simon zesumme mat der Grande-Dame aus dem Lëtzebuerger Cyclissem zeréck op eng eenzegaarteg KarriÀr. Wéi huet alles ugefaangen a wéi huet den Damme-Cyclissem sech an de leschte Jore verÀnnert? Dat si Froen, déi beÀntwert ginn. Am Podcast kuckt d'Christine Majerus awer och zeréck op déi manner schéi Momenter, déi et am Laf vun der KarriÀr goufen. Virun allem d'Accident vum Amy Pieters deet dem Christine Majerus nach ëmmer wéi. D'Ausnameathletin erzielt awer och, wat fir eng Bedeitung déi siwefach Auszeechnung zur Sportlerin vum Joer fir si huet. -
Dës Woch geet et am Podcast Drëtt Hallschent ënnert anerem ëm d'KarriÀr vum Cyclist Alex Kirsch.
Den Alex Kirsch ass dës Woch den Invité an der "Drëtter Hallschent". Am Gespréich mam Rich Simon, kuckt den 32 Joer ale Coureur zeréck op déi leschte Joren a wéi de Cyclissem sech verÀnnert huet. Hie schwÀtzt iwwer seng Roll an der Ekipp a wéi hie sech mam Mads Pedersen versteet. An och d'Sécherheet am Peloton ass een Thema. - Montre plus