エピソード
-
Mir sinn erëm do an hunn alles dobäi, wat dir fir d'Feierdeeg braucht: Trüffelpasta, d'Kussespill an eng gutt op den Aarsch. D'Lisa Left Eye Lopes an en Engel mat BBL präsentéieren iech haut Beef mat der Krankekeess 2.0, skandaléist Security-Behuelen an de Mustard of Disaster.
Äre Bitcoin-Helpdesk verséisst iech d'Adventszäit mat de beschte Recommandatioune fir de Schluss vum Joer: ënner anerem gëtt eng Reportage iwwer eist Liblings-Zirkuspferd, eng lourd Telenovela-Obsessioun, e wonnerschéine Country-Album an en dramhafte Restaurant.
D'Taylor Swift ënnert de Podcasts bitt iech zwar eng Folleg mat ganz ville Cuts, mee dofir och mat engem léiwe Flic, Prominenz bei der OKF an alternativ Konzepter zu Chrëschtdag. Happy Quikanja! -
Et ass eng Schank laang Zäit fir eng nei Episod – also gëtt direkt lassgeluecht.
Alles geet bei der Däiwel a mir mat: Et gëtt Neies vun der Police hirem Etablissement, RTL geheit sech aus der Fënster an et herrscht Weltschmerz no de Walen. "Loyalität vor Kompetenz" am Wäissen Haus, zukünfteg Tattoo-Projeten an Urban Legends mat Nimm sinn haut mat vun der Partie... genee esou wéi ganz vill Geraschels, Gequiitschs a Gebills. Et ginn Organisatiounstipps mam Contessa Venezuela, eng Hexejuegd, Emarmungen an en Touch Martha Stewart. Boyband-Rabbitholes, Verräter oder och Oscar Buzz... an natierlech ginn och nees fundamental Froe gestallt: How does she do it? Ass schonn Zäit fir "Paus. - die Abrechnung"? A ween ass de Paul? -
エピソードを見逃しましたか?
-
Evacuate the Liichterketten, et ass Zäit fir Chrëschtdag!
Ënnert dëm Motto "Huiuiui...heute wird's anders!" présentéiert äre Liblingspodcast iech kuerz no Halloween net just "passiv-aggressive Szenen einer Freundschaft", mee och allerhand aner spooky Saachen ewéi Zukunftsängscht duerch Jugendfilmer, Morde fir de Glow, den DJ Ötzi als Stripper a Läiche bei der Schoul.
E Film iwwer Jeans an Dance Moms steet och um Programm, genee ewéi d'Téléréalité française aus den 2000er a "Bitzen Doheem".
D'Cl-AI-re Luxlait, d'Podcast-Wanderhure an e multilinguaalt Pianogenie sinn o nach mat vun der Partie.
Wéi ëmmer, ginn och brennend Froen opgeworf... ënner anerem: Wee war am Hitler senger Bidden? Ween ass d'Sonia in Paris? A wee vun eis spillt Triangel an der Philharmonie? -
Den heiligen St. Chickenfinger ass aus dem Marianengraben operstanen a prett fir d'Bear-Week! Mam Porno-Halsduch, Schimmel un der Mauer a bad Allies starte mir an déi nei Woch. Et gëtt ënnert dem Pentagramm gejaut, eng Jesus-Obsessioun aus der Primaireschoul nees ausgepak a géint e Kand gepöbelt. Mat dobäi sinn och d'Rihanna, dem Ryan seng It-Boys an en Touch Gebills. Et gi Lidder fir aus der Dusch ze sprangen, Frae-Flops an e Kanister Theaterblutt. Blame it on the rain!
-
Am Lëtzebuerger été indien gëtt et dach näischt méi Schéines ewéi plakeg Loverboys um Daach, her royal cuntiness op der Bün an de Frankie Valli op wat och ëmmer.
Herrgott erhéier eis, well et gi schwéier Froen ze beäntweren (merci Tristan) a vill Reliéises ze beschwätzen: Poopst, Kardinol, e sexy Rabbi a Ketamin-Mormonen? Mir hunn se all mat am Pausa-Mobil.
Mee och cineastesch Epiphanië sinn dobäi! Am CNA ass et extra flott, am Kinepolis awer net (well do viru Geriicht gesonge gëtt).
Am Delirium gëtt o nach iwwer lëtzebuergesch Musiktalenter, skandaléis Zoustänn bei der Krankekeess an d'Sommerhaus der Mörder diskutéiert. Kyrie Eleison! -
Endlech ass et esouwäit! The internet's favorite boyfriend, Lausbouf, Pädagog an ally huet et an de Podcast gepackt... an ass a senger healing era.
De "Cis Gars" (neie Kënschtlernumm?!) huet net nëmmen LX-Rapper, nostalgesch Gefiller an e grousse Coup mam Yung Hurn matbruecht, mee och fragil Männeregos a Basketstrainerinnen.
Liebesgeständnisser, Perspektivewiessel an eng Wäikinnigin op Konfrontatiounskurs si genee esou mat dobäi ewéi den "Hide the pain Raab", den Dave Grohl, d'Zelda an d'Schrondweiler Jugend (feat. AnnenMayKantereit).
Wou sinn d'Festivals zu Lëtzebuerg? Wou ginn d'Boomer un? A wat steet op der leschter Säit am Opklärungsbuch? -
Häerzlech wëllkomm beim Dschungel Camp Lëtzebuerg! Haut gëtt et déi klengst Generatioun vun der Welt an de längste Gedoldsfuedem, Wäikinniginnen an tea vum Steieramt, Action zu Malle an Hollywood Marketing Fails. Manner Larifari an zum Deel ongewinnt seriö Theme stinn um Programm: Et gëtt e Misogynie-Selbsttest, Neies vum Mockridge a gesellschaftlech Probleemer, déi keng méi sollte sinn. Mat dobäi sinn awer o nach d'Serienempfehlungen vum Summer, erotesch Angscht, japanescht Gegoogels an d'Glenn Close. Wee vun eis wär bal 20 Joer mat der "Anaconda" gefuer? Wär "Jiddereen aneren in Paris" eng besser Serie ewéi d'Emily? An ass Tennis wierklech d'Sprooch vum Sport?
-
Et geet elo duer! Är OGs sinn erëm do an hunn alles mat dobäi, wat d'summerlecht Häerz héich schloe léisst: Wirschtercher, Hënn mat Goldketten an iwwerdeiert Birkenstocks. D'Vakanzevibes gi komplettéiert duerch eng vegan Metzlerduechter, Mansplaining, Melodramatik an d'Môme herself.
Vill "almost 40"-excitement, eng gebrache Lanz fir Kuelenhydrater an d'grouss Speedo-Kontrovers sinn och mat dobäi.
Et gi gratis Geschäftsiddie mat der Lëtzebuerger Sprooch an Decisiounen, ouni virdrun eng Fra ze froen (GANZ schwiereg, dat ze soen).
Huet de Claude Monet tatsächlech bei engem Diddelenger Café ofgekuckt? Wisou sollte mir all nom Motto "Read the street" liewen? A so mol googelt et nach?? -
Treffen sech dräi Labertaschen am "Quai" zu Maacher... Nee, et ass kee Witz, mee eis aktuell Summerepisod mam Gilles Reuter, dee vill iwwer Naturwäin, seng Dadaen an Éisträich (wou onsympathesch sinn an Haass en Deel vun der Kultur sinn) ze zielen huet. Tëscht Wiener Baren an engem feelende Kölner Stadzentrum geet et och ëm TV-Entspanung fir Leit mat rouden Aen, Serië fir d'Häerz an ugepisste Kanner (literally).
Et gëtt wëll an onfiltréiert, well mat dobäi sinn ënner anerem d'Martine an den (toxic) René, e Lausbouf-Igel, dee vill drénkt, petty Polizisten an d'punkegt Chappell Roan.
Äert biodynamescht Trio beschwätzt verjärte Strofdoten, Terrorverdacht beim Taylor, Autosgeschichten tëscht "Arts et Métiers" an "ECG" an de Lëtzebuerger Vocabulaire.
Wat ass e PetNat? Gi mir no dësem Podcast vum Kai Pflaume verklot? Wéi gesäit et am Backstage bei "Rammstein" aus? A ween huet mat de "No Angels" Schampes op der "Päischtcroisière" gedronk? -
It's a Susy Lentz Summer! Äre Liblingspodcast kritt 5 Joer a wéi kéint een dat besser feieren, ewéi mam (M)arielle, dat eis beim "Télévie" ersteet hat?! Herbert, Karen, Guy, Riccardo, Joel a Bill – dat si nëmmen e puer Nimm, déi an dëser Episod falen. Das literarische Quartett zu dräi schwätzt iwwer dem Frida Kahlo säi Mann beim "Lëtzebuerger Wort", "Fada's Family" am Bioskuer a Podcasts. De Pink Pony Club who peaked in High School thematiséiert ënner anerem "close friends", Anglizismen an d'"Poterkëscht". Et geet och ëm méi eescht Themen ewéi Barrierefräiheet, Ableismus, Diversitéit a Reclaiming. Wat ass eigentlech e Waassermann? Ween ass de Bädädädädäm? A wee vun eis ass eng richteg Jangli-Prominenz?
-
E Roadtrip duerch all Bundesländer, Maracujaschorle an den Toni – dat sinn nëmmen e puer Sujeten, déi haut ofgedeckt ginn.
Et gëtt och gebouldert, Ruder-Tutorials gekuckt a (bal) Parchim besicht.
Eng onqualifizéiert Olympia-Recap tëscht Aznavour, Snoop Dogg an dem Petit Jésu si genee esou dobäi ewéi d'Knëppendacker Grillfest an d'Drew Barrymore. Nieft e puer Fake News (Stéchwuert Chico a Yusuf Dikec) ginn et o nach Film- a Serientipps vum "Fuß der Zeit" – diet culture an tätowéiert Beebeeën inklusive. An dat alles op engem Mëttwoch! -
Haut ass alles anescht! Tëscht "Galerie Arschgeweih" an dem Mentos-Rapper begréisst äre Liblingspodcast haut d'Diversitéit a Persoun. Eise Gaascht kennt den Johnny Chicago a zielt zu de Royals, deelt sech neierdéngs en Tribe mam Yannick an ass d'Beyoncé aus dem LCD. Hien huet net op e Wonner gewaart, mee säi Schicksal selwer an d'Hand geholl an et esou aus der Kierch quasi direkt op den CSD gepackt.
Eng Diskussioun iwwer d'faméis Petitioun 3198 dierf natierlech net feelen. Dobäi geet et net just ëm Identitéit a Bildungsmangel, mee och ëm Islamophobie a Mënscherechter. Riets geet och iwwer ESC-Enttäuschungen a -Wourechten, nei eras an Zukunftsmusek. Mat dobäi sinn ausserdeem d'Stella, d'Phänomen "Bobrisky", dem Claude Monet seng Schwëster an en Hemsworth-Kickes.
Wéi ass et, tëscht zwou Kulturen ze existéieren? Wéi steet et ëm Relioun a Spiritualitéit? Gëtt "I wish I was a pink lady" de neien Eurovisiouns-Hit? An zerbrécht Männlechkeet un engem rouden T-Shirt? -
Är zukünfteg Maacher Wäikinniginne sliden haut mat 100 à l'heure an de Schwimmteich an engem Politiker an d'dms.
Et geet ënner anerem ëm emotional Männer, historesche Gossip a naass Ënnerwäsch zu Düsseldorf.
Et gi wichteg Froen opgeworf, wéi zum Beispill: Ween ass de neien Joy Hoffmann? Wéi geet onironeschen Horror 2024? Gëtt ee vun eis Portier vun der Ambassade? A wat ësst ee beim Dinner mam Ötzi?
Et ginn Dommheeten an Highlights vun der Pride, ongewéinlech vill Shoutouts an Diskussiounen iwwer d'EM (net dm). D'Pläng fir den Abschid a verbal Konschtënnerstëtzung fannen eben esou hier Plaz ewéi oscarräif Hausfraen, Coming-Outs, d'Hogwarts-Hypnoseschoul a Rechtsrockbros.
Inch Alain! -
Willkommen, bienvenue, welcome! Aner Podcasts hu Summerbreaks, mee mir handelen entgéint eisem Numm a schenken iech eng XXL-Episod.
Fuert mat eis d'"Rue Joseph II de la résistance" erof an erlieft eng Parad aus Tréinen, Police-Autoritéit an am Donkele molende Yolandas. Theme sinn ënner anerem d'"Fashion Week", den "Te-Dayum", d'Pub-Quiz mam Sam an Tam (an der Prinzessin) an en iconic (a leider ëmmer nach aktuelle) Film, deen esou impressionant ass, dass een dofir an d'Bibliothéik geet.
D'Kaulitz-Famill an "Germany's Next Margaret Thatcher" sinn och mat vun der Partie, genee esou ewéi de Luca beim Halligalli, de shady Edsun an den "Elle"-Launch-Event am Mudam.
Mir beschwätzen de Soundtrack vun eisem Liewen (vun "Air" iwwer "Lily Allen" bis "Schlumpfen" an "Dulce Pontes") a froen eis, wat eigentlech mat de Claudette geschitt ass, ob een am Auto kachen dierf a mat weem mir beim "Oberweis" en Hühnchen rupfen mussen.
Yoleau! -
Mir si Kultur... an nees do! Deen Anere vu Wham! an d'Mandy vun Ibiza bréngen iech haut JetSet, Kannererzéiung, Féiwerdreem vum "Usina" a ganz vill queer icons. Ee vun eis lauschtert Fraen no (awer just op Mammendag) an deen anere pöbelt an enger Bar. Niewt dem Nicki an dem Sandy, dem Tenor vun 3sat an "Tüll und Tränen mit vier Hochzeiten" ginn et nach epuer Hot Takes an en Touch Selbsthass. Et gëtt politesch, poetesch, kulturell héichtrabend a chaotesch – also alles ewéi ëmmer. Firwat sinn d'Nazis am Osten? Wou bleift de Spaass? A wat ass "Wagon Wheel Watusi"?
-
Bedéngt duerch den Jetset-Lifestyle gëtt et eng Episod, déi zwar ganz fréi opgeholl gouf, mee awer mat gewinnt vill Traumatainment©!
Mir fuere mam Zecken-Hop on-Hop off-Bus a Richtung Broadway an hunn de Gregor Samsa (inklusive Death Drop), den amerikanesche Schoulsystem (but make it funny) an iconic Merch (fir Teenies) mat dobäi.
Niewt Gossip-Schäiss aus dem Culture Forest a vum "Usina", feelenden Haushaltstipps an Tattoos vum Xavier Dolan ginn et zwee extra däreg Dossieren. Beim éischte gëtt et "fremdenfeindlich toujours" mam Justus a Marie (D) a nervös Männer kämpfe mat Fuchtelfanger vermeintlech fir Fraerechter (L). Beim zweete ginn et Meetings, Meetings, Meetings a Leit, déi mueres um 10 zu Esch d'queer Nationalhymn sangen.
Wéi ëmmer ginn och ganz vill Froen opgeworf: Gëtt "Paus Clone Wars" de näechsten "Dune"? Huet de Felix Lobrecht eng Verbindung zu Engelszuelen? A sinn de Cosmo an d'Wanda heemlech bei deene Gréngen op der Lëscht?
Love wins! Gidd wielen! FCK NZS! -
Eng Woch nom "Eurovision Songcontest" gëtt et natierlech eng kleng Analys vum Event – oder vun deem, wat mir matkritt hunn. Thematiséiert ginn ënner anerem awer o nach Politprominenz an der Pizzaschlaang, a boy named Cornichon an eng Leidensgeschicht am Kölner Nuetsliewen. Tëscht pick me-Hypnose, engem antiken Cello am "Trifolion" a Standup-Recommandatioune gëtt et eng Alerte Rouge – net nëmme fir d'Wieder, mee och fir den Intelligenzquotient an de Facebook-Kommentarer. D'Faass ass iwwergelaf... dofir ginn et haut ganz vill Emotiounen. Et gëtt iwwer homophob Attacke geschwat an d'Mario-Barthiséierung vun der Gesellschaft gëtt aktiv-aggressiv bekämpft.
Sinn d'Hobbits aus Idaho? Dierfe just Mamme méi fréi danze goen? Wat huet SAR Louis mam Musical "Wicked" ze dinn? A wat mécht den David Goldrake eigentlech hei? -
We put the tea in charity, well haut liwwere mir iech e Bléck hannert d'Kulisse vum "Télévie"!
Nieft geairbrushte Gesiichter an dem nationalen "Who is who" geet et nach ëm Männerdokteren, de Blummejesus (mat Fleur de Sel) an e Liewen ouni Pool-Leeder.
Mat dobäi sinn o nach skandinavesch Pappen a Festival-Jalousie.
Et gi nees Froen iwwer Froen gestallt, wéi zum Beispill: Wéini sponsert d'Spuerkeess eis? Si mir de reporter.lu vun de Podcasts? A weieng RTL-Ikon verdéngt hier eege Sendung? -
Wéi laang ware mir eigentlëch fort? Eng vu fille Froen, déi beschwat (mee zum Groussdeel net beäntwert) ginn: Wisou si Mammen elo beige? Ween huet nach Nerve fir d'J.Lo? A lauschtere mir eis iergendwann géigesäiteg no? Mat dobäi sinn haut Blogger-OGs, Real Life Paus-Konfrontatiounen, schéi Supermarché-Stories an eng lëtzebuergesch (Grammaire-)Affaire. Et geet em e verschassene Reebou, Grillzwang, dat deierst Brout vun der Welt (Dat ass d'Staat!) an d'Buchrecommendatioun vum Joerdausend (inklusive TED-Talk). Fir d'Extraportioun Musik gëtt et Country mat Metaebene, franséischsproocheg Artiste-Verwirrung an eng Emaarmung als Lidd. Mir schécken e Stéck Taart iwwer Facebook a gruschelen iech ganz häerzlech!
-
Tëscht enger gefillvoller Versioun vum "Bratmaxe"-Song, Pushnoriichten an der "Marche des femmes" huet de Podcast äres Vertrauens nees vill ze beschwätzen: 2010er Core, e neie Lëtzebuerger Superheld, Creep-Updates a villes méi! Mam Feierstëppler kämpfe mir eis duerch de nationale Skandal vum Mount, al Leit an Talkshows (BRAVO, Uschi!! Tolle Frau!) an d'"Oscars". De Viggo an d'Vicky, d'Bëtschel Caroline an de Lieblingsbob stinn och um Ordre du jour. Wéi penibel behuelen sech RTL-Leit am Theater? Wéieng Frae leien der ADR um Häerz? A wéi wäit kann d'Laun nach an de Keller goen? Diana has left the chat!
- もっと表示する