Folgen
-
D'Sue Sylvester a säin héich beschäftegte Kolleeg hunn haut eng jett dufte Themen fir iech parat: al Männer am Fliger, marokkaneschen Ueleg an den RTP si just d'Spëtzt vum Äisbierg.
Mir fuere mat iech op Divatown, bei Warner Brothers an an d'Disneyland fir Autoleit.
Ausserdeem gi prominent Doudesfäll, brennend Plantagen an en Tennisaarm beschwat.
Nieft enger (Prä-)Analys vum ESC ginn et och nach Norichte vum Verona, Tacos an der Mass a Schweinebackenrücken mit Honigkuchenpferdkartoffeln. Ach du meine Nase! -
D'Marlene Dietrich sëtzt am Donkelen, d'Liza vu Lëtzebuerg hëlleft beim Charitydinner an d'Musiksdiven ginn ënnert d'Lupp geholl – dat a villes méi erwaart iech haut an ärem Liblingspodcast!
Mir äusseren eis zwar net iwwert de Poopst, dofir awer iwwer e Mierschwéngche mat Gittar, Kolleeginne vum Tennis an Toilettëpabeier aus dem Cactus.
Ausserdeem geet et ëm d'Catcalling Season, Stage Moms op der Päischtcroisière an eng Dokterthees iwwer eng gutt amerikanesch Famill.
Mir streeën nach e puer verletzend Poschen, e Libesgedicht, eng Telenovela an d'Tante Tina an de Mix a wënschen iech e schéine Sonnde mat "Paus."! -
Fehlende Folgen?
-
Oh Lord(e) have mercy! Um Ouschtersonnde sinn de Johannes den Täufer an d' nei BFF vum Bibél-Timur nees fir iech do an hunn net nëmmen Easter Eggs am Gepäck, mee och Foreshadowing.
Mir feieren e Familientreffen am "Verso", Frëndschaftsoofbroch um "Coachella" a Musical-Ikonen bei "Drag Race".
Et gëtt eng Wiederauferstehung mam Missy, Landflucht op de Cap Vert an eng Schnitzeljagd aus dem Jenseits.
Mat dobäi sinn haut ënner anerem den Til Schweiger an d'Charlotte Gainsbourg, Gruppeleit, UK-Idiotien a Feminismus op der falscher Plaz.
Den Ouschtermenu besteet aus bloem Matcha, Bärlauch a Kamellen-ASMR (méi oder manner).
An och um Feierdag ginn sech natierlech eng jett Froe gestallt: Wat ass eng Tyrolienne? Wisou leie Batterien an der Vase? A ween ass den Härgottsblieschen?
Abracadabra! -
D'Bibi an d'Tina aus der Podcastwelt sprange fir iech vun der Frank Elstner-Maschinn a klammen an hier travelling Pilates pants, well haut steet villes um Programm. Ee vun eis ass a senger Bus-Ära, deen anere mëscht e Stage am "Foot Locker".
An dëser Folg si crazy Girls ewéi d'Claudia an d'Bettina, d'Mme vu Singapur an d'Sylvie Vartan mat dobäi.
Niewt Spotify-Geräischer, engem drëtte Member-Reveal a Sträit an der Podcast-Welt geet et ënner anerem ëm d'"Kotzende Tulpen", propper Récksäiten an eng Serie ewéi e Spice Girls Video. -
D'fei Madämmchen aus der Staat an dee Mann, deen sech am Summer gären emol selwer invitéiert, kommen haut éierlech an transparent em den Eck: Trennungen an Dating-Opriff, de Roger Dahm op Reddit, schnéiwäiss Enttäuschungen a Späizattacken vu Schauspiller (mat Techno) si just e puer vun de Punkten um Ordre du jour.
Hairspray-Probleemer, sech fir Lëtzebuerg schummen, Macaron-Mafiabusiness, MAGA-Mausen an onneideg Sexzeenen – viirun heiklen Theme gëtt sech och an dëser Episod net gescheit.
Duercherneen a confused ewéi eh und je ginn sech nees wichteg Froe gestallt: Wiem vun eis gehéiert d'Éislek? Sollt den Harald Glööckler op d'Wallëscht? A ween der Däiwel ass d'Ruth?
Mir hu net just Relatioune mat Spuenien, Frae mat Schankebrëller an Halluzinatiounen an de Bierger, mee glowen och vu bannen a baussen! Eist Geheimnis? Boo-dhism (an en Touch probiotesch Bakterien). -
Wëllkomm an der coincéierter Adele-Ära! Haut geet et vun der Kathedral duerch de Security-Check bei der Kierch an den Atelier a bei de Baby-Papst. D'Thermomixmuddis an Edith Piaf-änlechen Australier waarde schonn a si mat ënnerwee fir d'Patriarchat ze stierzen. Et gi Wuertwitzer mat Eeërstäck, e grousse Béier a kleng Gesten. Nieft Momfluencer, déi de Verstand verluer hunn, Schlager aus de 70er a schéine Männer vun haut sinn haut och schicksalshaft Concerten, Wumms aus de fréien 2000er an en iconic Trio dobäi. A l'amour et l'amitié!
-
Lëtzebuerg ass zeréck aus der obligatorescher Schivakanz - an et ass Zäit fir gouda Laune! Är petty 1987 babies hunn haut e waghalsege Slalom aus däitsche Roboter, thailännesche Schieter a Kölner Geldschäiner dobäi. Et gi Lawine vu Männerhaass, Mobbing unter Palmen a Make-up by Lalalala ausgeléist. Mir waarde gespaant op d' Resultater vun der Bundestagswal (Bei Gott sogar!) a verdreiwen eis d Zäit mat expressege gemini-Aktiounen op grousse Bünen a bei roude Luuchten (Spice up your life!), dem Comeback vun Hollywoodikonen an apokalyptesche Spaassgedrénkser. Wéi geet Intimrasur am Gesiicht?Sinn d' Renée Zellweger an d Jennifer Coolidge eng Persoun? A ween ass iwwerhaapt d' Felicity Joyman?
-
Silencio! Äre Liblingspodcast ass nees do an huet alles dobäi, wat iech gutt duerch de Februar bréngt: SNL-Comedians an Haaptrollen, onzourechnungsfäeg Leit am Stroosseverkéier a Witzegrenzen zu Lëtzebuerg.
Mir sichen e joedennewaldesken Typ mat enger Jeep, liwwere Cottage Core an en Touch Männerhaass. Beschwat ginn esou wuel e Film-Epos, deen engem op der Broscht läit, ewéi och eng perfekt Serie (trotz Fussball) a creepy Filmer mueres um 8.
Ënnert dem Motto "Wow! Hä?" gëtt vill diskutéiert a just wéineg verstanen – also alles ewéi ëmmer.
Och dës Kéier gi Froe gestallt, ewéi zum Beispill: A wéi engem Julia Roberts Film spillt de Joachim Llambi mat? Gëtt et en Happy End mat der Krankekeess? Ween hat Koks am Kuerf? A firwat schwätzt hei jidderee Spuenesch? -
Är Grande-Duchesse begréissen iech am Joer 2025 mam Motto "We listen and we judge" – ënner anerem mat blanner Léift a polished trash, Geböllers an dem Anne Hinged. Hei ginn et fun facts ouni fun, e Western an der Stuff an e Wok op der Autobunn. D'Zousatzkeess-Nancy Drew, wat Gemeinsamkeete mam Trump huet, an e Booktok-Fan, dee mat senger Kaffismaschinn reest, këmmeren sech haut och em Themen ewéi fast fast fashion, Meta-Money an d'grouss Fësch zu Fëschbësch. Et gëtt spannend, well ewéi heescht et esou schéin: "Net all Tennisball gewënnt de Wimbledon."
-
Zwischen den Jahren ass äre Guilty Pleasure Podcast zwar dout vu bannen, mee liwwert trotzdeem alles, wat ee virum Joreswiessel wësse muss: Weie Fussballveräin ass sympathesch? Kann ChatGPT d'Zukunft viraussoen? A wisou gëtt um 26.12. guer net gestuerwen?
No enger Chrëschtdags-Recap an zukünfteg Feierdags-Iddie erlaabt d'"Professionell und seriös GmbH" sech esouwuel e Bléck op d'vergaangent Joer ewéi och op dat, wat schonn an de Startlächer steet. Et geet ënner anerem ëm eng Dram- an eng Loserkoppel, en Adoptiounsantrag, de Raoul an d'Julie, Beemchen-Inspo, d'Seitan-Kontrovers, Veloskapen a Gespréicher vum Jesus sengem Gebuertsdag – mee och ëm méi seriö Themen ewéi Mëssbrauchsvirwërf, Schmiercampagnen an eis Heldin vum Joer.
Mir wënschen iech all e gudde Rutsch an d'neit Joer – ganz nom Motto: "Ween als éischt kënnt, ass als éischt do." -
Mir sinn erëm do an hunn alles dobäi, wat dir fir d'Feierdeeg braucht: Trüffelpasta, d'Kussespill an eng gutt op den Aarsch. D'Lisa Left Eye Lopes an en Engel mat BBL präsentéieren iech haut Beef mat der Krankekeess 2.0, skandaléist Security-Behuelen an de Mustard of Disaster.
Äre Bitcoin-Helpdesk verséisst iech d'Adventszäit mat de beschte Recommandatioune fir de Schluss vum Joer: ënner anerem gëtt eng Reportage iwwer eist Liblings-Zirkuspferd, eng lourd Telenovela-Obsessioun, e wonnerschéine Country-Album an en dramhafte Restaurant.
D'Taylor Swift ënnert de Podcasts bitt iech zwar eng Folleg mat ganz ville Cuts, mee dofir och mat engem léiwe Flic, Prominenz bei der OKF an alternativ Konzepter zu Chrëschtdag. Happy Quikanja! -
Et ass eng Schank laang Zäit fir eng nei Episod – also gëtt direkt lassgeluecht.
Alles geet bei der Däiwel a mir mat: Et gëtt Neies vun der Police hirem Etablissement, RTL geheit sech aus der Fënster an et herrscht Weltschmerz no de Walen. "Loyalität vor Kompetenz" am Wäissen Haus, zukünfteg Tattoo-Projeten an Urban Legends mat Nimm sinn haut mat vun der Partie... genee esou wéi ganz vill Geraschels, Gequiitschs a Gebills. Et ginn Organisatiounstipps mam Contessa Venezuela, eng Hexejuegd, Emarmungen an en Touch Martha Stewart. Boyband-Rabbitholes, Verräter oder och Oscar Buzz... an natierlech ginn och nees fundamental Froe gestallt: How does she do it? Ass schonn Zäit fir "Paus. - die Abrechnung"? A ween ass de Paul? -
Evacuate the Liichterketten, et ass Zäit fir Chrëschtdag!
Ënnert dëm Motto "Huiuiui...heute wird's anders!" présentéiert äre Liblingspodcast iech kuerz no Halloween net just "passiv-aggressive Szenen einer Freundschaft", mee och allerhand aner spooky Saachen ewéi Zukunftsängscht duerch Jugendfilmer, Morde fir de Glow, den DJ Ötzi als Stripper a Läiche bei der Schoul.
E Film iwwer Jeans an Dance Moms steet och um Programm, genee ewéi d'Téléréalité française aus den 2000er a "Bitzen Doheem".
D'Cl-AI-re Luxlait, d'Podcast-Wanderhure an e multilinguaalt Pianogenie sinn o nach mat vun der Partie.
Wéi ëmmer, ginn och brennend Froen opgeworf... ënner anerem: Wee war am Hitler senger Bidden? Ween ass d'Sonia in Paris? A wee vun eis spillt Triangel an der Philharmonie? -
Den heiligen St. Chickenfinger ass aus dem Marianengraben operstanen a prett fir d'Bear-Week! Mam Porno-Halsduch, Schimmel un der Mauer a bad Allies starte mir an déi nei Woch. Et gëtt ënnert dem Pentagramm gejaut, eng Jesus-Obsessioun aus der Primaireschoul nees ausgepak a géint e Kand gepöbelt. Mat dobäi sinn och d'Rihanna, dem Ryan seng It-Boys an en Touch Gebills. Et gi Lidder fir aus der Dusch ze sprangen, Frae-Flops an e Kanister Theaterblutt. Blame it on the rain!
-
Am Lëtzebuerger été indien gëtt et dach näischt méi Schéines ewéi plakeg Loverboys um Daach, her royal cuntiness op der Bün an de Frankie Valli op wat och ëmmer.
Herrgott erhéier eis, well et gi schwéier Froen ze beäntweren (merci Tristan) a vill Reliéises ze beschwätzen: Poopst, Kardinol, e sexy Rabbi a Ketamin-Mormonen? Mir hunn se all mat am Pausa-Mobil.
Mee och cineastesch Epiphanië sinn dobäi! Am CNA ass et extra flott, am Kinepolis awer net (well do viru Geriicht gesonge gëtt).
Am Delirium gëtt o nach iwwer lëtzebuergesch Musiktalenter, skandaléis Zoustänn bei der Krankekeess an d'Sommerhaus der Mörder diskutéiert. Kyrie Eleison! -
Endlech ass et esouwäit! The internet's favorite boyfriend, Lausbouf, Pädagog an ally huet et an de Podcast gepackt... an ass a senger healing era.
De "Cis Gars" (neie Kënschtlernumm?!) huet net nëmmen LX-Rapper, nostalgesch Gefiller an e grousse Coup mam Yung Hurn matbruecht, mee och fragil Männeregos a Basketstrainerinnen.
Liebesgeständnisser, Perspektivewiessel an eng Wäikinnigin op Konfrontatiounskurs si genee esou mat dobäi ewéi den "Hide the pain Raab", den Dave Grohl, d'Zelda an d'Schrondweiler Jugend (feat. AnnenMayKantereit).
Wou sinn d'Festivals zu Lëtzebuerg? Wou ginn d'Boomer un? A wat steet op der leschter Säit am Opklärungsbuch? -
Häerzlech wëllkomm beim Dschungel Camp Lëtzebuerg! Haut gëtt et déi klengst Generatioun vun der Welt an de längste Gedoldsfuedem, Wäikinniginnen an tea vum Steieramt, Action zu Malle an Hollywood Marketing Fails. Manner Larifari an zum Deel ongewinnt seriö Theme stinn um Programm: Et gëtt e Misogynie-Selbsttest, Neies vum Mockridge a gesellschaftlech Probleemer, déi keng méi sollte sinn. Mat dobäi sinn awer o nach d'Serienempfehlungen vum Summer, erotesch Angscht, japanescht Gegoogels an d'Glenn Close. Wee vun eis wär bal 20 Joer mat der "Anaconda" gefuer? Wär "Jiddereen aneren in Paris" eng besser Serie ewéi d'Emily? An ass Tennis wierklech d'Sprooch vum Sport?
-
Et geet elo duer! Är OGs sinn erëm do an hunn alles mat dobäi, wat d'summerlecht Häerz héich schloe léisst: Wirschtercher, Hënn mat Goldketten an iwwerdeiert Birkenstocks. D'Vakanzevibes gi komplettéiert duerch eng vegan Metzlerduechter, Mansplaining, Melodramatik an d'Môme herself.
Vill "almost 40"-excitement, eng gebrache Lanz fir Kuelenhydrater an d'grouss Speedo-Kontrovers sinn och mat dobäi.
Et gi gratis Geschäftsiddie mat der Lëtzebuerger Sprooch an Decisiounen, ouni virdrun eng Fra ze froen (GANZ schwiereg, dat ze soen).
Huet de Claude Monet tatsächlech bei engem Diddelenger Café ofgekuckt? Wisou sollte mir all nom Motto "Read the street" liewen? A so mol googelt et nach?? -
Treffen sech dräi Labertaschen am "Quai" zu Maacher... Nee, et ass kee Witz, mee eis aktuell Summerepisod mam Gilles Reuter, dee vill iwwer Naturwäin, seng Dadaen an Éisträich (wou onsympathesch sinn an Haass en Deel vun der Kultur sinn) ze zielen huet. Tëscht Wiener Baren an engem feelende Kölner Stadzentrum geet et och ëm TV-Entspanung fir Leit mat rouden Aen, Serië fir d'Häerz an ugepisste Kanner (literally).
Et gëtt wëll an onfiltréiert, well mat dobäi sinn ënner anerem d'Martine an den (toxic) René, e Lausbouf-Igel, dee vill drénkt, petty Polizisten an d'punkegt Chappell Roan.
Äert biodynamescht Trio beschwätzt verjärte Strofdoten, Terrorverdacht beim Taylor, Autosgeschichten tëscht "Arts et Métiers" an "ECG" an de Lëtzebuerger Vocabulaire.
Wat ass e PetNat? Gi mir no dësem Podcast vum Kai Pflaume verklot? Wéi gesäit et am Backstage bei "Rammstein" aus? A ween huet mat de "No Angels" Schampes op der "Päischtcroisière" gedronk? -
It's a Susy Lentz Summer! Äre Liblingspodcast kritt 5 Joer a wéi kéint een dat besser feieren, ewéi mam (M)arielle, dat eis beim "Télévie" ersteet hat?! Herbert, Karen, Guy, Riccardo, Joel a Bill – dat si nëmmen e puer Nimm, déi an dëser Episod falen. Das literarische Quartett zu dräi schwätzt iwwer dem Frida Kahlo säi Mann beim "Lëtzebuerger Wort", "Fada's Family" am Bioskuer a Podcasts. De Pink Pony Club who peaked in High School thematiséiert ënner anerem "close friends", Anglizismen an d'"Poterkëscht". Et geet och ëm méi eescht Themen ewéi Barrierefräiheet, Ableismus, Diversitéit a Reclaiming. Wat ass eigentlech e Waassermann? Ween ass de Bädädädädäm? A wee vun eis ass eng richteg Jangli-Prominenz?
- Mehr anzeigen