Episódios
-
Zwou Woche virun den Europawale läit de rietspopulistesche Rassemblement National a Frankräich mat 31 Prozentpunkten an de Sondagë wäit vir an huet bal duebel souvill Support wéi d’Regierungspartei. Leschten Donneschdeg stounge sech den RN-Spëtzekandidat Jordan Bardella an de Premierminister Gabriel Attal an engem Televisiounsdebat géigeniwwer an hunn hir Visioune fir Europa verdeedegt. Wat mécht den RN esou staark, a wéi eng Sujete kéinte fir d’Wielerschaft a Frankräich entscheedend sinn? De Max Tholl mat enger Analys
-
Déi verschidden Debatten mat Spëtzekandidaten uechter d’Unioun sinn dës Woch och vu ville Bierger net wierklech wouergeholl ginn, stellt den Olivier Hanrion haut a senger Europachronik fest – a proposéiert en éischter ongewéinlech Beschreiwung vun der EU.
-
Estão a faltar episódios?
-
Déi fënnef Spëtzekandidate fir d’Europawalen hunn zu Bréissel mateneen debattéiert. Dësen Debat war live ze suivéieren, net nëmmen am Parlament selwer, mee och a 26 anere Stied queesch duerch d’EU. Den Erliefniszenter Europa um Kierchbierg war eng vun deene Plazen, wou interesséiert Bierger d’Diskussioun matverfollege konnten. D’Sophie Schroeder war op der Plaz an huet do och e puer jonk Spectatricë begéint.
-
Ëmfroe soen extreem rietse Parteie grouss Gewënner fir d'Europawale viraus - wat deen aktuelle Rapport de Force am Europaparlament kéint gehéiereg duerchernee bréngen. Déi etabléiert Parteie reagéieren dorop ganz ënnerschiddlech. Déi Europäesch Vollekspartei, déi den Ament déi gréisste Fraktioun am Parlament stellt, signaliséiert Ouverturen no riets - wärend Sozialisten, Liberal a Gréng eng Zesummenaarbecht mam rietse Bord ganz demonstrativ ausschléissen.
-
D’Europäesch Kommissioun huet wëlles, an den nächsten Deeg, déi sougenannten Artikel-7-Prozedur opzehiewen, déi viru sechs Joer géint Polen lancéiert gouf. Ee Land ass domat net d’accord: Ungarn reprochéiert Bréissel, mat zweeërlee Mooss ze miessen, an d’Argument ass net vun der Hand ze weisen.
-
D‘Mënsche wëllen nees op de Mount, an esou guer op de Mars. Si wëlle Ressourcen am Weltall exploitéieren an nach méi Satellitte lancéieren. D‘Weltall-Aktivitéiten huele rasant zou. Mee d'Weltall-Gesetzer sinn nach zimmlech onkloer. Bei den Efforte fir Weltall-Aktivitéite gesetzlech ze encadréieren, ass Lëtzebuerg e Virreider. Um Kierchbierg war d'lescht Woch eng international Konferenz iwwer Space Law. De Pierre Reyland huet do mat Weltall-Experten a Juriste geschwat.
-
Géintiwwer der presuméierter deloyaler Konkurrenz vu China versichen net nëmmen d'USA, mee och d'EU, sech ze wieren. Ob a wéi dat geléngt, kommentéiert den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF.
-
Ee Strategiepabeier leet no, datt déi Europäesch Investitiounsbank d‘Entwécklung vu klengen Atomreakteren ënnerstëtze soll. E muss nach vun de Memberlänner guttgeheescht ginn. D‘Lëtzebuerger Positioun steet nach net fest, esou de Finanzministère.
-
An der Chambre des Salariés huet gëschter Owend de Ludovic Voet, e belsche Syndikalist vum Europäesche Gewerkschaftsbond, e Virtrag gehalen iwwer den europäesche Sockel vun de soziale Rechter. Ënner de Gäscht vun där gutt besichter Konferenz war z. B. d'Martine Deprez, Ministesch vun der Sécurité sociale.
-
Vu wéini u solle Kanner een Handy oder eng Tablett hunn? A Frankräich hat de President Emmanuel Macron den Avis vun Experten gefrot. D’Recommandatioune vun där Kommissioun si streng: Kanner sollten eréicht vun 3 Joer un vrun engem Ecran dierfe setzen, Handyen sollten eréicht vun engem Alter vun 11 Joer un erlaabt sinn, an dat an den éischte Joeren och ouni Accès op den Internet. Déi franséisch Regierung ass am gaangen iwwert entsrpiechend Gesetzer nozedenken a géif och gären eng Diskussioun op EU-Niveau doriwwer ustoussen.
Lëtzebuerg awer wëll bis op Weideres net op dee Wee vu Verbueter goen. -
A Spuenien gouf gëscht an der Regioun Katalounien gewielt - ee Vott, deen och als Virschau op d'Europawalen an engem Mount ugesi gouf. Et ass fir d'éischte Kéier zanter 1980 datt d'Separatiste verluer hunn - an d'Sozialisten haut la main haute als Gewënner aus deene Walen erfir ginn. Explikatiounen vun eiser Korrespondentin Aurélie Chamerois.
-
No Paräis, Berlin, Warschau, Talinn an enger Rei aneren EU-Memberlänner, huet elo och Lëtzebuerg eng eegen ''Erliefnis Europa''-Ausstellung an aktuell och déi gréissten. Mat engem 360 Grad Kino, Rollespiller a Virtual Reality sollen d‘Visiteuren déi Europäesch Unioun um Kierchbierg op eng interaktiv an immersiv Weis méi no bruecht kréien. D'Ausstellung gouf des Woch um Europadag presentéiert.
-
16 Joer laang gëtt elo schon an der Europäescher Unioun iwwert ee Gesetz diskutéiert, datt soll dofir suergen, datt an allen 27 EU-Länner déi nämmlecht Reegele gëllen, wann et drem geet datt Mënschen net wéinst hirer Relioun, enger Behënnerung, hirem Alter, oder hirer sexueller Orientéierung diskriminéiert ginn. Déi Diskussioun ass nach net um Enn. D’Lëtzebuerger Vertriederin, d’Yuriko Backes awer weist sech optimistesch, datt op där nächster Reunioun am Juni um Kierchbierg esou wäit ass.
-
Eng ganz Partie Europadeputéiert - genee geholl ee vu véier - verdénge Suen niewent hirem Mandat am Europaparlament. Bei verschiddene läit déi Paie esou guer iwwert de ronn 10.000 Euro, déi een Deputéiert brutto de Mount verdéngt. Net ëmmer ass kloer, ob déi parlamentaresch Aarbecht eventuell duerch déi Nieweverdéngschter kéint beaflosst ginn. Transparency International huet déi neiste Chifferen zesummegedroen a fuerdert méi streng Reegelen.
-
Net nëmmen an den USA mee och am Frankräich gëtt op den Unie géint de Krich an der Gazasträif protestéiert. Zu Paräis hunn an de leschte Wochen d’Aktioune vun de Studenten zougeholl. Verschidden Universitéiten ewéi d’Sorbonne oder d’Sciences Po zu Paräis goufe kuerzzäiteg vun deenen, déi protestéiere, besat. D’Unisdirektiounen an d’Regierung verurteelen d’Aart a Weis, wéi protestéiert gëtt. D’Aktivisten awer wëllen net noginn.
-
Polen huet wëlles, déi stäerksten Arméi an Europa opzebauen - dee Plang gëtt virun allem zanter dem Ufank vum krich an der Ukrain mat vill Asaz verfollegt. Dat geet iwwer gréisser Investissementer an d'Arméi bis bei d'Promotioun vun neie Militärdéngschter, mam But d'Zuel vun den Zaldoten an Zaldotinnen ze verduebelen. Eise Pole-Korrespondent Adrien Sarlat war an der Géigend vu Warschau op den Terrain kucken, wou Rekrutten eng speziell Formatioun matmaachen, ier se op mannst ee Weekend am Mount ee weideren Training absolvéieren.
-
Polen huet wëlles, déi stäerksten Arméi an Europa opzebauen - dee Plang gëtt virun allem zanter dem Ufank vum krich an der Ukrain mat vill Asaz verfollegt. Dat geet iwwer gréisser Investissementer an d'Arméi bis bei d'Promotioun vun neie Militärdéngschter, mam But d'Zuel vun den Zaldoten an Zaldotinnen ze verduebelen. Eise Pole-Korrespondent Adrien Sarlat war an der Géigend vu Warschau op den Terrain kucken, wou Rekrutten eng speziell Formatioun matmaachen, ier se op mannst ee Weekend am Mount ee weideren Training absolvéieren.
-
Haut sinn zu London déi 6,2 Milliounen Awunner an Awunnerinnen opgeruff, een neie Buergermeeschter oder Buergermeeschterin ze wielen. De Sadiq Khan regéiert zanter 2016 an der "Townhall". Hien ass de Favorit, fir eng drëtte Kéier op dee Posten ze kommen. Zwee Deeg virun de Wale gouf ee Jonke vu 16 Joer ëmbruecht no enger Attack mat engem Schwäert am Norde vun der brittescher Haaptstad, véier Leit goufe blesséiert. An effektiv war d'Sécherheet zu London den Haaptthema an der Wal-Campagne.
-
Aacht EU-Politiker:innen - fënnef Männer an dräi Fraen - stounge sech gëschter Owend an enger éischter ëffentlecher Debatt tëschent Spëtzekandidate fir d’Europawahlen géintiwwert. Annerhallef Stonn laang hu si op Invitatioun vum Magazine Politco zu Maastricht méi oder manner engagéiert iwwert Klima, Sécherheet an Demokratie diskutéiert.
Esou ee richtege Gewënner gouf et um Enn net - wann och d’Chrëschtdemokratin an aktuell Cheffin vun der Europäescher Kommissioun, d’Ursula von der Leyen an de Gréngen Spëtzekandidate an Europadeputéierten Bas Eickhout am meeschten erausgestach hunn. - Mostrar mais