Bölümler

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut hu mir e speziellen Episod fir iech: mir trainéieren zesummen d’Aussprooch vum Buschtaf ,,r’’.

    - - -

    Transkript:

    Mir prononcéieren de [x] an de [ʀ] allen zwee op der selwechter Plaz, uewen, hannen am Mond.
    Sot eng Kéier „Buch“.

    An elo [x].

    Do wou dir de [x] produzéiert, produzéiert dir och de [ʀ].

    [x]_[ʀ]_[x]_[ʀ] : Sot eng Kéier [x]_[ʀ]_[x]_[ʀ]

    An elo: [ʀ] [ʀ] [ʀ]
    Elo héiere mir Beispiller an dir widderhuelt:
    -rout, rosa, richteg, roueg, Rous, ronn, reesen, Rees, ruffen, Reen.
    -Arabesch, brong, Brout, Crème, dräi, drësseg, eraus, eran, erof, erop, froen, Fro, frou, grouss, Grad.-Iran, Irland, krank, Orange, Organ, prett, Problem.
    -Sri-Lanka, Tram, Trick, urban, uruffen, vreck, vrun, Wrack, zréck.

    -De Robert an de Rafael reparéiere rout Rakéiten.

    Ech widderhuelen: De Robert an de Rafael reparéiere rout Rakéiten.

    Schwätzt mat mir zesummen: De Robert an de Rafael reparéiere rout Rakéiten.
    -Mäi Brudder bréngt d'Brout an de Brot op Bréissel.

    Ech widderhuelen: Mäi Brudder bréngt d'Brout an de Brot op Bréissel.

    Schwätzt mat mir zesummen: Mäi Brudder bréngt d'Brout an de Brot op Bréissel.

    -Dann nach eng Zuel: dräidausendräihonnertdräiandrësseg. Dräidausenddräihonnertdräiandrësseg.Schwätzt mat mir zesummen: dräidausenddräihonnertdräiandrësseg.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir iwwer d’Aktivitéiten am Stot.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    - - -

    Transkript:

    Moderatorin: Wëllkomm an der Poterkëscht. Haut hu mir rëm en interessant Theema fir iech: de Stot ! Ech begréissen d’Lisa an de Max am Studio. Si wäerten iech elo iwwer hir Erfarungen am Stot erzielen. Kënnt dir iech kuerz virstellen?

    Lisa: Moien, ech sinn d’Lisa an ech schaffen als Graphikdesignerin. Ech wunnen eleng an engem Studio a këmmere mech och eleng ëm de Stot.

    Max: Salut, ech sinn de Max. Ech si Student a wunnen de Moment an enger WG mat dräi anere Studenten. Mir deelen eis d’Aufgaben am Stot.

    Moderatorin: Dat kléngt spannend! Lisa, wëlls du eis e bëssen erzielen, wéi en typeschen Dag bei dir am Stot ausgesäit ?

    Lisa: Kloer ! Moies maachen ech fir d’éischt mäi Bett. Dann drénken ech Kaffi a raumen duerno alles an d’Spullmaschinn. Da fueren ech schaffen. No der Aarbecht kachen ech a botzen duerno d’Kichen. Ech loossen d’Spullmaschinn all zwee Deeg lafen, de Weekends heiansdo méi oft. Ech si wierklech frou, eng Spullmaschinn ze hunn, well ech kachen a bake gär an oft!

    Moderatorin: Jo, eng Spullmaschinn ass wierklech praktesch. Max, wéi ass et bei dir an der WG?

    Max: Mir hu leider keng Spullmaschinn, mee mir si jo zu puer, fir d’Spull ze maachen. Generell gëtt et bei eis e Plang fir d’Aufgaben am Stot. Jidderee vun eis huet all Woch eng aner Aufgab. Dës Woch ass et zum Beispill u mir, fir d’Dreckskëscht eidel ze maachen a mech ëm de Recycling ze këmmeren. Déi aner dräi Rolle sinn d’Kommissioun maache goen, d’Kiche propper halen an d’Buedzëmmer an d’separat Toilette botzen.

    Moderatorin: Dat heescht, jidderee botzt seng eege Kummer?

    Max: Jo! Strecken, wäschen a kache maache mir och separat, mee een Owend pro Woch kache mir all zesummen eppes a lueden och Frënn an.

    Moderatorin: Cool! Dat kléngt no enger gudder Organisatioun. Lisa, wat ass da fir dech déi gréisst Erausfuerderung am Stot?

    Lisa: Hmm, et ass heiansdo schwiereg, alles eleng ze maachen. Besonnesch wann ech vill Aarbecht hunn, bleift wéineg Zäit fir de Stot iwwreg. Mee meng Wunneng ass jo net grouss. Wat nervt, ass datt ech keng Wäschmaschinn hunn. Ech muss eemol d’Woch mat all menge Saachen an eng Wäscherei goen. Do stinn néng Wäschmaschinnen an et kascht siwen Euro pro Wäsch. Dat nervt.

    Moderatorin: Jo, dat ass ëmständlech. Max, nach eng lescht Fro un dech: Kënnt et och vir, datt et Konflikter bei iech an der WG ginn, wann et ëm de Stot geet ?

    Max: Jo, natierlech. Mee mir hunn eng WhatsApp-Grupp, an där mir iwwer all Problemer schwätze kënnen. Heiansdo muss een effektiv emol e Matbewunner un de Roulement erënneren, virun allem, wann et ëm d’Botze geet ! (laacht)

    Moderatorin: Merci Lisa a Max, datt dir iech Zäit geholl huet, mat eis iwwer är Erfarungen am Stot ze schwätzen.

    Max a Lisa: Gär geschitt!

  • Eksik bölüm mü var?

    Akışı yenilemek için buraya tıklayın.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut lauschtere mer zwou Persounen no, déi eis eppes iwwer hiren Dagesoflaf op der Aarbecht erzielen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Dem Emma säin Dag

    D’Emma erwächt moies géint siwen Auer. Hatt steet op, deet sech un an drénkt Kaffi. Normalerweis drénkt hatt eng Taass Téi an ësst e Jughurt mat Uebst a Müsli. Dobäi scrollt hatt meeschtens um Handy a liest d’Neiegkeeten.

    Duerno geet hatt zu Fouss op den Tram a fiert op d’Aarbecht. Hatt brauch ongeféier zwanzeg Minutten. Säi Büro ass um Kierchbierg. Hatt schafft bis mëttes, mee hatt mécht all Dag géint zéng Auer eng Kaffispaus. An der Mëttesstonn geet hatt meeschtens mat Aarbechtskolleegen an d’Kantin iessen. Nomëttes huet hat oft Reunioune mat Clienten oder hatt schafft u Rapporten.

    No der Aarbecht geet hatt entweeder an de Lëtzebuergeschcours oder hatt trëfft sech mat Frënn. Zesumme gi si oft an d’Stad eppes drénken oder an de Park spadséieren, wann d’Wieder gutt ass. Eemol d’Woch geet hatt mat enger Frëndin an e Yogacours.

    Hatt ass meeschtens géint siwen Auer erëm doheem a preparéiert dann d’Owesiessen. Heiansdo bestellt hatt sech och eppes, zum Beispill Sushi oder eng Pizza. Hatt läit owes gär nach e bëssen um Kannapee fir z’entspanen a kuckt eng Serie op der Tëlee oder telefonéiert mat senger Famill.

    Géint zéng Auer geet hatt an d’Buedzëmmer. Hatt hëlt nach schnell eng Dusch a botzt seng Zänn, deet de Pyjama un a geet spéitstens um eelef Auer schlofen.

    Dialog: den Aarbechtsalldag

    Anna: Hey... Wat ass lass? Geet et dir gutt?

    Tom: Jo. Mee muer ass Méindeg an ech muss erëm schaffe goen.

    Anna: Erziel mir emol vun denger Aarbecht. Wéi ass de Programm vun dengem Dag?

    Tom: Muer de Moie rabbelt mäi Wecker um 6:30 Auer. Dann drénken ech eng Taass Kaffi an iessen zwou Schmieren.

    Um 7:20 Auer huelen ech de Bus an um 7:50 Auer sinn ech um Büro. Als éischt maachen ech mäi Computer un an da liesen a beäntweren ech meng E-Mailen.

    Vun 9:00 bis 10:00 Auer telefonéieren ech mat Clienten. Duerno maachen ech ëmmer eng kleng Paus an drénken eng Taass Kaffi virun der Dier. Ech si gär 10 Minutten dobaussen an der frëscher Loft.

    Anna: A wat méchs du no der Paus?

    Tom: Da ginn ech bei mäi Chef an de Büro e puer Dossiere sichen. Dann hunn ech genuch Aarbecht bis 12:00 Auer. An der Mëttesstonn ginn ech meeschtens mat e puer Aarbechtskolleegen iessen. Méindes iesse mir normalerweis an der Kantin.

    Um 13:00 Auer hunn ech dann eng Reunioun mat mengem Chef a mir schwätzen iwwert d'Dossiere vu moies. D'Reunioun dauert ongeféier eng Stonn. Duerno schreiwen ech ëmmer direkt e klenge Rapport. Wann ech mam Rapport fäerdeg

    sinn, schécken ech e mengem Assistent. Dee mécht da Kopië vum Rapport a klasséiert alles. An där Zäit ruffen ech nach e puer Clienten un an ech huele mir Notten, fir d'Reunioun en Dënschdeg ze preparéieren.

    Anna: Du hues wierklech vill Aarbecht.

    Tom: Jo. An ech sëtze vill. Dat hunn ech net gär.

    Anna: Wëlls du da muer no der Aarbecht lafe goen?

    Tom: Mat dir?

    Anna: Majo.

    Tom: Dat ass eng gutt Iddi! An duerno gi mer eppes Guddes iessen an e Patt drénken.

    Anna: Solle mir nom Iessen nach an de Kino goen?

    Tom: Ganz gär. Merci Anna! Elo sinn ech motivéiert fir muer schaffen ze goen.

    Anna: Dat ass gutt! Da sinn ech frou!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut lauschtere mer zwou Persounen no, déi eis eppes iwwer hir Hobbyen erzielen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Lafen

    Mäin Hobby ass lafen. Ech hunn et immens gär, dobaussen an der frëscher Loft ze trainéieren. Dräimol d’Woch doen ech moies meng Lafschong un a ginn eng hallef bis eng Stonn an de Park oder an de Bësch lafen.

    Ech lafen net immens séier, mee dat ass net schlëmm. Esou kann ech ofschalten an e bëssen Zäit fir mech hunn. Beim Lafe kann ech gutt nodenken an nei Energie tanken. Natierlech hëlleft och déi richteg Musek!

    Heiansdo maachen ech och en Tour zesumme mat Frënn. Dat ass flott, well mir eis géigesäiteg motivéieren. E puer vu menge Kolleege sinn awer vill méi schnell wéi ech, mee dat ass kee Problem. Jiddweree leeft a sengem Tempo.

    Mäin Zil ass et, reegelméisseg ze lafe fir fit a gesond ze bleiwen. Mee ech wëll och meng Ausdauer verbesseren. De Moment lafen ech ongeféier fënnef bis aacht Kilometer, mee ech géif gär zéng Kilometer um Stéck packen. Dofir trainéieren ech de Moment mat engem Trainingsplang an hoffen, esou meng Distanzen ze verbesseren.

    En anert grousst Zil ass et, eng Kéier bei engem Hallefmarathon matzemaachen. Zu Lëtzebuerg ass all Summer e grousse Marathon an ech wier immens houfereg, do eng Kéier dobäi ze sinn. Jo, et ass eng grouss Erausfuerderung, mee ech gleewen drun, datt ech dat packen. Vläicht sinn ech jo esouguer schonn d’nächst Joer prett!

    Schwammen

    Moien! Ech sinn d'Alma an ech hunn eng chronesch Krankheet.

    Duerfir ginn ech eemol d'Woch, vu 17.00 bis 19.00 mat enger Lëtzebuerger Associatioun an d'Piscine.

    Um 16.30 fueren ech doheem fort a kommen um 16.50 un.

    Ech ginn an de Vestiaire, ech doe meng Kleeder aus an ech doe mäi Maillot a meng Schwammkap un.
    Duerno ginn ech an d'Dusch.

    Vu 17.00 bis 18.00 maache mir Aquagymnastik. Mir trëppelen duerch d'Waasser, mir lafen, mir sprangen, mir spille mam Ball, a sou weider...

    Géint 18.00 kréie mir nach d'Geleeënheet, eng hallef Stonn ze schwammen oder am waarme Waasser z'entspanen.

    Ech schwammen immens gär! Ech schwamme Brasse, Kraul, um Réck an esouguer e bësse Papillon. Duerno sinn ech immens midd, awer och glécklech, well ech weess, datt ech eppes Guddes fir mäi Kierper gemaach hunn.

    Um 18.30 musse mir aus der Piscine eraus.

    Ech dusche mech, ech dréchne mech of, ech di mech un an ech föne meng Hoer.

    Géint 19.00 fueren ech erëm heem.

    Ech sinn immens dankbar, datt ech dat eemol d'Woch maache kann!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut lauschtere mir, wéi zwou Persounen e Rendez-vous ausmaachen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Fra: O nee... D'nächst Woch en Donneschdeg, hu mir den Oralexamen am Lëtzebuergeschen.

    Mann: Jo. Ech si schonn e bëssen nervös.

    Fra: Solle mir zwee zesumme léieren?

    Mann: Dat ass eng gutt Iddi. Da kënne mir eis gutt preparéieren.

    Fra: Hues du e Méindeg den Owend Zäit?

    Mann: E Méindeg? Um wéi vill Auer?

    Fra: Géint 19:30 Auer.

    Mann: Dat geet leider net. Meng Fra huet dann e Yogacours. Ech muss dann doheem sinn, fir d'Kanner an d'Bett ze leeën.

    Fra: Hues du en Dënschdeg no der Aarbecht Zäit?

    Mann: Jo. Dat geet. Ech fänken da moies um 7:00 Auer mat schaffen un. Da kann ech schonn um 16:00 Auer mat schaffen ophalen.

    Fra: Perfekt. Wou treffe mir eis?

    Mann: Solle mir an „d'Märeler-Stuff“ goen? Dat ass en neie flotte Café am Park, zu Märel.

    Fra: Et ass bestëmmt flott do. Mee, ech mengen et ass net roueg am Café.

    Mann: Dat ass richteg. Solle mir an d'Mediathéik vum INLL goen?

    Fra: Jo, firwat net? Se ass bis 19:00 Auer op.

    Mann: Tipptopp. Treffe mir eis direkt um 16:15 Auer an der Mediathéik?

    Fra: Schaffs du net um Boulevard Royal?

    Mann: Dach.

    Fra: Ech och. Da komm mir huelen den Tram zesummen, um 16:05 Auer.

    Mann: Ganz gär.

    Fra: Super. Bis en Dënschdeg dann! A vergiess däi Buch net!
    Mann: Ech probéieren. Allez... Äddi! Bis en Dënschdeg.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut hu mir eng speziell Episod fir iech. Mir héieren en traditionellt lëtzebuergescht Rezept: Kniddelen!

    Vill Spaass beim Nolauschteren (a beim Kachen)!

    ---

    Transkript:

    Yuuka: O nee... Eise Frigo ass jo nach ëmmer eidel! Ben, du wollts dach haut akafe goen.

    Ben: Ech gi muer de Moien an de Supermarché. Ech hat haut ze vill Aarbecht an ech hat guer keng Zäit.

    Yuuka: Wat iesse mir dann elo?

    Ben: Da waart emol... Ech kucken. A... Ech hunn eng Iddi. Mir maache Kniddelen.

    Yuuka: Kniddelen? Wat ass dat dann?

    Ben: Du kachs mir oft japanesch Spezialitéiten. Haut preparéieren ech dir emol en typesch lëtzebuergesche Plat.

    Yuuka: Ganz gär. Wéi ass dann d'Rezept?

    Ben: Dat hei ass d'Rezept vu menger Mamm. Mir brauchen: 350 Gramm Miel, 200 Milliliter Mëllech, 3 Eeër an e bësse Salz.

    Yuuka: Okay. An elo?

    Ben: Ech stelle mol en Dëppe Waasser op d'Kachplack an da brénge mir d'Waasser zum Kachen. An där Zäit, kënne mir scho mam Deeg ufänken. Ech huelen eng Schossel maachen d'Miel, d'Eeër, d'Mëllech an d'Salz dran an da mixen ech alles.

    Yuuka: Den Deeg gesäit jo elo scho gutt aus an d'Waasser kacht.

    Ben: Jo. Elo huele mir zwee kleng Läffelen a mir formen kleng Bullen aus dem Deeg. Da maache mir d'Bullen Deeg an d'Waasser. Dat maache mir soulaang bis keen Deeg méi am Dëppen ass.

    Yuuka: Wéi mierke mir wann d'Kniddele prett sinn?

    Ben: Wann d'Kniddelen uewe schwammen, si se fäerdeg. Dat dauert tëschent 8 an 10 Minutten. Duerno leeë mir se op en Teller a mir loosse se kal ginn. Wa se da kal sinn, brode mir se an der Pan bis se ganz e bësse brong sinn.

    Yuuka: Ass dat alles?

    Ben: Elo kann een nach Speck an der Pan broden an e bësse Ram dobäi maachen. Et kann een och Kéis drop maachen. Dat hunn ech gär.

    Yuuka: Mir hunn awer kee Speck, keng Ram an och kee Kéis.

    Ben: Dat ass net schlëmm. Mir iesse se einfach mat Äppelkompott.

    Yuuka: An dat ass gutt?

    Ben: Hei... Schmaach emol.

    Yuuka: O jo. Dat ass gutt! Merci!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir iwwer d’Fréijoer zu Lëtzebuerg. Duerno lauschtere mir dem Marielle no, wat eis eppes iwwer seng Liblingsplaz zu Lëtzebuerg erzielt.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    D’Fréijoer

    Haut schwätze mir e bëssen iwwert d’Fréijoer zu Lëtzebuerg. Mir schwätzen iwwert d’Wieder, mee och iwwert verschidden Aktivitéiten, déi een zu Lëtzebuerg am Fréijoer maache kann. Vläicht inspiréiert Iech dat, déi eng oder déi aner Aktivitéit auszeprobéieren.

    Am Fréijoer ass et normalerweis net méi esou kal an et reent och manner wéi am Hierscht. Am Fréijoer sinn et ëm déi 15 Grad an et kann een och vill Aktivitéiten dobausse maachen. Wann een an der Stad bleiwe wëll, da kann ee sech am Bicherschaf e Buch ausléinen an an e Park liese goen. An der Stad gëtt et e puer ganz schéi Parken, wou een och picknicke goe kann, wéi zum Beispill den Neumans Park, de Märeler Park oder d’Kinnekswiss. Et kann een awer och spadséiere goen an déi verschidde Weeër, wéi zum Beispill de Wenzelstour an der Stad entdecken. Bei dësen Trëppeltier gesäit ee vill wichteg Deeler vun der Stad, wéi zum Beispill d’Kasematten, al Deeler vun der Festung, de Gronn asw.

    Wann ee raus aus der Stad wëll, da kann een och an der Mëllerdall wandere goen. Do gëtt et vill verschidde Wanderweeër a se sinn och all immens gutt gekennzeechent, sou dass ee sech net verléiere kann. Oder, wann ee gär Mountainbike fiert, da kann een am Minett déi verschidde Weeër vum RedRock Mountainbike Trail ausprobéieren. Sou kann een de Süde vu Lëtzebuerg entdecken.

    Meng Liblingsplaz zu Lëtzebuerg

    Meng Liblingsplaz zu Lëtzebuerg ass op der Musel, zu Réimech.

    Ech fueren op d’mannst ee Mol de Mount mat mengem Mann op Réimech, fir do laanscht d’Musel spadséieren ze goen.

    Duerno gi mir normalerweis eng Taass Kaffi an e Café op d’Esplanade drénken oder, wann d’Wieder gutt ass, op d’Terrass vun enger Kellerei a schmaachen hire Wäin.

    Wa mir Besuch vu Frënn oder vun der Famill aus eisen Heemechtslänner Polen an Argentinie kréien, da fuere mir ëmmer mat hinne mam Schëff „MS Princesse Marie-Astrid“ op der Musel hin an hier. D’Vue op d’Wäibierger ass fir mech dat Schéinst!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir iwwer Famill (Niveau A1).

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Luc: Gudde Moien, mäin Numm ass Luc an ech stellen iech haut meng Famill vir. Ech sinn zënter 8 Joer bestuet a meng Fra heescht Sandrine. D'Sandrine huet 37 Joer an hatt huet de 27. Abrëll Gebuertsdag. Zesummen hu mir zwee Kanner, de Vinz an d'Lorie. Meng Elteren heesche Laurence a Jemp. Si sinn 72 Joer al. Mäi Papp ass am Fréijoer gebuer a meng Mamm am Hierscht.

    Mäi Bopa Pierre ass leider schonn 2006 gestuerwen. Meng Boma Germaine lieft awer nach a feiert dëst Joer hir 93 Joer.

    Ech hunn och eng Schwëster. D'Lisa ass den 23. Dezember 1988 gebuer. Hatt huet dräi Kanner. Zwee Meedercher an ee Jong. Meng Niessen heeschen Emma a Charlotte. Mäin Neveu heescht Finn.

    Lisa: Jo, d'Emma ass de 14. Mäerz 2014 gebuer. D'Charlotte ass den 3. Mee 2017 op d'Welt komm an de Finn huet eréischt 4 Joer. Hien ass den 29. Februar 2020 gebuer. Meng Kanner spille ganz gär mat hirem Cousin Vinz an hirer Cousine Lorie.

    Vinz: Moien, ech heesche Vinz. Ech hu 5 Joer. Am Oktober kréien ech scho 6 Joer. Meng Schwëster ass nach kleng. Hatt heescht Lorie an hatt huet eréischt 2 Joer.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir iwwer Iessen. Fir d'éischt lauschtere mir zwou Persounen no, déi iwwer hir Iessgewunnechte schwätzen (Niveau A1).

    Duerno gi mir an de Restaurant a mir lauschteren zwou Persounen no, déi hiert Iesse kommentéieren (Niveau A2.1).

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Iwwer Iessgewunnechte schwätzen

    Max : So Anna, du bass jo Veganerin, oder?

    Anna : Jo. Ech ernäre mech zanter dräi Joer vegan.

    Max : Wow ! Dann ëss du bestëmmt vill Uebst a Geméis.

    Anna : Jo. Ech iessen immens gär Geméis, zum Beispill Brokkoli a Spinat. Just Auberginnen a Champignonen iessen ech guer net gär. An du, ëss du och gär Geméis?

    Max : Nee, ech iesse guer net gär Geméis ! Ech iesse léiwer Fleesch, besonnesch Poulet a Rëndfleesch. Mee ech iesse kee Schwéngefleesch. Ëss du dann och kee Fësch?

    Anna : Nee. Ech iesse weeder Fleesch nach Fësch.

    Max : Ëss du da Kéis oder Jughurt?

    Anna : Nee. Ech iesse keng Mëllechprodukter an och keng Eeër.

    Max : Ass dat da gesond?

    Anna : Jo, ech iesse jo vill aner Saache mat Proteinnen, zum Beispill Lënsen, Bounen an Tofu. An ech iesse ganz gär Uebst, virun allem Banannen, Äppel an Äerdbier.

    Max : O, ech si leider allergesch op vill Uebst. Ech iessen dofir keng Äerdbier, keng Orangen a keng Kiwien.

    Anna : Dat ass awer schued. Hues du e Liblingsiessen?

    Max : Jo ech iesse ganz gär schaarf Saachen, zum Beispill Curry. Ëss du och gär schaarf?

    Anna : Jo, mee net ze schaarf. Ze vill Chilli hunn ech net gär.

    Max : Da kache mir eng Kéier zesummen e vegane Curry! Dat geet och ganz einfach mat Lënsen oder Tofu.

    Anna : Dat kléngt super! Dat maache mer!

    Am Restaurant : D’Iesse kommentéieren

    Client 1: Wat sinn ech frou, datt mir haut den Owend net doheem kachen. An de Restaurant soll immens gutt sinn. En huet ganz gutt Rezensiounen.

    Client 2: Ech hoffen! Ech si schonn hongereg. Komm ,mir drénken eisen Aperitif. Prost!

    Client 1: Mmh, däi Bifdeck gesäit awer gutt aus.

    Client 2: Jo, ech hoffen e schmaacht och gutt an d’Fleesch ass zaart. Däi Curry richt awer och gutt. Gudden Appetit!

    Client 1: Gudden Appetit!

    Client 1: Entschëllegt, ech hu kee Läffel, fir mäi Curry z’iessen. Ech hu just eng Forschett an e Messer.

    Client 2: An ech bräicht nach eng Zerwéit, wgl.! Meng ass leider knaschteg.

    Client 2: An? Schmaacht et?

    Client 1: Net extra. Ech mengen, a mengem Plat ass Knuewelek dran, an ech hat extra ouni gefrot, ech si jo allergesch! An et ass vill ze schaarf! Pff … A wéi fënns du däin Iessen?

    Client 2: O, alt esou. De Bifdeck ass immens dréchen an zéi. D’Zooss ass och zimmlech fad, an d’Fritte sinn immens gesalzt.

    Client 2: Wëlls de nach en Dessert?

    Client 1: Nee, hei bestellen ech näischt méi ausser d’Rechnung! Ech ginn och dës Kéier keen Drénkgeld, de Service war ze lues. Eng Stonn waarden, just fir e Curry an e Bifdeck!

    Client 2: Ech sinn averstan. Entschëllegt, d’Rechnung wgl.!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut lauschtere mir zwou Persounen no, déi iwwer hir berufflech a privat Pläng fir d'Zukunft schwätzen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Kelly: Moie Gilles! An, wéi leeft et mat dengem Engleschcours?

    Gilles: Salut! Ma gutt, merci! Ech gi jo dräimol d’Woch an de Cours an hu scho vill Saache geléiert. Et ass awer zimmlech intensiv an ech muss vill doheem léieren. Mee ech wëll onbedéngt an engem Joer fléissend Englesch schwätzen, fir meng Aarbechtskolleege besser ze verstoen.

    Kelly: Jo, eng Sprooch léieren ass net esou einfach. Du hues jo awer e konkreet Zil an dat ass gutt fir d’Motivatioun. Et ass bestëmmt och e Virdeel fir deng berufflech Karriär. Vläicht wëlls de jo eemol am Ausland schaffen! Ech wëll mech elo och e bësse weiderbilde fir meng Aarbecht.

    Gilles: Dat ass ëmmer eng gutt Iddi! A wat fir eng Richtung dann?

    Kelly: Ech schaffen elo schonn dräi Joer a menger Entreprise an ech hätt gär méi Responsabilitéit. Dofir muss ech awer nach e puer Saache léieren. Ech hu virun e puer Deeg um Internet eng interessant Formatioun am Beräich Project Management gesinn. Déi gesäit interessant aus.

    Gilles: Ma da mell dech do un! Do léiers de bestëmmt vill Saachen.

    Kelly: Jo, dat sécher. Ech muss just kucken, ob ech genuch Zäit dofir hunn. Ech hunn nämlech och nach e perséinlecht Zil - mäi Frënd an ech wëllen eis Enn des Jores bestueden.

    Gilles: Wow, Gléckwonsch! Da sidd dir bestëmmt schonn déck amgaang ze plangen.

    Kelly: Jo, et gëtt immens vill z’organiséieren, well dem Giuseppe seng Famill jo an Italie wunnt.

    Gilles: Dat gleewen ech. Et ass ni einfach, eng Hochzäit z’organiséieren, mee et gëtt bestëmmt e wonnerbaren Dag.

    Kelly: Dat sinn ech mer sécher. Du wäerts deemnächst natierlech och eng Invitatioun geschéckt kréien!

    Gilles: O, da sinn ech awer elo gespaant!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut lauschtere mir zwou Persounen no, déi eppes iwwer hir Fräizäitaktivitéiten erzielen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Dialog Hobby: Chouer

    Alex: Zoé, du bass dach an engem Chouer. Ech wëll nees méi sangen a sichen hei zu Lëtzebuerg e Chouer. Ech hu schonn Erfarung, well ech zu Budapest siwe Joer an enger Chorale war.

    Zoé: Jo, ech sinn an der Chorale Florale zu Ierpeldeng. Ech sinn immens frou do!
    Mir hu Sängerinnen a Sänger vun all Alter, vun ongeféier 16 Joer bis ca. Enn 70. Et ass kee professionelle Chouer, mee jiddereen ass immens engagéiert.

    Alex: Flott! A wat sangt dir do?

    Zoé: Vun allem. Mir sange gär klassesch Chouermusek, mee heiansdo och méi modern Stécker.

    Alex: Ass den Dirigent léif?

    Zoé: Mir hunn eng Dirigentin! D’Emilie ass immens léif a kompetent! Hatt ass Gesangsproff am Conservatoire an der Stad.

    Alex: Cool! Wéini prouft dir?

    Zoé: Donneschdes owes vun 19.30 bis 21.30 an engem Sall an der Musekschoul zu Ierpeldeng. Zwee Mol d’Joer maache mir och Proufweekender a bereeden eis op eis Concerte vir.

    Alex: Dat kléngt wierklech flott! Kann ech schonn den nächsten Donneschdeg laanschtkommen?

    Zoé: Gär! Et feelen eis nach Männerstëmmen...!

    Dialog Hobby: Fitness

    Speakerin: Wëllkomm an der Poterkëscht. Mir hunn haut de Fränk virum Mikro.

    Fränk: Moien. Merci fir d'Invitatioun!

    Speakerin: Méchs du gär Sport?

    Fränk: Jo! Ganz gär. Zënter zwee Joer, maachen ech reegelméisseg Fitness.

    Speakerin: Flott. Gees du zesumme mat anere Leit a Coursen?

    Fränk: Nee. Ech trainéieren eleng mat engem Trainer. Ech maache gär Sport an enger Ekipp, mee Fitness maachen ech gär eleng. Den Trainer ka sech da just op mech konzentréieren an den Training adaptéieren.

    Speakerin: Ech verstinn. Wéi oft gees du dann?

    Fränk: Ech hu leider net vill Zäit. Ech ka just zwee Mol d'Woch goen.

    Speakerin: Trainéiers du moies oder owes?

    Fränk: Méindes fänkt mäin Training um 14:30 Auer nomëttes un. An donneschdes fänken ech um 9:00 Auer moies un.

    Speakerin: Wéi laang dauert dann eng Seance?

    Fränk: Mäin Training ass ganz intensiv. No 45 Minutten ass de Programm mat mengem Trainer fäerdeg. Déi lescht Véierel Stonn maachen ech dann eleng nach e bësse Cardio Training.

    Speakerin: Wat méchs du da genau, mat dengem Trainer.

    Fränk: Ech maache ganz oft Kraafttraining. Dat heescht Muskulatioun, mat Gewiichter. Heiansdo trainéiere mir de Réck, heiansdo d'Been, heiansdo d'Äerm asw. 1-2 Mol de Mount, maache mir e Cardiotraining, wou mir lafen, sprangen oder boxen.

    Speakerin: Dat ass bestëmmt flott, mee awer och ustrengend.

    Fränk: Definitiv. Ech hu ganz dacks Muskelkater. Mee ech maachen et gär. Dat ass gutt fir meng Gesondheet.

    Speakerin: Wat méchs du dann net gär um Training?

    Fränk: Ech lafen net gär um Training. Ech ka jo och eleng de Weekend jogge goen. Um Training schaffen ech gär mat de Maschinnen. Dat kann ech net doheem maachen.

    Speakerin: Merci, fir deng Zäit! Äddi an nach vill Gléck!

    Fränk: Villmools Merci. Dat ass léif. Äddi.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht.

    Haut hu mir e speziellen Episod: Mir trainéieren zesummen d'Aussprooch (Prononciatioun) vun de Vokaler.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Am Lëtzebuergeschen hu mir dës Vokaler: i, u, e, o, a.

    Dozou gehéieren och d'Ëmlauter mat Treema: a mat Treema: ä, e mat Treema: ë, o mat Treema: ö, u mat Treema: ü.

    Elo trainéiere mir d'Aussprooch zesummen. Ech soen d'Lauter fir d'éischt an dir schwätzt haart no: i, u, e, o, a, ä, ë, ö, ü.

    Heiansdo schwätze mir d'Vokaler laang aus:

    [i:] wéi bei siwen an heiansdo kuerz: [i] wéi bei siwwenzéng.

    siwen – siwwenzéng.

    laang: [u:] wéi bei Tut – kuerz: [u] wéi bei Buch

    Tut – Buch

    laang: [e:] wéi bei Meter – kuerz: [e] wéi bei Méck

    Meter – Méck

    laang: [o:] wéi bei Fro – kuerz: [o] wéi bei Posch

    Fro – Posch

    laang: [a:] wéi bei Dag – kuerz: [ɑ] wéi bei Ball

    Dag – Ball

    laang: [ɛ:] wéi bei lämen – kuerz: [æ] wéi bei Äddi

    lämen – Äddi

    Den “ë” existéiert net als laange Vokal. Mir prononcéieren e just kuerz: [ə] wéi bei Fësch

    Fësch.

    laang: [ø:] wéi bei Fön – kuerz: [ø] wéi bei Ökolog

    Fön – Ökolog

    laang: [y:] wéi bei Süden – kuerz: [y] wéi bei Küst

    Süden – Küst

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir en Dialog tëscht dem Laurent an dem Anne, déi iwwer hir lescht Vakanz schwätzen (Niveau A2.2).

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Anne: Hallo Laurent, wéi war deng Vakanz? Du waars dach mat denge Kanner ënnerwee, oder?

    Laurent: Jo! Mir si fir zwou Woche mam Auto an Holland op d’Küst gefuer. Et war wierklech flott, an d’Kanner hate vill Spaass op der Plage.

    Anne: Dat kléngt jo super! A wéi war d’Wieder?

    Laurent: Zimmlech gutt. Et huet zwar e puer Deeg gereent, mee allgemeng hate mir Chance mam Wieder.

    Anne: A sou. Wat hutt dir dann alles gemaach?

    Laurent: Mir si vill mam Vëlo gefuer a mäin eelsten ass mam Draach geflunn. Wéi et gereent huet, si mir an eng Schwämm gefuer an d’Kanner ware begeeschtert!

    Anne: Cool! An owes?

    Laurent: An Holland ginn et vill Restaurante mat Spillplazen. Do kënnen d’Kanner dobausse spillen an d’Elteren hunn eng kleng Paus a kënnen och e bësse matenee schwätzen. An du, waars du och fort?

    Anne: Jo, ech war fir e verlängerte Weekend op Berlin.

    Laurent: A, mat Frënn?

    Anne: Nee, ech war eleng. Meng bescht Frëndin huet kee Congé kritt.

    Laurent: O, schued. Mee et war bestëmmt awer flott! Zu Berlin kann ee jo vill maachen.

    Anne: Genee! Ech war a vill Muséeën an ech hu vill kulturell an historesch Plaze besicht.

    Laurent: Dann hues de bestëmmt och vill Fotoe gemaach!

    Anne: Jo, ech hunn esouguer een Owend eng Visite guidée mat engem Fotograf gemaach. Do hunn ech geléiert, wéi een am beschte Fotoe vun enger Stad mam Handy mécht.

    Laurent: Wow, dat kléngt wierklech interessant. Déi muss de mir dann eng Kéier weisen! Bass de mam Fliger geflunn?

    Anne: Nee, ech hunn den Zuch geholl. Dat war méi bëlleg an et ass och méi nohalteg. Ech si just eng Kéier zu Köln ëmgeklomm.

    Laurent: Hat däin Zuch da keng Verspéidung?

    Anne: Nee, et huet glécklecherweis alles geklappt. Ech hat Chance! Komm, ech weisen dir emol e puer Fotoen.

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut héiere mir zwou Weebeschreiwungen. Fir d'éischt lauschtere mir en Dialog am Hotel, an duerno héiere mir eng Weebeschreiwung am INLL (Niveau A2.1).

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Check-in am Hotel

    Cliente: Gudde Mëtteg! Ech hunn eng Reservatioun op den Numm Hoffmann.

    Receptionnist: Gudde Mëtteg, Madamm Hoffmann! Wëllkomm am Hotel Schéi Vue. Kann ech Är Carte d’identité gesinn, wannechgelift?

    Cliente: Jo, kee Problem, hei ass de.

    Receptionnist: Merci! Ok. Ech gesinn, dir hutt en Eenzelzëmmer fir zwou Nuechte reservéiert. Ass dat richteg?

    Cliente: Jo.

    Receptionnist: Perfekt. Äert Zëmmer ass och scho prett. De Kaffi gëtt moies vu siwe bis zéng Auer an eisem Restaurant zerwéiert.

    Cliente: Wou ass de Restaurant, wannechgelift?

    Receptionnist: Dir gitt hei no lénks duerch d’Bar an dann déi éischt Dier no riets.

    Cliente: Merci. Gëtt et och e Fitness?

    Receptionnist: Jo, deen ass am Sous-soul am Wellnessberäich. Fir dohin ze komme gitt dir hei d’Trap erof oder dir huelt de Lift. De Fitness ass vu moies siwe bis owes zéng Auer op.

    Cliente: A flott, et gëtt och e Wellness!

    Receptionnist: Jo, dee kascht awer 15€ Supplement pro Dag.

    Cliente: Jo, dat ass an der Rei. Gutt, da ginn ech elo op mäin Zëmmer.

    Receptionnist: Hei ass är Zëmmerkaart. Dir hutt d’Zëmmer 527, dat ass um fënnefte Stack. Dofir huelt Dir am beschten hei de Lift. Wann dir dann uewen erausklammt, gitt dir no riets de Gank erof an Äert Zëmmer ass op der lénkser Säit.

    Cliente: Gutt, Villmools Merci!

    Receptionnist: Gär! Awar.

    Weebeschreiwung am INLL

    Apprentant: Moien! Ech hunn eng Fro, wgl. Mäi Cours fänkt haut un an ech weess net, wou mäi Sall ass. Kënnt dir mir hëllefen, wgl.?

    Sekretariat: Jo, natierlech. Wat fir e Sall sicht dir dann?

    Apprenant: De Sall 237.

    Sekretariat: O jo, deen ass net einfach ze fannen. Also fir d’éischt gitt Dir hei déi grouss Trap erop bis op den zweete Stack. Da gitt dir no lénks de Gank erof, an dann nach eng Kéier no lénks. De Sall 237 ass déi drëtt Dier op der rietser Säit.

    Apprenant: O jee, ech hoffen ech fannen dat. Ech wëll mir awer och nach virum Cours e Kaffi siche goen. Gëtt et hei am INL eng Cafeteria?

    Sekretariat: Jo, déi ass ganz einfach vun hei aus ze fannen. Dir gitt elo hei um Rez-de-chaussé no lénks an dann d’Trap erof op de -1, an da riichtaus. Da sidd dir an der Kantin!

    Apprenant: Super! Da ginn ech nach séier viru mengem Cours laanscht. Merci!

    Sekretariat: Gär geschitt! An iwwregens, dir kënnt am Keller och einfach de Lift op den zweete Stack huelen. Dir musst awer da fir d’éischt iwwert de Gank bis op déi aner Säit vum Gebai goen.

    Apprenant: An der Rei, Merci!

  • Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

    Haut lauschtere mir fir d’éischt dem Aicha no. Hatt erzielt eis eppes iwwer sech. Duerno héiere mir en Dialog tëscht zwou Persounen, déi sech kenneléieren an e Rendez-vous ausmaachen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Monolog

    Moien!
    Mäin Numm ass Aicha Ismaali. Ech kommen aus Tunesien, vu Monastir. Ech schwätzen Arabesch, Franséisch an e bëssen Englesch. Zënter dräi Méint léieren ech dräi Mol d’Woch, vun 10.10 bis 11.50, am INLL Lëtzebuergesch.
    Ech si bestuet an hunn zwee Kanner, zwee Meedercher. Mäi Mann ass och Tuneesier. Hien ass Kach an engem Restaurant um Knuedler an der Stad. Ech sinn Informatikerin vu Beruff, mee de Moment sinn ech am Congé de maternité. Ech sinn de 24. Abrëll 1987 gebuer.Meng Adress ass 15, Millewee, 7661 Miedernach. Meng Handysnummer ass 671 07 02 95. Meng Hobbye si spadséiere goen, schwamme goen, Piano spillen, liesen a baken.

    Dialog

    Tom: Moien! Ech sinn den Tom. Wéi heeschs du?

    Lisa: Salut Tom! Ech sinn d’Lisa. Et freet mech, dech kennenzeléieren!

    Tom: Et freet mech och! Studéiers du och hei?

    Lisa: Jo, ech studéiere Psychologie. An du?

    Tom: Ech studéieren Informatik. Vu wou kënns du, Lisa?

    Lisa: Ech kommen aus der Belsch, vun Arel. An du, vu wou kënns du?

    Tom: Ech kommen aus England, vu Manchester.

    Lisa: Dat ass awer wäit!

    Tom: Dat stëmmt. Mee et ass flott, nei Leit kennenzeléieren. Wunns du scho laang zu Lëtzebuerg?

    Lisa: Ech wunnen net zu Lëtzebuerg. Ech wunnen zu Arel. Ech kommen all Dag mam Zuch op d’Uni. An du?

    Tom: A sou! Ech wunnen eréischt zënter dräi Méint hei zu Lëtzebuerg. Et ass nach alles ganz nei fir mech.

    Lisa: Ech gleewen! Wann s de wëlls, kann ech dir e puer flott Plazen hei an der Géigend weisen.

    Tom: Dat wier flott, Lisa! Komm, mir maachen dat!

    Lisa: Super! Wéini hues du Zäit?

    Tom: Wéi wier et e Samschdeg um 14 Auer?

    Lisa: Perfekt! Treffe mer eis hei bei der Uni?

    Tom: Jo, dat kléngt gutt. Ech freeë mech!

    Persoun B: Ech mech och! Bis e Samschdeg, Tom!

    Persoun A: Bis e Samschdeg, Lisa!

  • Wëllkomm an der Poterkëscht!

    Haut schwätze mir iwwer d’Theema Wunnengssich (A2.1). De Marc sicht eng nei Wunneng, an d’Sarah kann him villäicht hëllefen.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Sara: Salut! An, wéi leeft et mat der Wunnengssich?

    Marc: Hey! Pff, et ass wierklech net einfach. Ech hu schonn e puer Annoncë gekuckt, mee ech fannen einfach net dat Richtegt.

    Sara: Dat ass awer blöd. Mee ech kann der vläicht hëllefen. E Kolleeg vu mer plënnert deemnächst, an ech mengen, seng Wunneng kéint eventuell passen.

    Marc: Ou? Dat kléngt interessant! Hues du e puer Infoen iwwert d’Wunneng?

    Sara: Jo. Se huet zwee Schlofzëmmer, eng grouss Kichen an e klengt Buedzëmmer. Se läit an engem rouegen Eck zu Märel an ass gutt mat den ëffentlechen Transportmëttel verbonnen. Se läit net wäit ewech vum Märeler Parc an et sinn och e puer Butteker an der Géigend. Just eng Parkplaz gëtt et mengen ech keng.

    Marc: Dat héiert sech jo scho mol gutt un. Eng Parkplaz brauch ech net, ech hu jo keen Auto. Weess de och, wéi héich de Loyer ass?

    Sara: Ech mengen, de Loyer ass zimlech fair fir d’Lag an d’Gréisst vun der Wunneng. Ech denken, dat wier an dengem Budget.

    Marc: Cool! Dat kléngt wierklech gutt. Kanns du mer dengem Kolleeg seng Nummer ginn?

    Sara: Kloer, ech schécken der se direkt. Wann s de eng Fro hues, fro hien einfach. Et ass fir hien och bestëmmt méi einfach, wann hien dem Proprietär direkt en neie Locataire virstelle kann.

    Marc: Definitiv. Ok, Merci! Ech melle mech da bei dengem Kolleeg a kucke mat him e Rendez-vous auszemaache fir d’Wunneng kucken ze goen.

    Sara: Gär! A wann s de Hëllef beim Plënnere brauchs, mell dech roueg.

  • Wëllkomm an der Poterkëscht!

    Haut lauschtere mir zwee Dialoger (Niveau A2.1) op ëffentleche Plazen. Fir d’éischt si mir am Restaurant an duerno op der Bank.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkript:

    Am Restaurant

    Client & Cliente: Gudden Owend!

    Client: Kéinte mir d’Menüskaart kréien, wannechgelift?

    Serveur: Gudden Owend! Jo, natierlech. Hei ass se.

    Client: Merci. Wat kënnt Dir eis recommandéieren?

    Serveur: Eis Pizzae si ganz beléift. Mir hunn awer och hausgemaachten Nuddelen. Oder hätt dir léiwer gär e Bifdeck?

    Client: Nee, fir mech kee Fleesch, ech si Vegetarier. Dann huelen ech eng Pizza. Mat Oliven a Champignonen, wannechgelift.

    Serveur: Eng Pizza mat Oliven a Champignonen… dat ass notéiert. A fir Iech, Madamm?

    Cliente: Ech hätt gär eng Portioun Spaghetti Carbonara. Déi hat ech schonn e puer Mol hei, se ass wierklech exzellent, wéi an Italien!

    Serveur: An eemol Spaghetti Carbonara… Gudde Choix! Hätt dir och gär eng kleng Zalot dobäi?
    Cliente: Jo, gär! Mee ouni Nëss, wannechgelift, ech sinn dorop allergesch!

    Serveur: Kee Problem, ech soen der Kiche Bescheed. A fir ze drénken?

    Client: Fir mech e Spruddelwaasser, wannechgelift.

    Serveur: E Spruddelwaasser… Kleng oder grouss?

    Client: Grouss! Mir deelen eis eng Fläsch, oder?

    Cliente: Jo! Ech huelen awer och nach eng Kippchen als Aperitif, wannechgelift.

    Serveur: E grousst Spruddelwaasser an eng Kippchen… Tipptopp! Ech bréngen Iech d’Gedrénks direkt.

    Client & Cliente: Merci!

    Op der Bank

    Client: Bonjour! Ech géif gär e Kont opmaachen. Sinn ech hei richteg?

    Employée: Gudde Mëtteg! Jo, huelt iech Plaz, wannechgelift. Wësst Dir schonn, wat fir e Kont Dir gär opmaache géift?

    Client: Jo, ech denken, e ganz normale Compte courant geet fir de Moment duer.

    Employée: An der Rei. Dofir bräicht ech e puer Dokumenter. Hutt Dir Är Carte d’identité dobäi?

    Client: Jo, ee Moment … Hei ass se.

    Employée: Villmools Merci. Hutt dir och e Certificat de résidence?

    Client: Jo, natierlech. Hei ass en.

    Employée: Perfekt. Voilà, elo musse mer just nach e Formulaire ausfëllen. Wéi ass Ären Numm, wannechgelift?

    Client: Mäin Numm ass Christian Marchetti.

    Employée: Wéi schreift een Äre Familljennumm?

    Client: M-A-R-C-H-E-T-T-I.

    Employée: Merci. Da bräicht ech och nach eng Telefonsnummer.

    Client: Meng Nummer ass 00 352 621 12 23 34.

    Employée: Merci. Et dauert elo Moment, bis Äre Kont op ass. Dir kritt Är Bankomatskaart an Äre PIN-Code an e puer Deeg mat der Post heemgeschéckt. Braucht Dir och eng Kreditkaart?

    Client: Nee, fir de Moment net. Mee eng Fro hunn ech nach: hunn ech och Accès op den Online-Banking?

    Employée: Ech kann Iech dat fräischalten, wann Dir wëllt … Sou, et ass gemaach. Et kann awer e puer Deeg daueren, bis den Accès funktionéiert. Hutt Dir schonn en Token?

    Client: Jo, an ech hunn och d’App.

    Employée: Perfekt! Dir kënnt och d’Gratis-App vun eiser Bank eroflueden, da kënnt dir ëmmer an iwwerall ganz einfach Accès op Äre Kont hunn an och ënnerwee Viremente maachen.

    Client: Dat ass praktesch, dat maachen ech. Merci fir Är Hëllef!

    Employée: Service. Nach e schéinen Dag!

    Client: Merci gläichfalls!

  • Wëllkomm am éischten Episod vun der Poterkëscht!

    Haut léiert dir e puer nëtzlech Informatiounen, déi dir an ärem Lëtzebuergeschcours gebrauche kënnt.

    Vill Spaass beim Nolauschteren!

    ---

    Transkriptioun:

    Hei e puer Sätz, wann d'Apprenantë mam Proff schwätzen:

    - Entschëllegt, ech hunn eng Fro.

    - Wéi seet een … op Lëtzebuergesch?

    - Wat heescht... ?

    - Ech verstinn dat net.

    - Kënnt dir dat widderhuelen, wgl.?

    - Kann ech eng Kopie kréie wgl.?

    - Ech wëll d'Ecoute nach eng Kéier lauschteren wgl.

    Hei e puer Sätz, wann d'Apprenantë mat anere Kolleegen an der Klass schwätzen:

    - Hues du e Blat fir mech?

    - Kanns du mir e Bic léine wgl.?

    - Kanns du mir hëllefen?

    - Merci!

    - Gär geschitt!

    Hei e puer Sätz, wann de Proff mat den Apprenantë schwätzt:

    - Schwätzt zu zwee.

    - Schwätzt an der Grupp.

    - Schwätzt mat Ärem Noper oder mat Ärer Nopesch.

    - Liest den Text.

    - Liest zu zwee.

    - Lauschtert d'Ecoute.

    - Kombinéiert.

    - Schreift oder notéiert.

    - Kräizt un.

    - Ënnersträicht.

    - Huelt d'Buch op der Säit ...

    - Maacht d'Buch op.

    - Maacht d'Buch zou.

    - Stitt op wgl.

    - Sëtzt iech wgl.

    - Schafft zu zwee.