Episodes
-
De laangjärege President vun der Asti huet scho fréi ugefaange Fotoen, Bréiwer an Affichen am Kader vu sengem Engagement ze sammelen. Elo gouf dorausser eng Chronik. D'Christiane Kleer huet mat him doriwwer geschwat.
-
Déi international Initiativ gëtt haut zu Lëtzebuerg lancéiert. Wann ee sech an engem Restaurant, Bar oder op engem Event onwuel oder bedrängt spiert, kann een nom Angela froen a gëtt vum Personal aus der Situatioun erausgeholl. Ee vun de Grënnungsmembere vun der Lëtzebuerger ASBL, den Arne de Wal, ass zu Gaascht bei eis am Studio.
-
Missing episodes?
-
Wie scho mol geplënnert ass weess, wat fir en Opwand esou eng Plënner ass. Mee stellt Iech mol vir, Dir musst dat ganzt Nationalarchiv plënneren, mat iwwer 50 km Dokumenter, Bicher an ale wäertvolle Schrëften, déi deels aus dem fréie Mëttelalter stamen. Schonn zënter zwee Joer ass d’Nationalarchiv am gaangen hir Plënner aus der Stad op de Site Esch Belval ze organiséieren. Wéi eng Erausfuerderung esou ee risege Projet mat sech bréngt a wéi dat neit Nationalarchiv elo schlussendlech ausgesäit, war d’Sté Bisenius sech ukucken.
-
Fairmëllech gouf wéinst de ganz niddrege Mëllechpräisser an d'Liewe geruff, mam Zil lokal ze produzéieren, ze verschaffen an ze vermaarten. De Konsument ass awer schlussendlech deen, deen de lokalen Handel bestëmmt.
-
De Pit Beffort mellt sech live vun den Däichwisen zu Ettelbréck.
-
... seet d'Fédération Aéronautique Luxembourgeoise (FAL) als Sproochrouer vun der sougenannter aviation générale. Hire Generalsekretär Jean-Claude Weber erkläert.
-
Déi gréisste Vëloscourse op der Welt steet virun der Dier: Den Tour de France. Muer geet et zu Barcelona mat engem Ekippenzäitfuere lass. Am Virfeld ginn et awer zwee Campen: Déi, déi enorm gespaant sinn, an déi, déi sech eng langweileg Course erwaarden.
-
De Christian Kamhaug, Spriecher vu Wolt Lëtzebuerg, erkläert d'Positioun vu senger Gesellschaft an der Diskussioun iwwer d'Plattformaarbecht.
-
Är Äntwerten op eis Fro vun der Woch schwätzen eng kloer Sprooch: et gëtt keen, deen net dofir ass, datt eis Dierfer a Stied méi gréng ginn.
-
Matten am Summer bleift déi olympesch Schwämm um Kierchbierg vu Mëtt Juli bis Mëtt September zou. Muss dat sinn? Froen un de Coque-Direkter Christian Jung.
-
Déi lescht Woch koum et um Lëtzebuerger Nationalfeierdag zu Bréissel zu enger Reunioun, déi fir vill Diskussioune suergt. En Dënschdeg hate sech Vertrieder:innen aus der EU mat enger Delegatioun vun den Taliban aus Afghanistan an der belscher Haaptstad gesinn, fir iwwer d’Retoure vun afghanesche Migranten, déi keng Openthaltsgeneemegung an der EU hunn, ze schwätzen.
Wou dee Meeting statt fonnt huet, ass net bekannt. Och net wouriwwer genee geschwat gouf.
Verschiddene Medien no solle vun europäescher Säit nieft der Europäescher Kommissioun och 15 EU-Memberlänner op där Reunioun mat derbäi gewiescht sinn.
Onkloer bleift, ob Lëtzebuerg do och present war.
Am Europaparlament wiisst iwwerdeems d’Kritik doriwwer, datt d’Delegatioun vun den Taliban iwwerhaapt op europäeschem Bueden empfaange gouf.
D’Danièle Weber huet d’Detailer. -
Lëtzebuerg huet seng Satellitte-baséiert Telekommunikatiounsplattform an d'Äerdbiewegebitt geschéckt. De Max Steffen vun deem Dispositif ass sur place a gëtt Erklärungen.
-
Wat empfannen d’Leit hei am Land als déi gréisste Risiken a Menacen? Dat wollt d’ILRES am Optrag vun der Regierung an enger nationaler Ëmfro erausfannen.
-
Gëschter waren eng konstruktiv Sëtzung vum CPTE, dem Comité permanent du travail et de l'emploi, zum Theema an eng "onproduktiv" Reunioun vun de Gewerkschafte mat Wolt: dozou den David Angel vum OGBL.
-
An de leschte Wochen hat d’Ekipp vum Mudam scho verschidde speziell Aktioune lancéiert: esou huet si ënner dem Motto “Dodeka” zwielef Wierker aus der Mudam-Kollektioun an zwielef Kulturzenteren, Administratiounen an och Kierchen uechtert d'Land transportéiert, fir d’Sammlung méi no bei d’Leit ze bréngen. A firwat? Mee, als Gebuertsdagscadeau: gëschter viru ronn 20 Joer, also den 1. Juli 2006, ass de Pei-Musée um Kierchbierg opgaangen. An dat gëtt dës ganz Woch grouss gefeiert. Éier mir mat der aktueller Mudam-Directrice Bettina Steinbrügge schwätzen, geet d’Kerstin Thalau op de Stellewäert vum Musée an, an natierlech och op seng beweegte Geschicht. An dozou gehéiert déi éischt Mudam-Directrice, d’Marie-Claude Beaud.
-
An de follgenden Deeg sti bei der Fussball-Weltmeeschterschaft an Nordamerika d’ Siechzéngtelsfinalen un. An eisem “Stadion Funk” analyséiere mer zanter dem Ufank vum Tournoi reegelméisseg sportlech, politesch a gesellschaftlech Aspekter vun dëser WM, wärend een am Panorama d’ Resultater vun dëser gewuer gëtt. Ma Sport war awer net ëmmer sou present op der Antenn vum Radio 100,7, wéi eisen Archivist Gilles Schreurs rausfonnt huet.
-
13 Concerte kann ee wärend den nächsten zwou Woche bei der Luxexpo an an der Abtei Neimënster lauschteren. De Michel Welter vum Atelier gëtt en Abléck an d'Organisatioun.
-
A verschiddene Länner um Balkan maache sech eng ganz Partie Leit Suergen, datt déi lescht onofhängeg Medien an Zukunft manner fräi oder kritesch schaffe kënnen. D’Ursaach dofir huet direkt eppes mat Lëtzebuerg ze dinn. De Balkan-News-Reseau “Adria News Network”, zu deem eng ganz Partie Televisiouns-Chaînen, mee och Zeitungen an Online-Portaler gehéieren, huet säi Sëtz zu Lëtzebuerg ... a gouf Enn September verkaf, an zwar un ee Fonds, deen dem fréieren ungaresche Premier Viktor Orban nosteet, an dee wéinst fréieren Decisiounen an d’Kritik geroden ass.Déi betraffe Medie schloen Alarm a fäerten, datt hir Entreprisë massiv ëmstrukturéiert ginn, an datt si Zukunft ënner dem Afloss vun hire Regierunge schaffe mussen. Wéi reagéiert d'Europaparlament? Dat froe mir den éisträicheschen Europadeputéierten Andreas Schieder vun der SPÖ, den éisträichesche Sozialisten, deen d’Politik um Balkan zanter Joren enk suivéiert.
-
Den 1. Juli 1946 koum déi 1. Editioun vun der kommunistescher Zeitung eraus. Den aktuelle Chefredakter Ali Ruckert erënnert un 80 Joer, an deenen et dacks ëm d'Iwwerliewe goung.
-
Vun haut bis e Freideg mécht dee Bus Statioun zu Esch virun der Gemeng. Do kënne Frae sech gratis engem Depistage vu cardiovasculaire Krankheete ënnerzéien. Den Thierry Drilhon, Co-Fondateur vun der (franséischer) Stëftung, déi hanner där Initiativ stécht, gëtt e puer Erklärungen.
- Show more