Эпизоды
-
De Kinnek Charles wäert deen neie Labour-Leader haut mat der Formatioun vun enger neier Regierung beoptragen. Mee wien ass dee Successeur vum Keir Starmer? Explikatioune vun eiser Korrespondentin Sara Menaï
-
De Manuel Cardoni, techneschen Direkter vun der Fussballfederatioun, verréit, wéi hien d'Weltmeeschterschaft erlieft huet a wat hien dovun zeréckbehält.
-
Пропущенные эпизоды?
-
D'Regierung an d'Associatioun ALMEVS goufe sech eens iwwer e spezifesche Statut fir déi jonk Dokteren, déi nach an der Ausbildung sinn.
-
15 vun 21 Etappe si gefuer; elo geet et an d'Alpen. Wat kann ee vun der leschter Tour-Woch erwaarden? Froen un de fréiere Vëlosprofi Michel Ries
-
Et koumen originell Iddien eraus, fir d'Awunner:inne spontan dozou ze bréngen sech ze begéinen a besser kennenzeléieren. Proposéiert goufe Flyer an einfacher Sprooch, mee och ee Pool vu lokale Bierger:innen, déi mat hire Kompetenze kënnen hëllefen oder nach ee Schëfflenger Pass, mat deem ee kann am lokalen Handel Reduktioune kréien, wann een u villen Aktivitéiten deelhëlt.
-
An der Chamber sinn elo – am Prinzip – bal zwee Méint laang keng Plenièressitzunge méi. Déi lescht Sitzung virun der Summerpaus war virgëschter. E gudde Moment also fir op e puer wichteg Momenter aus de leschte Méint um Krautmaart zeréckzekucken, wéi zum Beispill op de Vott vun der Pensiounsreform, d’Debatten iwwer de Staatsbudget 2026 an den Tripartitesaccord.
-
De Miseler Kollektiv bréngt Mënsche vu verschiddenen Horizonter zesummen, op eng ongezwongen Aart a Weis. D'Annick Feipel ass Coordinatrice vun deem éischten Tiers-lieu am Osten.
-
Ënner deem Slogan hunn den CSV-Finanzminister Gilles Roth an den DP-Logementsminister Claude Meisch gëschter 7 Mesurë virgestallt, déi de Wunnengsbau nees ukuerbele sollen.
-
De Jeff Schinker gëtt eis en Abléck an den haarde Konkurrenzkampf tëschent den Theaterkompagnien, déi zu Avignon optrieden.
-
D’Europäesch Kommissioun proposéiert haut déi laang erwaarte Reform vum Europäeschen Emissiounshandels-System. Am Virfeld hu sech d’Parteien am Europaparlament a Positioun bruecht. Verschidde Memberlänner erwaarde sech méi ee labbere System.
-
Mir kucke mam Jo Diseviscourt aus der Sportredaktioun zeréck op de Match vu gëschter - an no vir op den decisive Match e Sonndeg.
-
Mir schwätze mam Lëtzebuerger Extreemsportler Ralph Diseviscourt, hien ass viru Kuerzem 3. ginn op der Course tëschent dem Nordkap an Tarifa, déi hien ouni Assistenz gefuer ass.
-
Am Mäerz hat den Ekonomiesministère en Appel à projets lancéiert, fir Entreprisen dobäi ze ënnerstëtzen, hir Camionsflott op Elektro ëmzestellen. 23 Projete goufen zeréckbehalen.Wéi den Ekonomiesminister Lex Delles annoncéiert huet, wier d’Initiativ e grousse Succès gewiescht – an dowéinst geet et elo och an eng zweet Ronn. Den 20. Juli gëtt e weideren Appel d'offres lancéiert - Interessente kënne sech da bis den 18. September mellen.
-
D’Regierung an d'Sozialpartner goufe sech gëschter iwwer een nationalen Aktiounsplang fir Kollektivverträg eens. Explikatioune vum Aarbechtsminister Marc Spautz
-
D'Transportministesch Yuriko Backes erkläert am 100,7-Interview, wat d'Regierung elo wëllt maachen, fir datt déi belsch Maut vläicht nach ka verhënnert ginn.
-
D'Emma Hizette war de Concert vun der amerikanescher Popstar virun d'Luxexpo kucken.
-
Miersch war eng vun deene Gemengen, déi deemools, an der Nuecht vum 14. op de 15. Juli 2021, besonnesch staark vum aussergewéinlech heftege Ree betraff waren. Mir kucke mam Buergermeeschter Michel Malherbe op déi Deeg zeréck a loossen eis erklären, wat d'Gemeng aus där Katastroph geléiert huet.
-
Mir froen de President vun der Landwirtschaftskammer, de Christian Hahn.
-
Mir froen d'Presidentin vun der Infirmiersassociatioun ANIL, d'Anne-Marie Hanff.
-
Eise Korrespondent Max Tholl erkläert, wou den Impakt no dräi Hëtztwelle bannent e puer Wochen am meeschten ze spieren ass.
- Показать больше