Episodes
-
De Raphaël Wisselmann ass Directeur adjoint vum technesche Service vun der RhÀin-Kommissioun. Hien erklÀert am 100,7-Interview wat fir een Impakt d'Niddregwaasser aktuell huet an nach kéint kréien. Well vill Reen ass net a Siicht.
-
Lët’z Arles ass den Numm vun der ASBL, déi zanter 2016 déi Lëtzebuerger Fotografie all Summer op de renomméierte Rencontres de la Photo d’Arles vertrëtt. Fir hire ronnen zéngte Gebuertsdag wollten d’Memberen dem Public a Südfrankräich eppes Besonnesches bidden. Si hu Lëtzebuerger Institutioune mat Edward-Steichen-Kollektiounen zesummebruecht, fir eng gemeinsam Edward-Steichen-Expo fir d’Rencontres op d’Been ze stellen, an zwar ënner dem Titel “La nature d’Edward Steichen”. Eng Weltpremière! D’Kerstin Thalau war op der Semaine d’ouverture vun de Rencontres d’Arles.
-
Episodes manquant?
-
De Finanzminister erklÀert, wat senger Analys no nom 31. August mat den israeelesche Staatsobligatioune geschitt a firwat d'Decisioun vun der CSSF net éischter bekannt gemaach gouf.
-
De Fall vum dĂ€itschen CDU-Politiker Jens Spahn, deen zesumme mat sengem Mann Papp gouf â mat HĂ«llef vun enger sougenannter Leihmutterschaft - huet fir vill Welle gesuergt - an net nĂ«mmen an DĂ€itschland dâDiskussioun ronderĂ«m de Sujet nei ugestouss. WĂ©i ass dâSituatioun, wat sinn eventuell Gesetzer iwwer dâLeihmutterschaft oder wĂ©i bei eis och gesot gĂ«tt âdâgestation pour autruiâ an aneren europĂ€esche LĂ€nner - a wĂ©i gesĂ€it et eigentlech zu LĂ«tzebuerg aus?
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europÀesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
-
D'Uelzecht zu Steesel soll renaturéiert ginn. Dat mam Zil fir d'GewÀsserqualitéit an den Héichwaasserschutz ze verbesseren. Virun 3 Joer gouf ee gréissere Projet annoncéiert, zesumme mat der Regierung, der Gemeng an der EuropÀescher Investitiounsbank. Elo ass een éischte klengen Tronçon fÀerdeg. Ob a wéini de gesamte Projet kéint ofgeschloss ginn, ass ongewëss. De Moris Garzaro huet sech am Fréijoer op der Plaz mat der Steeseler Buergermeeschtesch getraff, fir doriwwer ze schwÀtzen.
-
De Marc Besch ass GeneralsekretÀr vum Staatsrot an huet elo e Buch iwwer d'Entsteeung vun dÀr Institutioun geschriwwen. Mir geheie mat him ee Bléck zeréck an déi Geschicht.
-
Rieds ass vum schlëmmste Bëschbrand iwwerhaapt an der Regioun: Am Nordoste vu Madrid hunn 1.200 Mënschen aus méi wéi 30 Uertschafte missten evakuéiert ginn. Elo kéint Besserung a Siicht sinn. Een Update mat eiser Korrespondentin Aurélie Chamerois
-
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
-
Een zentraalt Klimaschutzinstrument vun der Europäescher Unioun soll reforméiert ginn: den Emission Trading System, kuerz ETS, deen et schonn zënter 2005 gëtt. Déi Europäesch Kommissioun hat hir Virschléi dozou e Freideg zu Bréissel presentéiert. Zënterdeem ginn et positiv wéi negativ Reaktiounen.
Wéi reagéiert déi Lëtzebuerger Industrie op d’Proposen? A wat genee huet d’EU-Kommissioun virgeschloen? -
Mir froen d'Martine Peters vun der Waasserverwaltung, éier haut de Renaturéierungsdësch zesummekënnt.
-
Dem Christopher Nolan seng imposant filmesch Interpretatioun gëtt dem Homer sengem Klassiker absolut gerecht, et ass dem Michel Delage säin aktuelle Kinotip.
-
An de Grondschoule sinn d’Preparatioune fir d’Aféiere vun der franséischer Alphabetiséierung dëst Schouljoer op Héichtoure gelaf. No der Summervakanz trëtt am September d’Reform da landeswäit an alle Grondschoulen a Kraaft. Fir ze gesinn, wéi déi organisatoresch Viraarbecht genee ofleeft, huet d’Pia Oppel engem Regionaldirekter bei der Aarbecht iwwer d’Schëller gekuckt.
-
MĂ©i BegrĂ©ngung an der Stad ass en aktuellt politescht Theema â an och fir dâKanner aus der Schoul Um Kiem um Kierchbierg spillt d'BegrĂ©ngung eng grouss Roll. Si wĂ«nsche sech Ă«nner anerem mĂ©i Beem a GrĂ©ngflĂ€chen am Schoulhaff. Am Kader vum KIKARO, dem Kiemer Kannerrot, hunn dĂ©i aacht gewielte Kannervertrieder:inne sech dat ganzt Schouljoer iwwer fir dĂ«se Projet agesat an hir Propositioune bei der Gemeng virgedroen.
-
De Kinnek Charles wäert deen neie Labour-Leader haut mat der Formatioun vun enger neier Regierung beoptragen. Mee wien ass dee Successeur vum Keir Starmer? Explikatioune vun eiser Korrespondentin Sara Menaï
-
De Manuel Cardoni, techneschen Direkter vun der Fussballfederatioun, verréit, wéi hien d'Weltmeeschterschaft erlieft huet a wat hien dovun zeréckbehÀlt.
-
D'Regierung an d'Associatioun ALMEVS goufe sech eens iwwer e spezifesche Statut fir déi jonk Dokteren, déi nach an der Ausbildung sinn.
-
15 vun 21 Etappe si gefuer; elo geet et an d'Alpen. Wat kann ee vun der leschter Tour-Woch erwaarden? Froen un de fréiere Vëlosprofi Michel Ries
-
Et koumen originell Iddien eraus, fir d'Awunner:inne spontan dozou ze bréngen sech ze begéinen a besser kennenzeléieren. Proposéiert goufe Flyer an einfacher Sprooch, mee och ee Pool vu lokale Bierger:innen, déi mat hire Kompetenze kënnen hëllefen oder nach ee Schëfflenger Pass, mat deem ee kann am lokalen Handel Reduktioune kréien, wann een u villen Aktivitéiten deelhëlt.
-
An der Chamber sinn elo – am Prinzip – bal zwee Méint laang keng Plenièressitzunge méi. Déi lescht Sitzung virun der Summerpaus war virgëschter. E gudde Moment also fir op e puer wichteg Momenter aus de leschte Méint um Krautmaart zeréckzekucken, wéi zum Beispill op de Vott vun der Pensiounsreform, d’Debatten iwwer de Staatsbudget 2026 an den Tripartitesaccord.
-
De Miseler Kollektiv bréngt Mënsche vu verschiddenen Horizonter zesummen, op eng ongezwongen Aart a Weis. D'Annick Feipel ass Coordinatrice vun deem éischten Tiers-lieu am Osten.
- Montre plus