Episodi
-
Mir froen eise Korrespondent op der Plaz, de Philipp Crowther.
-
De Pit Losch aus dem Wirtschaftsministère erkläert d'Iddi hannert engem Appel à projets fir Produktiounsanlage vun CO2-fräiem Hydrogène.
-
Episodi mancanti?
-
De fréieren ADR-President huet geschter e ganz kritesche Lieserbréif am Wort publizéiert. Mir froen hien op d'Partei scho reagéiert huet.
-
Eise Klassikredakter Christophe Mirkes beliicht d'Hannergrënn vum Wiessel un der Spëtzt vum OPL.
-
Miscanthus (oder Elefantegras) kann een net just an de Gaart stellen, mee et kann een och Planzebëton draus maachen. Mir hu mat engem Produzent geschwat.
-
Fir d’Clienten dierften d’Gas-Präisser ongeféier um Niveau vun de leschten zwee Joer bleiwen, seet de Generaldirekter vum Energie-Liwwerant Enovos. Zënter Ufank vum Joer ass déi staatlech Hëllef jo wech gefall. Gläichzäiteg ass och den eigentleche Präis vum Gas gefall.
-
Simplification administrative, Presentatioun vum CMCM Indoor Meeting a Regierungsrot.
-
Den Dave Delvaux sammelt Chrëschtbeemercher fir seng Geessen: déi hunn d'Nole vun den Dännen a Fichten net nëmme gär, mee se sinn och nach gesond.
-
Et ass guer net esou einfach, eng eegen Entreprise ze grënnen. D'House of Entrepreneurship kann een op deem Wee begleeden. Seng Directrice Stéphanie Damgé ass Invitée am Moiesstudio.
-
An der Stad Lëtzebuerg stinn d'Automobilisten am Duerchschnëtt 55 Stonnen d'Joer am Stau: wat inspiréiert déi Zuel dem Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt?
-
D'CSV-Deputéiert a Presidentin vun der Chamber-Spezialkommissioun äntwert op de Reproche vun der Caritas.
-
Zanter dem 4. Dezember ass dee wuel fortschrëttlechste Wiedersatellit a Betrib - de Meteosat-12. Et ass déi drëtt Generatioun vu Wiedersatellitten, déi vun der europäescher Meteo-Agence EuMetSat zesumme mat der europäescher Weltraumorganisatioun ESA eropgeschoss gouf - e Fortschrëtt fir d’Wiederprognosen an d’Klimabeobachtunge gëtt sech hei duerch erwaart. Och déi staatlech Wiederagence MeteoLux gëtt elo mat Donnéeë vun dësem Wiedersatellit gefiddert.
-
Den Olivier Jeitz vun der Waasserverwaltung mécht de Point vun der Situatioun.
-
Urteel am Prozess géint fréieren Direkter vu Clierfer Lycée, den OPL kritt e neie Chefdirigent, Staatlech Trauerfeier an den USA fir de Jimmy Carter
-
D'CES gëllt als eng vun de wichtegsten internationale Foirë fir déi neiste Produiten an der Elektronikbranche. D'Cindy Tereba, CTO a Responsabel fir international Affäre bei der Chambre de Commerce verréit Detailer iwwer d'Presenz vu Lëtzebuerg.
-
Mir froen ee vun de Matgrënner vum Projet, wéi dat Ganzt funktionéiert, a wéi vill Leit hei am Land matmaachen.
-
Automobiliste stoungen d'lescht Joer an der Stad am Schnëtt iwwer 2 Deeg am Stau, esou eng Etüd vun Inrix. Dat ass kee gutt Zeeche fir d'Lëtzebuerger Verkéierspolitik, seet de President vun der Securité routière.
-
Chamberkommissioun Caritas, Mineuren am Prisong a weider Neijoerschpätt
-
Mir schwätzen iwwer eng Radiosemissioun, déi et zanter enger Woch net méi geet - net hei, mee um Radio Ara. "Iwwer d’Maueren ewech" huet se geheescht a moderéiert gouf se 35 Joer laang vum Jeannot Schmitz ...
-
"Mämmories" ass no "Croque Mëssiö" (am Joer 2009) an "Autopsy" (2019) deen 3. Soloprogramm vun der Kabarettistin Michèle Turpel. Si verkierpert dës Kéier eng Actrice, nee, eng Diva an engem gewëssen Alter, déi op hir joerzéngtelaang Karriär zeréckkuckt.
- Mostra di più