Folgen
-
Och Lëtzebuerg spillt eng grouss Roll an der Formatioun vun de Stolkarteller. Nom Zweete Weltkrich huet sech e mythologeschen Narrativ gebilt, deen dës Allianzen als Virreider vun engem europäesche Gedanken ouni Handelgrenze gesinn huet, een Narrativ, deen den Historiker Paul Feltes awer konsequent ofleent. D'Danièle Wecker ënnerhält sech mam 2019er Laureat vum 2019er Prix Emile an Aline Mayrisch iwwer seng Fuerschung.
-
D'Geschicht vun der ARBED an hir Plaz an der Lëtzebuerger Gesellschaft ass wuel jiddwerengem ee Begrëff, mee d'Kreatioun vun enger zweeter Firma duerch d'ARBED am brasilianesche Minas Gerais am Ufank vum 20. Joerhonnert ass net vill am ëffentleche Bewosstsinn. Dr. Irma Hadzalic fuerscht an hirer Thees iwwer Prozesser vu sozialen Initiativen, déi d'ARBED eent zu eent wollt a Brasilien implementéieren. Si fënnt eraus, datt d'Motivatioune vun der ARBED net eleng engem renge Sozialgeescht gedéngt waren.
-
Fehlende Folgen?
-
De Resistenzmusée zu Esch kritt en neit Gesicht a presentéiert eng komplett nei Ausstellung an der zweeter Hallschent 2021. Grond genuch fir d'Danièle Wecker mat enger vun den Historiker aus dem Musée ze ënnerhalen. D'Elisabeth Hoffmann gëtt e klengen Abléck, wat de Visiteur d'nächst Joer erwaart an ënnerhält sech iwwer Kontroversen am Musée iwwer déi leschte Joren, de komplett neien Opbau vun der Ausstellung a modern Mesuren, déi de Contenu engem Public, deen den Zweete Weltkrich net erlieft huet, solle méi no bréngen.
-
Zanter der Annexioun vu verschiddenen ostbelsche Kreesser, ënner anerem Eupen a Malmedy am Joer 1920, spille sech op dësem Terrain net just sproochlech, politesch a kulturell Deitungskämpf of, mee och ganz essentiell Parametere vun Nationalidentitéit ginn hei ëmmer erëm nei definéiert. Esou kann dës Regioun an der Zäit vun 1920 bis haut och als Spigelbild vu wiesselende Muechtpolitiken tëschent den Zentre Bréissel a Berlin gesi ginn, an där sech och d'Zerrassenheet vun der Neizäit erëmspigelt, seet den Zäithistoriker Christoph Brüll.
-
Den 28. September 2019 gouf zu Lëtzebuerg de Centenaire vun der Aféierung vum allgemenge Wahlrecht gefeiert. Méi wéi Grond genuch fir d'Chamber sech mam Musée national d'histoire et d'art zesummen ze di fir eng Ausstellung iwwer d'Thema op d'Been ze setzen. Déi Haaptresponsabel Renée Wagner a Régis Moes hunn de Wee an de Studio fonnt fir iwwer dëse Projet ze schwätzen.
-
De Mediewëssenschaftler Tim van der Heijden huet am Kader vum Projet "Changing platforms of ritualized memory practices. The cultural dynamics of home movies" d'Geschicht vum Amateurfilm recherchéiert. Dëse Projet kuckt sech de sougenannten Home Movie vum Ufank vun der Kamera 1895 bis d'Opkomme vun der digitaler Medieplattform YouTube 2005 un. Dobäi huet de van der Heijden sech besonnesch op Phas vum technologesche Wiessel konzentréiert a konstatéiert, datt sech net nëmmen d'Instrument ännert mat deem de private Filmemacher schafft, mee esou guer d'Aart a Weis, wéi sech erënnert gëtt.
D'Danièle Wecker ënnerhält sech mam Tim vun der Heijden iwwer Verännerungen am private Film. -
D'Sproochwëssenschaftlerin Judith Manzoni beschäftegt sech an hirer Aarbecht als éischte Linguistin mam Intonatiounssystem - dat heescht verschidde Muster vu Betounung - an a vun der Lëtzebuerger Sprooch. Net nëmme bestëmmt si verschidden universell Musteren an der Sprooch mee definéiert och hir Funktioun am Discours an analyséiert ob a wéini Lëtzebuerger hire Sproochrhythmus an hir Betounung am Däitschen a Franséische bäihalen a wéini net. D'Judith Manzoni schwätzt mat eis iwwert Sprooch, Betounung an hiert Experiment an deem si mat originelle Methoden huet missen opkomme fir Resultater ze kréien.
-
D'Literaturwëssenschaftlerin Fabienne Gilbertz analyséiert an hirer 2018 ofgeschlossener Thees verschidden Aspekter vum Professionaliséierungsprozess an a vun der Lëtzebuerger Literatur. Si fokusséiert literaresch Produktiounen, d'Grënne vun diversen institutionelle Medien a Formen an awer och eng méi vag Notioun vun engem Wouerhuele vu sech selwer als literareschen Acteur. Esou beliicht si en diverse Prozess an der Period Nokrichszäit bis zu de produktiven 80er Joren, wou d'Lëtzebuerger Literatur net nëmmen e grousse Wandel an hirer Bestëmmung, hirem Toun an hirer Form duerchmécht, mee aus hirem eegene Schiet eraustrëtt an hir eege Stëmm oder Stëmme fënnt.
-
Den Ethnograph Bernardino Tavares huet 2018 seng Fuerschungsaarbecht iwwer kapverdianesch Migratioun ofgeschloss. Hie kuckt sech net nëmme Lëtzebuerg als Land vun Immigratioun mee och d'Kapverden als Land vun Emigratioun an d'Trajectoiren dertëscht un. Wat als éischt emol verwonnert, ass d'Visibilitéit vu Lëtzebuerg an der ëffentlecher Landschaft vun de Kapverden an d'Iddi, déi vill Kapverdianer vu Lëtzebuerg als mythescht Paradäis hunn. D'Situatioun hei am Land erweist sech awer dacks als schwéier, wann d'Migrante mat der multilingualer Realitéit konfrontéiert ginn. Wou muncheree vläicht mengt, d'Sproochesituatioun géing et méi einfach maachen e linguistesche Raum ze fannen, esou ass et, dem Bernardino Tavares no, awer grad méi schwéier, well Sprooch dacks instrumentaliséiert gëtt fir enger Bevëlkerungsschicht, wéi och de Migranten, verschidden Accèsen ze verweigeren a verstoppt och en ënnerleiende Rassismus.
-
Am Rendez-Vous am Laboratoire vun de Geeschteswëssenschaften ass den Historiker Tobias Vetterle op Besuch. Hien huet sech mam Discours ëm d'politesch Participatioun zu Lëtzebuerg vun 1960 bis 1990 auserneegesat. Fir hien ass dëst e Raum dee sech opdeet an deem sech de Prinzip vun Demokratie ëmmer erëm selwer muss fannen oder erfannen. D'Danièle Wecker am Gespréich mam Historiker.
-
D'Foto "Selbstportrait mit Pasha Rafiy", déi en dekontraktéierte Pasha Rafiy um Canapé nieft engem ugespaante Jean-Claude Juncker weist, huet den iranesch-lëtzebuergesche Fotograf 2007 bekannt gemaach. Mam Documentaire "Foreign Affairs" vun 2015, deen den Ausseminister Jean Asselborn op Schratt an Tratt begleet, huet de Pasha Rafiy och an der Filmwelt Fouss gefaasst. An am Mäerz ass hie scho fir d'zweet fir d'Rencontres d'Arles selektionéiert ginn, an zwar mat der Fotoserie "Bad News". D'Kerstin Thalau wollt méi iwwer d'Biller, déi de Pasha Rafiy zu engem groussen Deel an Amerika geschoss huet, éier de "Muslim Travel Ban" koum, gewuer ginn.
-
D'Fotografin Laurianne Bixhain interesséiert sech fir aktuell Entwécklungen am urbane Raum. Wéi gesäit de Rapport tëscht Mënsch a bebauter Ëmwelt, an der Technik, a méi spezifesch: dem Zerfall vun den Industrien aus? Dëser Fro ass si während enger Kënschtlerresidenz zu Montreal nogaangen. Hiren Hôte - de Konschtzentrum Fonderie Darling- ass an enger aler Géisserei, matten an engem fréieren Handwierkerquartier, installéiert, deen aktuell zum hippen IT-Zentrum vu Montreal mutéiert. Der Laurianne Bixhain hir Fotoserie "On the Other End", déi si op den Rencontres d'Arles 2018 presentéiert, ass do entstanen. Zum Gespréich mam Kerstin Thalau huet d'Fotografin e Medientheoretiker an e Museker matbruecht.
-
D'Memoire vun der Resistenz - dat ass net nëmmen heizuland en Thema. D'Elisabeth Hoffmann huet d'Forme vun Erënnerungskultur tëscht Lëtzebuerg, Elsass, an der Moselle an an der Ost-Belsch matenaner verglach. Dobäi huet si och gekuckt, wéi sech déi Erënnerungskultur zanter dem Zweete Weltkrich entwéckelt huet. D'Renée Wagener ënnerhält sech mat der Historikerin.
-
Am Spuenesche Biergerkrich vun 1936-1939 hunn déi Kräften, déi d'Republik géint eng nationalistesch Iwwernahm wollte verteidegen, och international u Fräiwëlleger appelléiert, fir si ze ënnerstëtzen. Ënner dësen internationale Spueniekämpfer waren och vill jiddesch Männer. Nom Zweete Weltkrich krut dësen Engagement eng nei Bedeitung an der Diskussioun ëm déi angeblech jiddesch Passivitéit géinteniwwer der antisemitischer Verfolgung an Hitlerdäitschland. D'Renée Wagener schwätzt mam Gerben Zaagsma vun der Uni Lëtzebuerg iwwer seng Fuerschung zu dësem Thema.
-
Beim Kongress vu Wien 1815 hunn déi grouss europäesch Staaten och beschloss, de Sklavenhandel ofzeschafen. Mee och wann dat internationaalt Recht an déi Richtung ugepasst gouf, si Sklaverei an Zwangsaarbecht bis zum Zweete Weltkrich net verschwonnen. De Rechtswëssenschaftler Michel Erpelding huet déi Evolutioun a senger Doktoratsthees analyséiert, déi och als Buch erauskoum.
Erpelding, Michel: Le droit international antiesclavagiste des "nations civilisées" (1815-1945). (Collection de thèses; 145). Thèse de doctorat, Paris 2017.
D'Renée Wagener ënnerhält sech mam Wëssenschaftler. -
Am 14. Joerhonnert war d'Haus vu Lëtzebuerg mat Béimen verbonnen, duerch de Fait, datt de Jang de Blannen do Kinnek gouf. D'"Chronik vum Dalimil", déi an alem Tschechesch verfaasst ass, weist, iwwer de Wee vun enger historescher, mythologescher a literarescher Duerstellung vum Land, wéi de béimeschen Adel seng Positioun géintiwwer dem Kinnek verdeedegt huet. Dobäi huet en och op en nationalisteschen Discours zeréckgegraff. D'Éloïse Adde-Vomáčka, déi elo fir d'éischt eng Iwwersetzung op Franséisch virleet, analyséiert dëst Muechtspill. D'Renée Wagener ënnerhält sech mat der Historikerin.
-
Déi, déi d'Konzentratiounslager vum Zweete Weltkrich iwwerlieft hunn, sinn duerno dacks psychesch net mat där schrecklecher Erfarung eens ginn. Et war awer grad an Däitschland e beschwéierleche Wee, bis datt net nëmme physescht, mee och psychescht Leiden opgrond vu Verfolgung unerkannt gouf. Déi jonk Historikerin Sophie Thoma ass der Entwécklung vun der däitscher Psychiatrie nogaangen - an dem Paradigmewiessel, deen an dëser Disziplin vum Enn vun de Fofzegerjoren ze erkennen ass. D'Renée Wagener ënnerhält sech mat der Historikerin.
-
Viru wéi no der Révolution des Oeillets vun 1974 huet de portugisesche Staat versicht, déi portugisesch Communautéiten am Ausland a seng Politik ze integréieren a si esou un d'Mammeland ze bannen. Och déi Lëtzebuerger Emigratiounsveräiner waren zanter de Siwwenzegerjoren an déi Bestriewungen op sproochlechem, kulturellem awer och wirtschaftlechem Plang agebonnen. Den Thierry Hinger huet sech a senger Promotiounsaarbecht mat dësem Phenomen auserneegesat. D'Renée Wagener huet sech mat him ënnerhalen.
-
De Phänomen vun der Gentrifizéierung gëtt iwwerall an Europa diskutéiert. Dohannert stinn och Konflikter tëschent soziale Gruppen. Den Antoine Paccoud huet um Beispill vu London iwwer dëse Phenomen gefuerscht an d'Renée Wagener huet sech mat him ënnerhalen.
-
De Lëtzebuerger Ethnolog, dee vun 1892 bis 1931 gelieft huet a besonnesch a Mëttelamerika aktiv war, ass bei eis relativ wéineg bekannt. Den Historiker Claude Wey huet seng kuerz, awer spannend Biographie nogesicht. D'Renée Wagener am Gespréich mam Historiker.
- Mehr anzeigen