Folgen
-
An dëser Folleg vu Picknick hunn ech e ganz spezielle Gaascht agelueden, an zwar den Tom Hecker, besser bekannt als Tatta Tom, oder Séraphine Mirage. Hien ass an de Medien, zumools bei eise rietse Politiker, an deene läscht puer Méint oft Thema gewiescht. Fir mech a mäin Team ass hien eng faszinant Perséinlechkeet mat ganz vill Häerz! Dovunner erzielt hien eis iwwregens och an dëser Episode.
Während dëser Episode schminkt sech den Tom währendeems ech him meng Froen stellen. Hien erzielt eis awer och, wéi hie mat Haass ëmgeet, wéi hien als Dragqueen zu Lëtzebuerg lieft a natierlech vu senge ville selwer geschriwwene Kannerbicher.
Dës Episod gëtt generéis vun Chaussures Léon ënnerstëtzt, wat eis besonnesch stolz a frou mécht. MERCI BEAUCOUP!
Eist Gedrénks goufe frëndlecherweis vun Ortea ugebueden – den Icetea schmaacht esou lecker a gouf vu jonke gegrënnt- Ënnerstëtzt är Lokal Entreprisen! Zumools wann et och sou gutt schmaacht.
-
🎙 Cet épisode de "Picknick" sera en français, spécialement pour mes auditeur·rice·s francophones.
Aujourd'hui, j'ai l'honneur d'accueillir la talentueuse Morena, fondatrice de Morena Couture ✂️👗. Elle nous plonge dans son univers de créations uniques et partage avec nous ses projets, ses inspirations, et bien plus encore ✨. Femme passionnée et créatrice hors pair, Morena ne cesse de repousser les limites de son art 🚀. Un échange captivant à ne surtout pas manquer !
Rejoignez-nous pour découvrir son parcours fascinant ! 🎧💫 -
Fehlende Folgen?
-
Och am August gëtt et keng Vakanz fir de Picknick Podcast! Fir déi heiten Episode hunn ech mir e ganz bekannte Filmregisseur an de Studio geholl an zwar de Jacques Molitor. Zu senge Filmer gehéieren ënner anerem grouss Realisatiounen wéi "Mammejong (2015) a Wolfskin (2022). Ech hunn de Jacques dierfe kenneléieren um Dréi vun der Promo fir de Pride Schampes vum Yaya a Collaboratioun mat Poll Fabaire. Nodeems mir zwee Wieder ausgetosch hunn, wosst ech direkt: De Jacques muss a mäi Podcast! Méi zu sengem Lafbunn a zu senge Projete kënnt dir hei lauschteren. Sidd gespaant a lauschtert eran. Merci a abonéiert och gären dëse Kanal 🥳
-
Déi heite Picknick Episode ass net sou wéi dir et vu mir gewinnt sidd. Dëst Kéier sinn ech an der Stad an treffen do de Ronny Scheid. Säin Doheem? D'Stroosse vun der Stad. Hien ass nämlech obdachlos an erzielt eis wéi et dozou komm ass a wéi hien säin Alldag meeschtert. Déi heiten Episode bedeit mir immens vill an ech si frou, dass ech de Ronny konnt kenneléiere fir een Abléck a säi Liewen ze kréien. Hien ass eng ganz léiwhärzeg Persoun.
Mäin Top ass iwwregens vum Ilit Sarkisian Merci 🌻
Ech wier frou, wann dir un d'Stëmm vun der Strooss spende kéint, well si maachen eng immens gutt Aarbecht. Followt dem Ronny gären och op Facebook. En ass do ganz aktiv.
Merci fir all Ënnerstetzung!
-
Welcome to the very first episode of our podcast in English! 🇬🇧In this special Picknick Episode, I had the pleasure of chatting with the amazing photographer and artist, Tanita. You can explore her incredible work on Instagram and Facebook 📸
In this episode, Tanita shares her journey to Luxembourg, her experiences in the art world, how we met, and gives us an exclusive look into her upcoming exhibitions and projects.
Additionally, we touch on a significant and heartfelt topic—the ongoing war in Ukraine. Many animals have lost their homes due to the conflict, and we want to take this opportunity to ask for your support. Please consider donating to the Shelter Domivka association to help these animals in need. 🐶
Donation Information:
IBAN: UA773052990000026006031017177 PayPal: [email protected]Tune in to this episode and stay tuned for more exciting content in the next one!
-
An dëser Episode geet et ëm gesond Ernährung a wéi een se am Alldag kann abauen. Duerfir hunn ech d'Ilda Calakovic ageluede wat op Instagram ënnert dem Numm @ke.ki.dieteticienne bekannt ass. Hat schafft als Dieteticienne zu Péiteng a konnt mir bei menger Enrährung scho ganz vill hëllefen. An dëser Episode verréit hat eis wéi eis Ernährung amfong funktionéiert an och op wat een alles oppasse kann fir e méi gesonde Lifestyle ze hunn.
Ech verspriechen iech, dass et interessant gëtt, mais virun allem och gesond! Vill Spaass beim Nolauschteren a bleift mir trei. Let's fetzzzz
Déi heiten Episode gëtt gesponsert vun Power-Foods J-M.B vu Koler. Kuckt gre bei hinnen laanscht, si selwer mega iwwerzeegt vun den Produiten. https://www.powerfoodsjmb.com/de/
-
An dëser Episode hat ech ee Picknick mat der D'Podcastqueen Ceci (Cecilia Said Vieira). Dat ganzt Gespréich huet sech sou ugefillt als hätt ech mat menger Enkelin geschwat. Richteg angeneem dir wäert et selwer héieren. 🥰
Nierwend sengen 2 Podcasten Ceci, Do You Love me an Kulturpur schafft hat als Freelancerin. Hat erzielt eis, dass et net sou einfach ass, mais trotzdeem ass et déi richteg Entscheedung fir hat. Hat huet och een neit Hobby entdeckt an zwar Teppecher! Wéi leeft dat of an wéi fänkt een esou een aussergewéinlecht Hobby un?
Eppes wat mir och thematiséieren ass seng asbl an der hat schafft: GoldenMe! Si hëllefen eeler Leit bei der Digitaliséierung nozekommen. Dann muss ech selwer och eng Kéier bei si laanscht! 😅🫶
An... mir hunn och nach een Iwwerraschungsgaascht zum Schluss vun der Episode 👀🌻
-
Liewe fir ze schaffen oder schaffe fir ze liewen? Sech des Fro ze stellen ass ee Privileeg, dee mir grad zu Lëtzebuerg - bei weitem net all - an awer, mei wei soss iergendwou hu bzw. kéinten hunn. An awer gëtt sech des Fro am Alldag schnell vergiess!
D’Nadine well wëssen, wat ass dann eng Work-Life Balance? An ween huet de Luxus sech des Fro iwwerhaapt kennen ze stellen? Fir dësen Picknick huet d’Nadine d’Maxime, Sozial Aarbechterin, ageluede fir e bëssen ze braddelen… Hei geet et em aner Liewensrealitéiten a wat et heescht säin Liewen ze Liewen ze kennen ouni dobäi d’Schlappen ze verléieren.
Freizeit? Frei Zeit? Oder dem nächste Plang hannendrun lafen? Kënnen mir eis Freizeit zu Lëtzebuerg iwwerhaapt leeschten? Froen iwwer Froen… Wat ass ear Meenung dozou?
-
An der éischter Folleg geet et mam Yaya queer duerch de Gaart!
Hei geet et vun der Long op d'Zong oder besser gesot vum Hearz op d'Zong... Déi zwee gi Lëtzebuerg e puer Denkustouss mat op de Wee wat et bedeit "liewen a liewe loossen" a firwat ee wësse muss wéini ee viru senger eegener Dier ze kieren huet. Firwat wärend dem Musekspräis Leit gemengt hu mam Fanger op de Yaya mussen ze weisen oder firwat d'Nadine och mol gearen mat engem Chrëschtbämchen verwiesselt gëtt a wei déi zwee domadder ëmginn, dat gitt dir hei gewuer.
Mat Ufank 30 oder Een 60 huet een aner Liewensrealitéite. Mee Alter hin oder hier, op online oder op der Strooss, Mental Gesondheet geet jiddereen eppes un an do soll et egal ginn op ee grad Loscht hat an d'Faarfdëppchen ze falen oder mat Glitzer duerch d'lëtzebuerger Gaassen ze slayen.
Firwat een och a faarwege Kleeder och introvertéiert ka sinn, net ëmmer de Clown op Knappdrock kënne spillen a firwat et och mol ganz flott ass een Date mat sech selwer ze hunn.
Voilà! Bevir mir eis lo hei scho verbraddelen... Dat an déi kleng knaschteg Detailer gitt dir an dëser 1. Folleg vu Picknick gewue!