Folgen
-
Fehlende Folgen?
-
D’ Colette Flesch kennt een als Politikerin, iwwert hire Passé als Kand huet si nach net vill geschwat.
Si ass 1937 gebuer, hire Papp de Robert Flesch wor e Lëtzebuerger. Hir Mamm, d’ Madeleine Alexandre hat bis zu hirem Mariage déi franséisch Nationalitéit - a si wor Jüddin. Den 10te Mee 1940 ass zu Lëtzebuerg d’Populatioun aus de Südgemengen evakuéiert ginn. Matsen an deem Chaos ass d’Famill Flesch an Direktioun Frankräich geflücht. -
D’ Colette Flesch kennt een als Politikerin, hire Passé als Kand huet si nach net vill erzielt. Si ass 1937 gebuer, hire Papp de Robert Flesch wor e Lëtzebuerger. Hir Mamm, d’ Madeleine Alexandre hat bis zu hirem Mariage déi franséisch Nationalitéit - a si wor Jüddin. Den 10te Mee 1940 ass zu Lëtzebuerg d’Populatioun aus de Südgemengen evakuéiert ginn. Matsen an deem Chaos ass d’Famill Flesch an Direktioun Frankräich geflücht.
-
Schonn am Fréijoer 1933 haten d’Nazien iwwert eng grouss Propaganda Campagne e Boykott géint jüddesch Geschäfter, Doktesch Praxissen, an Affekote Büroen ordonéiert. De “Geschäftboykott” a markéiert den Iwwergang op eng staatlech gelenkten antisemtitesch Verfollegung a Verdreiwung. Deemools wore nach 525.000 Judden an Däitschland. Dorënner och de Robert Simon a seng Famill. Si hu1935 Wiesbaden a Richtung Esch verlooss, matten an engem Klima wou rassistesch Gesetzer agefouert gi woren, déi de Geflüchten hir Rechter an hir Nationalitéit ofgeholl hunn.

D'Danielle an de Guy Aach sinn zu Lëtzebuerg als Geschäftsleit bekannt. Laang Joren hu si den Tapis Hertz geleet. Den Traditiouns- a Famillje Buttek ass 1946 vum Rodolphe Hertz a senger Fra opgemaach ginn, der Danielle Aach-Hertz hirem Monni an Tatta. Dat wor nom Krich. Virun der Nazi Besetzung zu Lëtzebuerg, ass dem Danielle Hertz hir Famill an Amerika ausgewandert, dees de Guy Aach, als Bëbee, mat sengen Elteren a Frankräich geflücht ass.
-
D' Danielle an de Guy Aach sinn zu Lëtzebuerg als Geschäftsleit bekannt. Laang Joren hu si den Tapis Hertz geleet. Den Traditiouns- a Famillje Buttek ass 1946 vum Rodolphe Hertz a senger Fra opgemaach ginn, der Danielle Aach-Hertz hirem Monni an Tatta. Dat wor nom Krich. Virun der Nazi Besetzung zu Lëtzebuerg, ass dem Danielle Hertz hir Famill an Amerika ausgewandert, dees de Guy Aach, als Bëbee, mat sengen Elteren a Frankräich geflücht ass.
-
De Gerd Klestadt huet als Kand d'Konzentratiounslager Bergen-Belsen iwwerlieft. Obwuel nach gequäält, gesäit hien d'Erënnerung un déi Zäit als Pflicht, jonke Generatiounen géintiwwer, a reest zanter 2001 uechtert Welt, a Schoulen, fir seng emouvant Geschicht ze verzielen, a fir doriwwer ze temoignéieren wat hien a seng jüddesch Famill tëschent 1936 a 1945 hu missten iwwert sech ergoe loossen.

Récits de Voix – Porteurs de Mémoire gëtt leschte Survivant'en vun der Shoah, dem Holocaust, d’Geleeënheet dat Onausdrécklecht ze verzielen, un déi Zäit ze erënneren, wou si als Kand vun de Nazien persekutéiert gi sinn.
All Episod ass eng geliewte Geschicht a Form vun engem Témoignage.
Parallel, gëtt den Historiker, Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung, a President vum Comité Auschwitz Lëtzebuerg, Marc Schoentgen Erklärungen zum Kontext vun der Zäit, an eventuelle Parallelen zu haut.
But ass Geschicht an Erënnerungskultur ze vermëttelen, ze sensibiliséieren, eduquéieren, a jonke Generatiounen ze hëllefen d’Shoah ze verstoen.
Mam Zil datt d'Affer vun der Shoah an d'Zäit vum Holocaust ni vergiess ginn. Dëse Podcast ass mat der Ënnerstëtzung vum Comité Auschwitz Luxembourg an der
Fondation Mazalbert - ënnert der égide vun der Fondation de Luxembourg - entstaanen -
D’Judden déi wärend dem 2. Weltkrich zu Lëtzebuerg gelieft hunn, waren etabléiert Lëtzebuerger Familljen, awer och zum Deel Immigranten, déi an den 1930er Joren aus dem Oste komm sinn, fir hei Protektioun virun den Nationalsozialisten ze sichen. 1.200 vun deene 4.000 Judden, déi hei am Land gelieft hunn, sinn an Duerchgangslager op Drancy, Westerbork, Fünfbrunnen, op Litzmannstadt an de Ghetto oder a Vernichtungslageren an Osteuropa deportéiert ginn. Nëmme ronn 50 Judden aus dem Grand-Duché hunn d’Lager lieweg verlooss. Haut léiert dir de Gaston Herz kennen, deem seng emouvant Familljegeschicht zu Lëtzebuerg am klénge Medernach ufänkt.