Folgen
-
2025 ass zu Frankfurt déi 23. Editioun vun der SightCity – där weltwäit gréisster Foire fir Hëllefsmëttel fir blann a sehbehënnert Leit.
Well Frankfurt net wäit ewech ass, weise mir gäre op dësen Datum hin. De Sascha Lang schwätzt an dësem Episod mat der Messeverantwortlecher Dagmar Krutzki, déi en Abléck an d’Organisatioun an d'Highlights vun der Foire gëtt. -
D’perséinlech Assistenz steet zënter Joren um politeschen Dagesuerdnungspunkt zu Lëtzebuerg.
Wäertvollt Liewen setzt sech besonnesch fir chronesch krank Leit an, datt si esou laang wéi méiglech doheem liewe kënnen. Am Koalitiounsaccord an am Aktiounsplang 2.0 ass d’Ëmsetzung nom Artikel 19 vun der UN-BRK festgehalen. Den 13. Mäerz 2025 organiséiert Wäertvollt Liewen e Colloque fir d’Wichtegkeet vun dësem Thema ervirzehiewen. Umelle kann ee sech iwwert "[email protected]". -
Fehlende Folgen?
-
Den 1.1.1999 gouf zu Letzebouerg d’Assuracen Dépendance agefouert
Wéi wichteg si ass, a firwat si eng Plaz am IGEL Podcast verdéngt huet, verroden d'Pascale Kolb an d'Sandrine Henriquet.
Helpline:
Allgemeng Froen:24786060
Technesch Hellefsmettel: 24786040 -
Selbstbestëmmt Liewen ass duerch d’ UNBRK (UN-Behindertenrechtskonvention) an de Fokus komm
Wéi ee kann selbstbestëmmt liewen? Dat ass eng vun de ville Missioune vum éischten an eenzegen Zentrum fir selbstbestëmmt Liewen zu Lëtzebuerg Den Zentrum gouf virun engem Joer zu Esch gegrënnt. Mam Tessy Oth an Angie Reuter geet Riets iwwer d'Aufgaben vum ZSL an hir Wichtegkeet. -
Knapps zwee Méint nom Enn vun de Paralympics zu Paräis invitéiert d'Lëtzebuerger Paralympesch Comité (LPC) op de Paralympics Days am Rehazenter.
Dësen Dag bitt eng exzellent Geleeënheet, fir d'Inklusioun am Sport ze feieren an sech iwwer d'Wichtegkeet vum paralympesche Sport zu Lëtzebuerg z'informéieren. An virun allem vir matzemaachen! Am Gespréich mam Mathis Finke vum Paralympesch Comité Lëtzebuerg hiert Dir wat d'Visiteuren op dësem speziellen Dag erwaart. Et gëtt eng Villfalt vun Aktivitéiten, dorënner Demonstratioune vu paralympesche Sportaarten, d'Méiglechkeet, selwer verschidden Disziplinnen auszeprobéieren, an d'Presentatioun vu inklusiven Sportprojeten. Een weidert Thema vum Gespréich war och de Projet "50+1 All Zesummen Sport Inklusiv". Dëse Projet fërdert d'Participatioun vu Mënsche mat Behënnerung am Sport a setzt sech dofir an, datt inklusiv Sportméiglechkeete fir jidderee zougänglech sinn. -
Dësen Episod beliicht déi emotional Aspekter vun dëser Decisioun
D'Suergen an Ängschten, déi d'Tatiana Kerg en Vue vun der Zukunft vun hirem Bouf hat, déi néideg Upassungen am Alldag an déi schwiereg Iwwerleeungen, déi si huet musse maachen. Et gëtt och thematiséiert, wéi den Dave selwer dësen Iwwergank erlieft huet, a mat wéi enge Schwieregkeeten, awer och positiven Entwécklungen, hien dobäi konfrontéiert gouf. -
De Cybathlon 2024 gëtt vum 25. bis den 27. Oktober an der Swiss Arena zu Kloten bei Zürich organiséiert, mat 80 Teams aus 26 Natiounen.
An dësem internationale Concours gi Pilot:innen mat Behënnerungen duerch nei Assistenztechnologien ënnerstëtzt. Nei Disziplinne sinn d'Intelligent Sehassistenz an d'Assistenzroboter, déi d'Inclusioun weider fërderen. D'ETH Zürich vernetzt Betraffener mat Fuerscher, fir Barrièren ofzebauen. Zousätzlech gëtt den Cybathlon gläichzäiteg op 8 anere Plazen weltwäit duerchgefouert. Mir schwätzen mam Anni Kern vun der ETH Zürich. -
De Collectif Dadofonic ass een Atelier Protégé, dee spezialiséiert ass op Art Visuel an Art sur Scène.
Zanter ville Jore sinn si Gaascht op villen Bünen hei am Land, an loosse Leit mat Behënnerung och den Dram vun enger Artistekarriär dreemen. Et ass méi wie just een Atelier Protégé. Dat erzielt de Gary Wirth, Encadrant bei Dadofonic vun der Ligue HMC. -
Quinzaine vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung
D'Quinzaine "Colors of Blindness" ass eng Initiativ vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung. Dës Aktioun soll d'Ëffentlechkeet fir d'Thema Blann- a Séibehënnerung sensibiliséieren. Nieft der Verdeelung vum traditionelle Kalenner gi wärend dësen 2 Woche Spenden gesammelt an Evenementer wéi "Unsichtbare Welten" am Mierscher Theater organiséiert. Mam Thierry Luthgen, Direkter vun der Fondatioun, geet riets iwwer d'Aarbecht an d'Aktivitéite vun der Fondatioun. -
E Schub fir de Parasport zu Lëtzebuerg? Ass et elo de Moment, wou méi Ënnerstëtzung an Opmierksamkeet gefuerdert muss ginn?
Mam Marc Schreiner (dem President vum Luxembourg Paralympic Committee) a Marc Kieffer (dem Sportdirekter vum LPC) schwätze mir iwwer hir Emotiounen a Gefiller, déi et zu Paräis goufen. Mir stellen och d’Fro no de Fuerderungen un d’Politik, Verbänn, Veräiner an d’Gesellschaft fir mat deem Schwong elo méi an den Parasport ze investéieren, an dëse Sportberäich méi eescht ze huelen. -
De Rigobert Rink, deen zanter méi wéi 20 Joer Tetraplegiker ass, deelt seng inspiréierend Geschicht mat Iech.
Trotz senger Behënnerung ass hien ëmmer aktiv bliwwen, a säi Motto "Ëmmer erëm opstoen" huet him gehollef, déi gréissten Erausfuerderungen ze meeschteren. Et geet ëm seng Motivatioun, wéi hien Hürden am Liewen iwwerwonnen huet, a seng Rotschléi fir aner Leit mat Behënnerungen. En Episod voller Inspiratioun an Kraaft! -
An dësem Episod beschäftege mir eis mat dësem groussen Event, den 12. an 13. Juli 2024 am Forum Geesseknäppchen
De Familljeminister Max Hahn, d'Christine Zimmer (Chargé de direction Info-Handicap), d'Michèle Stein (vum Ministère de la Famille), de Professor Traue (Uni.lu) an de Mathis Finke (LPC) sinn d’Gäscht an dësem Episod.
Mir gi méi genee op de Programm an, an héiere firwat et sech lount de Weekend an de Forum Geesseknäppchen ze kommen. -
Och hei am Land fueren all Joer vill Leit op Frankfurt op d’Sightcity
Dat ass weltwäit déi gréisste Foire fir Blann an séibehënnert Leit. D'Dagmer Krutzki vun der Sightcity huet wieder Informatiounen. -
D’Netzwierk këmmert sech ëm de Thema Inklusion, fir Spektateuren, Kulturschaffend, Acteuren awer och fir d’Kulturhaiser.
Am Gespréich mam Sascha Lang presentéieren d'Peggy Kind (Mierscher Kulturhaus), d'Elvira Mittheis (Cooperation Wolz) an Tom Leick (Staater Theater) dëst Netzwierk, seng Erausfuerderungen an Zukunftsperspektiven. -
Een Interview mam Shirley Feider am Kader vum Weltfraendag
Sie war bis 2023 d'Präsidentin vun ALAN, ass Member an der Inclusiounkommissioun zu Mamer, an steet hir Fra an enger nach net ganz inklusiver Welt. Mir werfen an eisem Interview och ee kuerze Bléck op de Bilan vum Plan d’Action vun de Maladies Rares, deen de 6. Mäerz 2024 presentéiert gouf. -
Zanter enger Zäit gëtt et d’Netzwierk Mosaik Kultur Inklusiv. Initiator dovu war d'Mierscher Kulturhaus.
Bei dësem Netzwierk geet et net just nëmmen drëm Veranstaltungen accessibel ze gestalten, mä och Kënschtler mat Behënnerung zu fërderen. An dësem Episod schwätze mir iwwert dëst Netzwierk, a beschäftegen eis haaptsächlech mam Ensemble Blancontact. Invitéiert sinn: Annick Puetz, Giovanni Zazzera, Ensemble BlanContact an Peggy Kind, Kulturhaus Miersch an Netzwierk Mosaik Kultur Inklusiv. -
Wéi geet et der Brailleschrëft? Dat freet ee sech 199 Joer no hirer Entwécklung duerch de Louis Braille.
De Reiner Delgado an d'Sonja Schmidt schaffe beim Däitschen Blannen- a Sehbehënnerteverband op nationalem an Europäeschem Niveau, fir d’Promotioun an d’Weiderentwécklung vun der Brailleschrëft. - Mehr anzeigen