Episodit
-
D’Affär Lyhanna huet déi lescht Wochen a Frankräich héich Welle geschloen. Dat jonkt Meedche gouf – warscheinlech - vum Papp vun enger Frëndin entféiert an ëmbruecht. Engem Mann, géint deen et virdru scho vill Plainten a Signalementer bei der Justiz gouf wéinst Abus sexuels a Viol vu mannerjärege Meedercher, géint deen awer ni eppes ënnerholl gi war. Éier esou e Fall bei der Justiz lant, muss e fir d’éischt awer mol gemellt ginn – an do kommen ënner anerem d’Schoulen an d’Spill – déi eng wichteg Roll am Detektéieren a Signaléiere vun esou Verdachtsfäll anhuelen. D’Florence Gerges, Psychologin an der Schouldirektioun vu Suessem, gëtt Erklärungen.
-
De Lëtzebuerger Extreemsportler start ëm Mëtternuecht d'Nordkap-Tarifa-Course queesch duerch Europa. E puer Stonne virum Depart ass hien eis aus dem Norde vun Norwegen zougeschalt.
-
Puuttuva jakso?
-
Béid Säiten hu virgëschter e prinzipiellen Accord ënnerschriwwen, mee haut sinn nach weider Gespréicher an der Schwäiz geplangt. Mir kucken, wéi eng Froen nach musse gekläert ginn.
-
De Pit Walté huet sech de Programm fir eis ugekuckt.
-
Eis Korrespondentin Marie Billon analyséiert d'Resultat vun der Nowal a wat se fir d'Labour-Partei bedeit.
-
Zënter 2022 verginn den AusseministÚre an d'Chambre de Commerce e Label fir Entreprisen, déi sech engagéieren d'Mënscherechter ze respektéieren. Mir hu mat zwou vun hinne geschwat.
-
Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) huet e Reegelwierk publizéiert, dat hëllefe soll Texter esou ze formuléieren, datt se fir e méiglechst breede Public verstÀndlech sinn. D'Josiane Boever vum ZLS gëtt Explikatiounen.
-
Deen 2. Band vun der Liddersammlung mam Titel "Georgely" ass e StrÀifzuch duerch 200 Joer Lëtzebuerger Geschicht. De Georges Urwald huet d'Selektioun gemaach.
-
Lëtzebuerg erlieft déi zweet Hëtztwell bannent e puer Wochen. Wéi ongewéinlech ass dat? A mat wéi engen Temperaturspëtzten ass ze rechnen? Froen un de Meteorolog Luca Mathias
-
GĂ«schter Moien huet et am Gebai Jean-Pierre Welter vun der PrimĂ€rschoul zu JonglĂ«nster gebrannt. Wat bedeit dat fir d'SchĂŒler:innen? Froen un de Buergermeeschter Ben Ries
-
Ronn 600 Schëffer goufen 2025 am Hafen zu Mäertert belueden an entlueden. Den Total un Tonnen ass d’lescht Joer zeréckgaangen.
Wéi eng Roll spillt d’Banneschëfffaart an dësen Zäiten? A wéi een Impakt huet de Krich am Iran? Doriwwer huet de Serge Kesseler sech beim President vun der Société du Port de Mertert Raphaël Zumsteeg informéiert. -
D'Renovéierung vun der Rotonde 1 ass ofgeschloss. De Marc Clement erklÀert, wéi eng Evenementer an den nÀchste Méint do geplangt sinn.
-
Zweemol Gold, eemol SĂ«lwer an eemol Bronze - mat deem beandrockende Medailespigel sinn dâLĂ«tzebuerger vun der Weltmeeschterschaft am Sportkeelen zu Langenfeld an DĂ€itschland heemkomm. WĂ©i e StellewĂ€ert huet d'Keelen haut hei am Land a wat ass den Ănnerscheed tĂ«schent Keelen a Sportkeelen? Ănner anerem doriwwer schwĂ€tze mir mat de GoldmedailegewĂ«nner an der Disziplin Tandem Mixte: Martine Keller a Christian Junck.
-
Eisen Israel-Korrespondent Leonardo Kahn erkläert, firwat den Accord tëschent den USA an dem Iran an Israel ganz kritesch gesi gëtt.
-
Mir froen den David Angel vum OGBL, wéi d'Gewerkschaften d'Livreure wëllen ënnerstëtzen.
-
Bei enger Fussball Weltmeeschterschaft dobäi ze sinn ass fir vill Natiounen näischt aussergewéinleches méi. Et ginn awer Länner, fir déi ass et e besonneschen Ament. Bei dëser Editioun sinn dat ënner anerem den Irak, Haiti an déi Demokratesch Republik Kongo. Well wann hir Nationalekippen bei der WM um Terrain stinn, da léisst dat d’Awunner aus deene Länner fir op d’mannst 90 Minutte vill Suerge vergiessen. Wéi wichteg de Fussball fir eng ganz Natioun an hir Bevëlkerung ka sinn, dat weist eis de Jo Diseviscourt an engem klenge Bäitrag.
-
Nodeems hien d'lescht Joer beim bekannten Tomorrowland-Festival opgetratt ass, mécht dee jonke Lëtzebuerger DJ sech ëmmer méi en Numm an der internationaler Elektrozeen.
-
Et ass nach ee Mount bis zur Summervakanz. An eisem FrĂ€ie Mikro hei geheie mir schonn e BlĂ©ck no vir op dâRentrĂ©e. Vun Hierscht u mussen d'SchĂŒler:innen zu LĂ«tzebuerg nĂ€mlech mĂ©i laang an dâSchoul goen. D'Schoulflicht gĂ«tt vu 16 op 18 Joer erhĂ©icht. D'Zil wier, d'Zuel vun de Schoulofbriecher ze reduzĂ©ieren, huet den Educatiounsminister Claude Meisch am Hierscht 2021 annoncĂ©iert.DâIddi ass gutt, mee dâSchoulen hunn elo e grousse Problem, seet dâJudith Reicherzer, frĂ©ier Journalistin a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am LycĂ©e Aline Mayrisch.
-
D'Rousenzuucht war laang ZÀit e wichtege Wirtschaftszweig hei am Land. Eng Expo am Kierchbierger Central Park kuckt op déi Episod zeréck. Mir waren eis se zesumme mat der Céline Coubray vum Fonds Kirchberg ukucken.
-
Eise Korrespondent Philip Crowther huet deen éischte Match vum Iran mat verfollegt.
- Näytä enemmän